Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Kalifornien: Gudde start an d‘neit Joer mat legalem Cannabis
plenty of fish single dating most used dating site in america

job dating credit agricole centre est

„Mir sinn ganz opgereegt an och ee bësschen nervös. Et

https://moien.lu/nadech-dating-yaya/
plenty of fish single dating most used dating site in america

De Vermummungsverbuet, erkläert

Dëse Méinden huet de Justizminister Felix Braz (déi gréng) eng

surprise
Editorial: Jugendlecher muss een direkt uschwätzen, fir se politesch ze motivéieren
plenty of fish single dating most used dating site in america

Editorial: Jugendlecher muss een direkt uschwätzen, fir se politesch ze motivéieren

De Gemengewahlkampf leeft haut offiziell un. A wéi bei all

Festnam vum Tilly Metz an der Belsch

Festnam vum Tilly Metz an der Belsch

No enger Protestaktioun um belsche Militärstëtzpunkt „Kleine Brogel“ ass d’Europadeputéiert Tilly Metz festgeholl ginn. Zesumme mat aneren Aktivisten huet si d’Startbunn vum Militärfluchhafe besat, fir esou een Zeechen ze setzen an den Ofzuch vun US-amerikaneschen Atomwaffen an Europa ze fuerderen.

Duerch dëse Virfall hunn déi Lénk ee Statement verëffentlecht, bei dem d’Deputéiert David Wagner a Marc Baum sech zur Festnam vun der grénger Europadeputéierter äusseren. Sou bestätegen si d’Festnam duerch d’Protester géint d’Opkënnegung vum INF-Vertrag a géint d’Lagerung vun Atomwaffen an Europa. D’Deputéiert vun déi Lénk ënnerstëtzen de Protest géint déi unhalend Militariséierung an, an ausserhalb vun Europa. Dobäi begréissen si, datt elo souguer eng gréng Politikerin sech dëser destruktiver Entwécklung entgéint setze well.

Nach méi erfreet wire si allerdéng, wa weider gréng Politiker zu Lëtzebuerg sech mam zivilen Ongehorsam der nationaler Oprëschtungspolitik widdersetze géifen. An de vergaangene Joer gouf et keng kritesch Stëmme vu Säite vun de Grlngen an der Chamber ze héieren, wéi de Militärbudjet ëm 50% erhéicht ginn ass. Dat selwecht gëllt fir Militärtransporter, Tankfligeren, Kommunikatiouns- an Iwwerwaachungssateliten.

Och den neie grénge Verdeedegungsminister (an ehemoolege Friddensaktivist) François Bausch hält um Oprëschtungsplang vun der Verdeedegung bis 2025 fest. Dofir fuerderen d’Deputéiert d’Liberatioun vum Tilly Metz, well hiren Zivilcourage gebraucht gëtt. Um kommenden Donneschdeg, den 28. Februar gëtt sech an der parlamentarescher Verdeedegungskommissioun, ënnert der Leedung vun der grénger Presidentin, iwwert de Gesetzesprojet 7325 zu den internationalen Auslandsasätz vun der Lëtzebuerger Arméi beroden.

Dëst Gesetz bedeit nämlech ee radikale Broch mat der Lëtzebuerger Aussepolitik vun de leschte Joerzéngten: zukünfteg soll d’Arméi och ouni UN-Mandat am Ausland aktiv kënne ginn an hir Missioun gëllt net méi virrangeg der „Erhalung vum Fridden“. Dobäi widderhuelen déi lénk Deputéiert nach emol, datt mir engagéiert Friddenskämpferinnen, wéi d’Tilly Metz brauchen, fir dem aktuelle Verdeedegungsminister de Kapp ze wäschen!

Och de Christophe Hansen vun der CSV huet sech op der Social Media Plattform Facebook folgendermoossen ëffentlech zu Wuert gemellt:

„Festnam vum Tilly Metz – ass et wierklech responsabel fir eis Forces de
l’ordre an Otem ze halen fir seng Wahlcampagne ze lancéieren?

Ech soe ganz kloer nee well och e Politiker steet net iwwert dem Gesetz! Et ass irresponsabel d’Justiz, d’Police an d’Defense fir säi politeschen Marketing als Geisel ze huelen. Déi Instanzen hu méi wichteg Missiounen ze erfëllen wéi 3 Exeuropadeputéierten bei hirem politeschen Aktivismus an enger gespaarter Zone militär hannendrun ze lafen.

A politeschen Aktivismus ass et, well nëmmen e puer Minutten no der Noriicht dat déi 3 Dammen am Garde-à-vue wieren war de Communiqué vun der Madamm Metz och schonn um RTL Site. Ech ginn dervun aus dat deen net aus dem Garde-à-vue geschéckt gouf….

Mir sinn eis eens dat mir keng Chemesch- a keng Atomwaffe wëllen. Mee ee responsabelen Majoritéits Politiker misst wëssen dat et aner Weeër gëtt wéi Polizisten als Statisten fir säi perséinleche Marketing ze mëssbrauchen.

Ech erënneren drun dat den Här Bausch Verdeedegungsminister ass an den Här Braz d’Justiz zu senge Responsabilitéiten an dëser Regierung zielt. Ass doraus d’Conclusioun ze zéien dat déi Gréng an d’Regierung dës Aktioun guttheeschen?“

Geet ee verschiddene Medien no, esou huet eng Spriecherin vun de Grénge confirméiert, datt d’Tilly Metz, wéi och aner Deputéiert um Mëttwoch Nomëtteg nees fräigelooss gi sinn. Heibäi hu si vun hirer parlamentarescher Immunitéit profitéiert.

Opmaacherbild: © déi Gréng

Ähnlech Sujeten Atomwaffen, Festnam, François Bausch, Lëtzebuerger Arméi, Militär, Oprëschtung, Prisong, Tilly Metz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel