Search

You may also like

Aus der Chamber: Dem enge seng Freed, ass deem anere säi Leed
Kultur Neiegkeeten

Aus der Chamber: Dem enge seng Freed, ass deem anere säi Leed

Et war gëschter vill Lass um Krautmaart, woubäi et ëm

Dës Kooperatioun soll d’Fuerschung zu Lëtzebuerg stäerken
Kultur Neiegkeeten

Dës Kooperatioun soll d’Fuerschung zu Lëtzebuerg stäerken

NVIDIA sinn zwar haaptsächlech fir hier Grafikkaarte bekannt, déi néideg

D‘LSAP wëll de Flüchtlingen d‘Liewen erliichteren a se Integréieren
Kultur Neiegkeeten

D‘LSAP wëll de Flüchtlingen d‘Liewen erliichteren a se Integréieren

Während Europa seng „Mënschlechkeet“ am Mëttelmier versenkt, Italien mat drastesche

Festival de Wiltz: Déi éischt Events fir 2021 sti fest!

Festival de Wiltz: Déi éischt Events fir 2021 sti fest!

Datt an dësem Joer och de Festival de Wiltz ausfält, ass duerch d’Pandemie verständlech. Op d’Evenementer vun 2021 kann ee sech awer elo scho freeën. D’Organisateure presentéieren nämlech elo scho verschidde Spektakelen, dorënner och de Concert vum britesche Museker Passenger.

  • Gipsy Kings – Samschdes, de 26. Juni 2021 um 20:30 Auer
    Mat Hits wéi „Hotel California“ oder „Bamboleo“ sinn Gipsy Kings weltwäit an d’Charts komm. Bis haut vermëttele si de Message vun der Gipsykultur a bleiwen mat 20 Millioune verkaften Alben weltwäit de meeschtverkafte Kënschtler fir Schallplacken an dësem Genre.


  • Mando Diao – Freides, den 2. Juli 2021 um 19:00 Auer
    Um Festival de Wiltz presentéiert d’Band Mando Diao säin neien Album BANG. De schwedesche Kultgrupp weist dobäi immens Energie, vill Perséinlechkeet, an eng fesselend Däischtert. Dobäi ass „Bang You Head“ den ultimative Party-Song vum Album, mat deem Dir Iech elo schonn op de Concert nächst Joer freeë kënnt.


  • Der kleine Drache Kokosnuss – Sonndes, de 4. Juli 2021 um 15:00 Auer a Méindes, de 5. Juli 2021 um 9:30 Auer (fir Schoulklassen)
    Bei dësem Musical fir Kanner hunn all Draachefans d’Méiglechkeet hir Helden hautno a live ze erliewen. De klenge Feierdraach, dat schlaut Stachelschwäin Matilda an den Draach Oskar briechen zesummen op eng besonnesch Aventure op, sangen an danzen virun enger mäerchenhafter Kuliss. Mat iwwer 5 Millioune verkaafte Bicher, zwee Kinofilmer an enger eegener Serie am däitsche Fernseh schwätze fir d’Fantasiewelt vum Ingo Siegner.


  • Passenger – Dënschdes, den 20. Juli 2021 um 19:00 Auer
    Zesumme mam Atelier presentéiert de Wëltzer Festival de gefillsvolle britesche Singer-Songwriter Passenger. De Mike Rosenberg, wéi en eigentlech heescht, ass scho mam Ed Sheeran duerch d’Welt getourt an ass iwwerall besonnesch fir den Hit „Let her go“ vun 2012 bekannt.

Ticketen a weider Informatioune ginn et ënnert www.festivalwiltz.lu.

Opmaacherbild: Passenger spillt um 20. Juli 2021 um Festival de Wiltz

Related topics Concert, Der kleine Ritter Kokosnuss, Festival de Wiltz, Gipsy kings, Mando Diao, Musék, Musical, Passenger, Programm, Wolz
Next post Previous post