Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De Quarks & Co Moderator Ranga Yogeschwar huet Gebuertsdag!
https://moien.lu/hook-up-keyboard-to-android-phone/ free hookup clearance id

hannibal dating app

Den aus Lëtzebuerg stamenden Ranga Yogeshwar feiert haut säin 59.

pb dating
https://moien.lu/hook-up-keyboard-to-android-phone/ free hookup clearance id

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen

Matten an de Ruinen déi nach dämpen, Fässer déi verkuelt

What the Fakt: Virun 72 Joer gouf d‘Groussmamm vum Punk gebuer
https://moien.lu/hook-up-keyboard-to-android-phone/ free hookup clearance id

What the Fakt: Virun 72 Joer gouf d‘Groussmamm vum Punk gebuer

Si ass eng Ikon vun der Fraebewegung, a gëtt als

Fir geschwënn: Fest vun der Drauf an dem Wäin zu Maacher

Fir geschwënn: Fest vun der Drauf an dem Wäin zu Maacher

De Picadilly war, an d‘Fouer kënnt schonn déi nächst Woch. Dat heescht et ass wuel nach Summer, mee d‘Vakanze ginn op en Enn. E giedleche Moment an eng prächteg Geleeënheet fir sech zu Gréiwemaacher vum 7. bis den 9. September um „Fest vun der Drauf an dem Wäin“ ëmzekucken.

Et ass datt dann och schonn déi 69. Editioun, an dëst traditionellt Evenement fänkt och direkt mat engem Héichpunkt un: d‘Kréinung vun der Wäikinnigin am Sport- a Kulturzenter. Dat ass fir de Freidegowend 20 Auer, an eppes ass sécher, vun hei ass nach keen duuschtereg heem gefuer.

Samschdes geet an d‘Ëffentlechkeet, an ab 14 Auer gëtt et live Musek a masseg Animatioune. Um fréien Owend, esou eng Auer hallwer Aacht, geet et nees an d‘Hal, wou d‘Schowband „Parade“ fir uerdentlech Stëmmung suergen dierft. Um 22 Auer heescht et bei Musel ze goen…

DraufHei gëtt et dann dat traditionellt Freedefeier, iert et nees dierf zréck an d‘Hal goen, wou et bis spéit an d‘Nuecht mat Concerten an Animatioune viru geet. Sonndes geet de Spektakel ab 11.30 Auer weider. Concert an Animatioun bis 15 Auer, bedeit, datt ee beim Apero net muss presséiert sinn.

Um dräi Auer ass et dann awer Zäit fir de folkloristesche Cortège, deen dëst Joer ënnert dem Motto: Kondschafter um Tour, stattfënnt. Hunn déi Männer a Fraen dann hiren „Tour“ gemaach, gëtt et ab 18 Auer nees vill live Musek an Animatiounen. Dat sinn der gudder Grënn vill fir luussen ze goen.

Fir sech an aneren déi Freed net ze verdierwen, réit d‘Police alle Gäscht op den ëffentlechen Transport zréckzegräifen, oder wéinstens een an der Grupp ze hunn, dee sech just um Drauwejus, an net um zënftege Wéngche vergeet. Mat Kontrollen ass deemno ze rechen, also Uecht gedoen.

Nëtzlech Informatiounen: ëffentlechen TransportParking a NavettenEntréesbilljeeën – de komplette Programm a soss Wëssenswäertes.

Ähnlech Sujeten Drauwen, Gréiwemaacher, Musel, Wäikinnigin, Wäin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel