Search

You may also like

Klimaplang Lëtzebuerg: 20 Euro fir all Tonn CO² déi ausgestouss gëtt
Neiegkeeten Sport

Klimaplang Lëtzebuerg: 20 Euro fir all Tonn CO² déi ausgestouss gëtt

Genee eng Woch no der Virstellung vum Klimaschutzgesetz, huet de

COVID-19: Onnéideg Auslandsreesen ginn ofgeroden
Neiegkeeten Sport

COVID-19: Onnéideg Auslandsreesen ginn ofgeroden

De Lëtzebuerger Ausseministère réit dovun of, onnéideg Reesen an d’Ausland

Virun 155 Joer hunn d’Amerikaner de Sklavenhandel ofgeschaaft
Neiegkeeten Sport

Virun 155 Joer hunn d’Amerikaner de Sklavenhandel ofgeschaaft

Am leschte Joerhonnert (1950) hunn People of Color net dierfen aus

27. Oktober: FFW Coupe Alpina

27. Oktober: FFW Coupe Alpina

Déi ganz Equipe an d‘Supporter vun der Fine Fléche Walfer, lueden all Sportsfrënn op hire Tournoi „Coupe Alpina“ an, deen dëse Sonndeg 27. Oktober an der Sportshal zu Walfer ausgedroe gëtt. Et ass en internationalen Tournoi, an d‘Bouschéisser aus der Belsch, Däitschland, Frankräich an esou guer aus Holland sinn hei, nieft alle Lëtzebuerger Clibb mat um Start.

Fir gutt Laun, e gudde Maufel a Gedrénks ass gesuergt.

Ab 09.00 Auer kann een de Sportler bei hirer Virbereedung op de Bou kucken, géint 10 Auer gëtt et dann awer eescht. No der Mëttespaus (géint 14 Auer) geet et da virun an um 17 Auer kréien déi Bescht hir Präisser iwwerreecht.

Bouschéissen ass zudeem wäitaus méi wéi nëmme mat Feiler Lächer a Scheiwe schéissen. Et ass eng ganz uspriechend Sportaart, déi villes matenaner verbënnt. Et bitt sech fir bal all Altersklass un, mat der Natur ass een och verbonnen, an déi grouss Frëndschaft tëscht de Veräiner an den eenzele Bouschéisser ass echt. Just virwëtzeg oder scho begeeschtert? Ma da kommt och dir e Sonndeg op Walfer, a feiert är Favoritten un.

Related topics Bouschéissen, Coupe Alpina, FFW, Fine Flèche Walfer, Walfer
Next post Previous post