What the Fakt: De Led Zeppelin II Album gëtt haut 49 Joer al!
Bekannt ass d’legendär Rockgrupp Led Zeppelin fir Stairway To Heaven.
Bekannt ass d’legendär Rockgrupp Led Zeppelin fir Stairway To Heaven.
Zu Luerenzweiler entsteet grad den éischten „écohabitat senior“. Hei kënnen
Um haitegen Dräikinneksdag ginn net nëmmen d’Figure vun den dräi
Mëttlerweil ass et schonns déi 4. Editioun vum Festival atlântico, woubäi d’Musek aus Portugal besonnesch am Fokus steet an déi musikalesch Villfalt vum Süden zum Liichte bréngt. Kënschtler aus Brasilien, Portugal, Angola a Mosambik kommen an der Philharmonie zesummen a vereenent Sprooche, Traditiounen, sou wéi natierlech och hir facetteräich Musek.
Esou presentéiert de Festival ënnert anerem de passionéierte Jazz-Trio vum Kontrabassist Carlos Bica, sou wéidéi zäitlos Lidder voller Poesie vum Sergio Godinho. Voller Virfreed erwaart een dann och d’Fado-Sängerin Ana Moura a Bongas, eng liewend Legend an Identifikatiounsfigur aus Angola, déi scho virun 134 Joer bei eis zu Besuch war.
Als Optakt vum Festival atlântico leet den Ensemble Sete Lágrimas d’Kanner mat „La princesse mystérieuse“ an eng märchenhaft Welt. Um haitegen Donneschdeg wäert als Pre-Opening am Centre Culturel Portugais eeng éischte Concert vum Gittarsduo Mano a Mano ugebuede ginn.
©David Cachopo
© Lugdivine Unfer
© Vera Marmelo
© N’Krumah Lawson-Daku
© Frederico Martins
© Rita Carmo
Zil vum Festival atlântico ass et, de Räichtum vun der Kultur ze presentéieren an dem lusophone Publikum d’Dieren opzemaachen. Just duerch esou kulturell Erfarunge kënnen zwou Gesellschafte méi no bruecht ginn.