Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!

Um 18. November 1928 war d’Gebuertsstonn vun der bekanntster Figur

Fest vun der Natur op der Kockelscheier
Kultur Neiegkeeten

Fest vun der Natur op der Kockelscheier

E Samschdeg an e Sonndeg war op der Kockelscheier beim

Bei der Bréifdréieschgewerkschaft ass een „irritéiert“
Kultur Neiegkeeten

Bei der Bréifdréieschgewerkschaft ass een „irritéiert“

D‘Aarbechtskonditioune bei der POST Lëtzebuerg ginn ëmmer méi schlecht: net

Loscht op Kino? Dann ass dat eleiten dat richtegt fir dech! Festival CINÉAST

Loscht op Kino? Dann ass dat eleiten dat richtegt fir dech! Festival CINÉAST

Säit elo 2008 gëtt et de Festival vum zentral- an orientaleuropäesche Film, dee mir hei zu Lëtzebuerg als CINÉAST kennen.  E Festival dee mat senger 11. Editioun derzou bäidréit, déi kulturell Programmatioun räichhalteg ze gestalten.

Zanter senger Grënnung ass de Festival bestänneg gewuess, an och d‘Zuel vun de Visiteure léisst sech weisen. Esou hunn sech 2017 ronn 10.600 Leit esouwuel fir d‘Filmer, wéi och déi sëlleche Manifestatiounen, déi de Festival begleeden, interesséiert.

Et ass dann och eng Spezifizitéit vum CINÉAST Festival, an de Film-Programm eng grouss Auswiel un speziellen Evenementer mat anzebauen. Debatten, Musek, Fotosausstellung a villes méi gëtt en Marge vum Festival organiséiert. Evenementer als „déi“ Complementaritéit fir de Festival.

Sënn an Zweck ass et, d‘Zesummeliewen an den Echange ënnert dem Public ze fërderen. Et ass natierlech och eng ganz agreabel Aart a Weis d‘Kultur vun deene Länner ze entdecken, déi mat Filmer während dem Festival zu Lëtzebuerg wäerte vertruede sinn.

CINÉAST

100 Filmer

Déi 11. Editioun vum CINÉAST fënnt vum 4. bis den 21. Oktober statt. Aus cinematographescher Siicht sinn et 60 Spillfilmer a 40 Kuerzfilmer am Programm enthalen. Ze gesinn, nieft den zentrale Plaze vum Festival (Cinemathéik, Ciné Utopia, Abbaye Neimënster), kann ee sech vill Filmer och uechtert d‘Land ukucke goen.

Esou gëtt et Projektiounen am ale Kino zu Veianen, zu Miersch, Esch, Rëmeleng, a Munneref. Et gëtt esouguer e puer speziell Seancen am Kino „Achteinhalb“ zu Saarbrécken. Filmer ginn och an de Schoule gewisen: an der Europaschoul um Kierchbierg an zu Mamer, der „International School“ mee och am technesche Lycée zu Lëtzebuerg an zu Ettelbréck an der Akerbauschoul.

An dësem Joer zelebréiert de Festival CINÉAST de Centenaire vun der Onofhängegkeet vun de baltesche Staaten. An dësem Kontext gëtt besonnesch Lettland geéiert, firwat och sechs Filmer aus dësem Land eng besonnesch Plaz beim Festival zougesprach kruten. Et gëtt Invitéeën déi sech dem Public wäerte presentéieren, an e Concert vu „Polifauna“ an de Rotonden.

Vun allem just dat Bescht

Et sollt een op dëser Plaz ervirhiewen, datt sech de Festival CINÉAST op déi rezent Produktioune konzentréiert. Vill vun de Filmer si scho mat engem Präis ausgezeechent ginn, woubäi et och eng Rei „Klassiker“ gëtt, déi een dem Public net virenthale wollt.

Am Kader vum themateschen Zyklus: „Identitéiten“, ass de gréissten Deel u Filmer „Fiktioun“. Mee et gouf och eng Plaz fir Documentairen an Animatioun gelooss. Flott, an datt mécht dëse Festival an der Groussregioun eppes eenzegaarteg, d‘Filmer sinn (bis op wéineg Ausnahmen) nach ni zu Lëtzebuerg op der Leinwand gewise ginn. Et gëtt also wierklech eppes ze entdecken…

Während dem Festival trieden eng Rei Filmer an der „Kompetitioun“ un, an et gëtt dann och e puer Präisser. Esou de „Grand Prix CINÉAST 2018“, de „Spezial Präis vum Jury“, an de „Präis vun der Kritik“, dee vun ausgewielte Journalisten attribuéiert gëtt.

Wéi ee gesäit, et gëtt vill gutt Grënn sech dem Festival CINÉAST unzehuelen. Relax e wierklech gudde Film kucken, e flotten Owend mat Frënn op enger vun de ville „Partyen“ verbréngen, sech eng nei gastronomesch Siicht op Lettland oder un engem Debat deelhuelen. D‘Offer ass wierklech komplett. Alles ze gesinn dierft schwéier ginn, mee et ass jo kee Challenge…

Vill weider Informatioune fannt dir hei:

http://www.cineast.lu/2018/

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Abbaye Néimënster, Ciné Utopia, Cinémathéik, Festival CINÉAST, Filmfestival, Kino
Nächsten Artikel Virrechten Artikel