Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
gay dating app france reza farahan dating

https://moien.lu/high-school-hook-up-download/

Et ass en anere Festival, wéi een dat soss hei

https://moien.lu/dating-online-uk/
gay dating app france reza farahan dating

Dräi Doudeger bei Ugrëff op Stroossbuerger Chrëschtmaart

E puer honnert Membere vun de Sécherheetskräfte waren iwwert déi

Däitschland stellt sech wéinst IG-Metall op ongemittlech Zäiten an
gay dating app france reza farahan dating

Däitschland stellt sech wéinst IG-Metall op ongemittlech Zäiten an

Déi mächteg IG-Metall, déi gréissten däitsch Gewerkschaft, huet haut de

Fête de la Musique 2017 – E feste Rendez-Vous

Fête de la Musique 2017 – E feste Rendez-Vous

Och dëst Joer huet d’Diddelenger Gemeng bei der Fête de la Musique eng sëllech Artisten empfaangen. Dorënner Talenter wei den jonke Gittarist Kevin Heinen, d’Lëtzebuerger Studenteband „Tuys”. Mee och „De Läb” an déi däitsch Countryband „Mighty Oaks” hunn en national an international Public begeeschtert.

Eng brillant Iddi

Bei der Fête de la Musique zu Diddeleng geet et mol eng kéier net dorëms, sou vill wei méiglech Suen an d’Gemengekees ze kréien. Et ass villméi eng Chance fir jonk, lokal oder méi alternative Museker eng Bühn fir hir Performance ze bidden an sou méi onbekannt oder heiansdo och vergiesse Museker ze vereenen an eng kleng Stad an e Festival ze verwandelen.

Déi brillant Iddi fir dat ganzt hat de M. Jack Mathieu Émile Lang, deen 1981 Minister fir Kultur a Frankräich ginn ass. Hien an den deemolegen Direkter Maurice Fleuret, vu Musek an Danz, hunn sech gefrot, wei een déi Mass un jonken Talenter un de Public kritt. Eng franséisch Studie hat bewisen, datt bal all zweet Kand doheem en Museksinstrument spillt.

Dunn 1982 ass fir déi éischte Kéier zu Paräis d’Fete de la Musique ofgehale ginn.

International Expansioun

Haut ass d’Fête de la Musique en internationalen Event, deen an iwwer 700 Stied an 120 Länner ënnert dem Homophone „Faites de la musique!“, „Maacht Musek“ gefeiert gëtt, dorënner si China, Indien, Däitschland an Italien mee esouguer an Russland, am Ecuador an a Japan ass d′Fest dee Leit e Begrëff.

D’Haaptaufgab vum Staat ass bei der ganzer Aktioun dofir ze Suergen, datt Amateuren a professionell Museker hir Zäit ouni finanziell Gedanken zur Verfügung stellen. Sou soll dem Public eng grouss Varietéit u Musek gebuede ginn. Dobäi kennt, dass all d′Concerte solle fräi accessibel sinn an dat fir jiddereen.

An deem Kontext ass dann och lo zu Diddeleng, fir déi 24. Kéier gerockt ginn. An dat an der ganzer Avenue Grande-Duchesse Charlotte an an der Rue de la Liberation op 11 verschiddene Bühnen. Um 1 Auer Nomëttes hunn déi éischt Band’s ugefaange mat spillen, iwwert de ganze Metten. Sou konnt een sech zum Beispill beim bekannten Diddelenger Cafe „Why Not“ inklusive Stage nach en gudde Béier plus Grillwurscht gënnen an da mat gudder Stëmmung déi lescht Sonnestrale genéissen. Bis um 3 Auer no Mëtternuecht schonn erëm alles fäerdeg war.

All Generatiounen ugeschwat

Fir elo alles en Revue ze passéieren, kann ech mol behaapten, dass dat wat ech dëst Joer zu Diddeleng vun der Fete de la Musique gesinn hunn en ganz uerdentlechen Androck gemaach huet. Et ass schéin ze gesinn, datt an esou engem Kader all D’Generatiounen an all Gesellschaftsschicht zesummekënnt fir d′Musek ze genéissen.

Trotzdem gëtt et en klenge Kritikpunkt. An dat wier de massege Verbrauch vu Plastik an Zerwéiten, déi ee wuertwiertlech op Schrëtt an Trëtt begleet hunn. Et ass net nëmmen nerveg déi ganzen Zäit an anere Leit hiren Iessensreschter ze trëppelen. Nee, et werft och en schlecht Liicht op déi Responsabel. Wat jo net an hirem Interêt ass, obwuel de Problem mat genuch Dreckskëschten einfach ze behiewe wier.

Ähnlech Sujeten Fête de la musique, Kultur, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel