Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schéisserei zu Dallas – 22 Joer jonken Täter erschoss!
International Neiegkeeten

Schéisserei zu Dallas – 22 Joer jonken Täter erschoss!

Gëschter Moien huet de maskéierte Brian Isaack Clyde am Earle

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot
International Neiegkeeten

Gutt gefëllten Dagesuerdnung fir de Jean Asselborn beim EU-Ausseministerrot

Um Méindeg huet de lëtzebuergeschen Ausseminister zu Bréissel um EU-Ausseministerrot

Spuenien: d’Entmuechtung vun der katalanescher Regierung
International Neiegkeeten

Spuenien: d’Entmuechtung vun der katalanescher Regierung

Déi spuenesch Regierung huet rabiat Moossname geholl fir ze verhënneren

Fête de Wallonie: De Xavier Bettel iwwert Europa an d’Digitaliséierung

Fête de Wallonie: De Xavier Bettel iwwert Europa an d’Digitaliséierung
(v.l.n.r.) Elio Di Rupo, Xavier Bettel © ME
Fête de Wallonie: De Xavier Bettel iwwert Europa an d’Digitaliséierung
(v.l.n.r.) Elio Di Rupo, Xavier Bettel © ME
Fête de Wallonie: De Xavier Bettel iwwert Europa an d’Digitaliséierung
Xavier Bettel © ME
Fête de Wallonie: De Xavier Bettel iwwert Europa an d’Digitaliséierung
Xavier Bettel © ME
Fête de Wallonie: De Xavier Bettel iwwert Europa an d’Digitaliséierung
(v.l.n.r.) Gauthier Destenay, Elio Di Rupo, Denis Mathen, Xavier Bettel, Arlette Conzemius © ME
Fête de Wallonie: De Xavier Bettel iwwert Europa an d’Digitaliséierung
(de g. à dr.)

Op Invitatioun vum wallounesche President Jean-Claude Marcourt huet um vergaangene Samschdeg eise Premierminister Xavier Bettel un der Fête de Wallonie am Théâtre Royal vun Namur deelgeholl. Bei der offizieller Zeremonie am wallounesche Parlament duerft de Minister Bettel eng feierlech Ried halen.

Esou huet de Premier op der Fête de Wallonie matgedeelt, datt Lëtzebuerg a Wallounien eng enk Relatioun hunn an eng gemeinsam Vergaangenheet deelen. „Mee virun allem ass et eng Relatioun mat vill Kooperatiounspotential fir d’Zukunft“, sou de Xavier Bettel. Dobäi wier et eng wichteg Erausfuerderung déi mënschlech Ressourcen un déi zukünfteg Ekonomie unzepassen. Heizou gehéiert och d’Digitaliséierung, déi op eiser aller Engagement berout, sou datt dës drëtt industriell Revolutioun erfollegräich gemeeschtert ka ginn.

„An dësem Joer, an deem mir den 80. Joresdag vum Ufank vum Zweete Weltkrich gedenken, a geschwënn och de 75. Joresdag vun der Ardenneschluecht, ass et wichteg drun ze erënneren, datt mir et säithir gepackt hunn an Europa Fridden opzestellen“, sou de Premier. Weider ënnersträicht hien, datt een et net fir selbstverständlech an dauerhaft dierf ophuelen, wat mir bis elo an Europa realiséiert hunn. Och wa verschidde Leit engem d’Impressioun vermëttelen, datt een och ouni d’Unioun bestoe kéint, esou bleift de Minister weiderhin iwwerzeegt vun Europa.

De Xavier Bettel versteet d’Frustratioun vun alle Persounen, déi d’Unioun duerch lues Reforme kritiséieren. Trotzdeem gëtt et ëmmer ee Progrès an et dierf een nimools d’Gedold an d’Determinatioun verléiere, fir seng Ambitiounen ze verwierklechen.

Bei senger Visitt zu Namur huet de Minister Bettel d’Geleeënheet genotzt, fir sech och mam Minister-President vun der wallounescher Regierung, dem Elio Di Rupo ze treffen. Och hei huet hien déi gutt Bezéiung tëscht dem Grand-Duché a Wallounien ervir gehuewen, sou wéi och, datt een an Zukunft weiderhi kollaboréiere misst.

De Rescht vum Dag konnt de Minister mat vill Euphorie op de Festivitéiten an de Stroosse vun Namur verbréngen.

Ähnlech Sujeten Digitaliséierung, Elio Di Rupa, Europa, Fête de Wallonie 2019, Premierminister, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel