Search

You may also like

Ass den US-President e Rassist?
International Neiegkeeten

Ass den US-President e Rassist?

Dem Donald Trump seng via Twitter an der Welt verbreeten

Et mäht um Kierchbierg – 300 Schof ginn duerch d’Stroossen!
International Neiegkeeten

Et mäht um Kierchbierg – 300 Schof ginn duerch d’Stroossen!

Ronn 300 Schof hu sech, a Begleedung vun engem professionellen

De Boris ass fit wéi ee Metzleschhond…
International Neiegkeeten

De Boris ass fit wéi ee Metzleschhond…

Fir schlecht Nouvelle gëtt et kee perfekten Timing, a wie

Endlech nees feste Buedem ënnert de Féiss!

Schëff vu MSF & SOS-Méditérranée Ocean Viking bréngt d‘Migranten op Malta…

Endlech nees feste Buedem ënnert de Féiss!

Et dierf opgeotemt ginn: déi 356 Migrante vun der Ocean Viking hunn endlech nees feste Buedem ënnert de Féiss. No knapp 2 Wochen um Mier, konnten d‘ONGen Dokteren Ouni Grenzen (MSF) an SOS-Méditérranée zu Malta alafen.

Schëffer vun der Marine hunn d‘Migrante vun der Ocean Viking iwwerholl, nodeems sech sechs EU-Länner verflicht hunn – dorënner Lëtzebuerg – dës Mënsche bei sech opzehuelen. Déi waren tëscht dem 9. an dem 12. August aus véier „Nossschuelen“ virun der libescher Küst opgegraff ginn. Zanterhier huet d‘Ocean Viking op d‘Erlaabnes gewaart, en europäeschen Hafen ulafen ze dierfen.

Malta an Italien halen un hirer Politik fest an hu wéi mëttlerweil üblech, alles esou laang blockéiert wéi et méiglech war, fir dann um Enn awer de Realitéite Rechnung ze droen. Esou gouf ee Freideg op en Neits eng „Noutléisung“ fonnt. Et wier awer endlech un der Zäit datt ee sech an der Unioun op eng aner Prozedur am Ëmgang mat der Flüchtlingskris ze verstännegen. Esou geet et jo och net.

BuedemWéi d‘Flüchtlingen elo op déi sechs EU-Länner verdeelt ginn, dat ass Géigestand vu Gespréicher déi an der EU-Kommissioun gefouert ginn. Frankräich huet sech schonn emol verflicht 150 Leit opzehuelen. Vum Lëtzebuerger Ausseministère sinn nach keng konkret Zuele genannt ginn. Eis däitsch Noperen hunn och nach keng konkret Zuele genannt, hei gëtt op Bréissel verwisen.

D‘ONG Dokteren ouni Grenzen huet déi europäesch Staats- a Regierungscheffen opgeruff elo awer endlech e verlässleche Mechanissem op d‘Been ze stellen, mat deem dës onnéideg a belaaschtend Verzögerungen en Enn kréien. Si hunn och ugekënnegt, datt d‘Ocean Viking elo betankt, d‘Liewensmëttelreserven opgefëllt an den Equipage ausgetosch gëtt, iert et dann nees weider geet.

BuedemAus Italien koum dann och nach d‘Nouvelle, datt d‘Hëllefsorganisatioun „Mediterranea“ hiert Rettungsschëff „Mare Jonio“ schonn op Missioun geschéckt huet. Eng Noriicht déi vun der ONG Sea Watch via Twitter begréisst ginn ass. Si hunn hir „Sea Watch3“ nach net zréck op Missioun geschéckt, mee et wier een zouversiichtlech geschwënn nees a Séi ze stiechen.

mat indymedia/rom/ber/par/bru

Related topics Dokteren ouni Grenzen, Mëttelmier, Migratioun, MSF, Ocean Viking, SOS-Méditerranée
Next post Previous post