Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi nei Vignetten 2018 si beim ACL ukomm
International Kultur Neiegkeeten

Déi nei Vignetten 2018 si beim ACL ukomm

Fir jiddereen deen och 2018 iwwert Schwäizer an éisträichesch Autobunn

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un
International Kultur Neiegkeeten

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un

Si hu geziddert, geléiert a geschweesst. A vir déi meescht

LCTO: Benefizconcert zugonschte vun de Special Olympics Lëtzebuerg
International Kultur Neiegkeeten

LCTO: Benefizconcert zugonschte vun de Special Olympics Lëtzebuerg

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO), d‘Stad Lëtzebuerg, d‘Arméi an

Berlin liicht – Déi 15. Editioun vum Festival of Lights

Déi däitsch Haaptstad erstraalt an engem ganz neie Liicht!

Berlin liicht – Déi 15. Editioun vum Festival of Lights
© Kelly Scholtes / moien.lu

Lights of Freedom – Ënnert dësem beréierenden an zugläich eeschten Motto huet um vergaangene Freideg, den 11. Oktober déi 15. Editioun vum Berliner Festival of Lights stattfonnt. Pünktlech um 19:00 Auer ass de Liichtspektakel, bei deem divers Gebaier an der ganzer Haaptstad beliicht goufen, konschtvoll beim Brandenburger Tor ageweit ginn.

A ganz Berlin verdeelt, sinn zeg Attraktiounen, Stroossen an historesch Plaze mat artistesche Projektiounen an engem neien Ausgesinn opgetrueden. Nach bis den 20. Oktober wäerten déi faarweg Beliichtungen all Dag vun 19:00 bis 24:00 Auer a ganz Berlin ze bestaune sinn.

Speziell fir den 30. Jubiläum vum Mauerfall huet ee sech ee ganz besonneschen Numm afale gelooss: Mat Lights of Freedom soll dës Woch d’Fräiheet zum Haaptthema ginn. Ma sou erschéngen zuelräich Gebaier den ganzen Owend iwwer am selwechte Liicht, wärend op ausgewielte Maueren eng kleng Liveshow vun e puer Minutte gebuede gëtt.

D’Westsäit vum Fernsehtuerm ass dann och dëst Joer den Ecran fir den Festval of Lights Award 2019. Hei dierfen international Kënschtler weise wat se sou am Beräich Videomapping drop hunn.

Fir ee klengen Androck vum Spektakel ze kréien, kënnt Dir gären uewen duerch d’Billergalerie klicken.

Ähnlech Sujeten Attraktiounen, Berlin, Berliner Mauer, Festival of Lights, Lights of Freedom, Liichtspektakel, Mauerfall
Nächsten Artikel Virrechten Artikel