Search

You may also like

Justiz an Datesécherheet ginn net Hand an Hand
Kultur Neiegkeeten

Justiz an Datesécherheet ginn net Hand an Hand

Nodeems Mediahuis iwwert eng exklusiv awer detailléiert Asiicht a bei

surprise
Wéi ee Schutz gëtt et fir Kommunalpolitiker?
Kultur Neiegkeeten

Wéi ee Schutz gëtt et fir Kommunalpolitiker?

Bei der Sëtzung vum Syvicol an der Märei zu Lëtzebuerg,

Den Dan Kersch bei de Special Olympics World Summer Games zu Abu Dhabi
Kultur Neiegkeeten

Den Dan Kersch bei de Special Olympics World Summer Games zu Abu Dhabi

Vergaangene Weekend huet de Sportminister Dan Kersch zu Abu Dhabi,

Festival vun de Migratiounen: d‘Editioun 2021 fënnt virtuell statt

Festival vun de Migratiounen: d‘Editioun 2021 fënnt virtuell statt

Et war scho virun ee puer Wochen duerchgedrongen, datt opgrond der sanitärer Situatioun, déi 2021er Editioun vum „Festival des Migrations, des Cultures et de la Citoyenneté“ dëst Joer net kéint wéi gewinnt an den Hale vun der LuxExpo um Kierchbierg stattfannen.

Déi 38. Ausgab vun dësem, grad esou faarwege wéi interessante Festival, gëtt an de virtuelle Raum verluecht. De Festival vun de Migratioune fënnt folgerichteg vum 5. bis de 7. Mäerz „online“ statt. Den Organisateur CLAE, hält awer och bei dëser aussergewéinlecher Editioun un de wichtege Grondsätz vum Festival fest: Kultur, Diskussiounsronnen, Austausch… Dat dann awer am Netz.

Wann et kee „live“ Festival huet, gëtt et och keng live Concerten. De kulturellen Deel assuréieren dëst Joer Radio Latina. De Showcase gëtt vum Ana Goncalves an der Emissioun „Regresso a Casa“ presentéiert. Fir déi kulturell Ouverture vum Festival um Freideg 5. Mäerz, sinn déi Lëtzebuerger Museker/innen: Manuela Ruffolo, Jorge Trinidade an d‘Modestine Ekete ageluede ginn.

Den offiziellen an esou och de politesche Start vum Festival gëtt et ee Samschdeg 6. Mäerz um 15 Auer iwwerdroen. Hei gëtt et dann déi traditionell Riede vun de Vertrieder vum CLAE. Natierlech soll sech och d‘Politik äusseren an dofir sinn ageluede ginn: d‘Familljeministesch Corinne Cahen, d‘Kulturministesch Sam Tanson an de Maurice Bauer als Vertrieder vun der Stad Lëtzebuerg.

D‘Héichpunkten

Am Kontext vun der virtueller Editioun vum Festival vun de Migratiounen, gi véier Debaten organiséiert, déi sech mat gesellschaftlechen Theme befaassen. Beim éischten Debat, deen op e Freideg de 5. Mäerz um 18.30 Auer geluecht ginn ass, geet et ëm de Logement, an hei kann en dann dem Logementsminister Henri Kox nolauschteren, wéi hien abordabele Wunnraum schaffe wëll.

Den zweeten Debat gëtt et e Samschdeg um 16 Auer: hei soll dann dat neit Integratiounsgesetz presentéiert ginn. Et sollen awer d‘Sujeten: Diskriminatioun a Regularisatioun behandelt ginn. Direkt am Uschloss (also mat enger kultureller Paus) geet et um 18.30 Auer mam Covid19 a senge psychologesche Repercussioune weider. E Sonndeg um 14 Auer dann de leschten Debat, hei gëtt sech der Reform vum Gesetz zu de Veräiner (Asbl) ugeholl. Alles duerchaus interessant Themen.

Um Sonndeg gëtt et dann och nach eppes Literatur. Vu 16 Auer un steet déi literaresch Begéinung „Le Temps Suspendu“ un. Dësen Event gouf zesumme mat der de „soirées Millefeuilles“ vum Haus vun den Associatiounen organiséiert. Déi divers Interventioune gi vu musikalesche „Pause“ auserneegehalen. Uecht gedoen, fir un dësen Evenementer deelzehuelen, muss ee sech aschreiwen.

Related topics CLAE, Familljeministère, Festival vun de Migratiounen, Integratioun, Migratioun
Next post Previous post