Search

You may also like

Gréng Franséisch Bulldoggen: Si kommen net aus dem All!
Kultur Neiegkeeten

Gréng Franséisch Bulldoggen: Si kommen net aus dem All!

Beim Ubléck vun dëse Biller kéint ee mengen, datt entweder

Belsch: Huddel mat der Souscriptioun fir Gesiichtsmasken
Kultur Neiegkeeten

Belsch: Huddel mat der Souscriptioun fir Gesiichtsmasken

Bei eisen Noperen huet déi belsch Entreprise „I‘ll be bag“

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer
Kultur Neiegkeeten

Explosioun um Waldhaff: Eise Premier an déiwer Trauer

Nom tragesche Virfall am Munitiounslager um Waldhaff weist eise Premierminister

Festival Cycliste Skoda Garage Serge Tewes: Ännerungen am Verkéier

Festival Cycliste Skoda Garage Serge Tewes: Ännerungen am Verkéier

D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Ëffentlechkeet, datt um Sonndeg, de 25. August 2019 duerch de „Festival Cycliste Skoda Garage Serge Tewes“, organiséiert vun der Associatioun „Sport a Fräizäit“ tëscht 8:00 an 20:00 Auer verschidden Ännerungen am Verkéier wäerte sinn.

Den Awunner an de betraffene Stroossen zu Zéisseng, déi hiert Gefier un dësem Dag brauchen, gëtt geroden sech ausserhalb vun der gespaarter Zon ze parken. Hei wäert nämlech de Stationement ab 8:00 Auer, respektiv ab 10:00 Auer verbuede sinn. D’Changementer fannt Dir op folgendem Plang:

Festival Cycliste

Wat d’Busser ugeet, esou ginn et bei der Linn 2 a 4 eng Rei Ännerungen:

  • Linn 2: A Richtung Kuelebierg ginn d’Arrêten Tubishaff, Rue de Leudelange a Boy Konen net ugefuer. Eng Ersatz-Haltestell gëtt um Kuelebierg op der Héicht vun den Haiser 46-50 installéiert. Den Terminus vun der Linn ass um Arrêt Antoine.
    • A Richtung Lampertsbierg fänkt den Tour beim Arrêt Antoine un. D’Haltestelle Boy Konen, Rue de Leudelange an Tubishaff ginn net ugefuer.
  • Linn 4: Zu Zéisseng falen d’Arrêten Am Eck a Rue de Leudelange quai 2 a Richtung Leideleng ewech a ginn duerch ee provisoreschen Arrêt op der Héicht vun den Haiser 318-320 an der Zéissenger Strooss, sou wéi dem Arrêt Rue de Leudelange quai 3 (Kuelebierg) ersat.
    • Zu Leideleng fiert de Bus déi aktueller Deviatioun, déi duerch ee Chantier bedéngt ass, mam Terminus um Arrêt 2 rue de Bettembourg.
Related topics Ëffentleche Transport, Festival Cycliste Skoda Garage Serge Tewes, Sport a Fräizäit, Verkéier, Zéisseng
Next post Previous post