Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Impeachment: Déi „orange“ Säit schléit zréck
Neiegkeeten

Impeachment: Déi „orange“ Säit schléit zréck

An engem Schreiwes dat haut vum Wäissen Haus publizéiert ginn

money
OECD wëll de Konzerner Steieren ofverlaangen
Neiegkeeten

OECD wëll de Konzerner Steieren ofverlaangen

Villes ass nach net gewosst, dofir schéngt geséchert datt déi

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?

Beetebuerg kennt all Kand – ënnert anerem wéinst dem Mäerchepark.

FICOS plënnert wäit erop – an zwar op Ëlwen!

Ee super Beispill fir 'Wiederbeliewung vun ehemoolege Fortis-Agenturen

FICOS plënnert wäit erop – an zwar op Ëlwen!

Am Joer 2018 huet d’Lëtzebuerger Bank BNP Paribas ugekënnegt, datt si op Wäisswampech plënneren. Dës Geleeënheet huet Ficos, digitalen Expert beim Bau, net verpasst. Mat enger steeteg wuessender Unzuel u Clienten, sou wéi Personal a Produiten misst een neit Doheem fir d’Entreprise fonnt ginn.

Um Freideg, de 15. Mäerz 2019 ass esou d’Aweiung an den neie Raimlechkeete gefeiert ginn. Mat dobäi war de Buergermeeschter vun Ëlwen, den Edy Mertens, sou wéi hir trei Clienten an d’Famill. A festlecher Atmosphär huet d’Ekipp hir Gäscht mat engem Buffet an erfrëschendem Gedrénks begréisst.

ficos

Gesäit dat net herrlech aus?

Richteg investéiert

Mat enger interessanter a motivéierender Ried huet den Udo Linden, Direkter vun der Linden-Grupp, déi zu Ficos gehéiert, iwwert d’Geschicht geschwat. „Den éischte Computer, den ech fir meng Aktivitéit kaaft hunn, huet deemools 1 Millioun belsch Frang kascht. Ech hu mech entscheet ze investéieren, fir an der Administratioun vun eise Projete méi effizient ze ginn. Kuerz drop hu mir dunn déi éischt Lizenz verkaaft.“

Och den Ëlwener Buergermeeschter hat e puer Wuert dobäi ze setzen. Esou kann een den digitaalen Zäitalter net méi vermeiden, wouduerch villes computergesteiert gëtt an Entreprisen Schrëtt fir Schrëtt a Richtung Technologie goe musse fir ze bestoen. Dofir ass Ficos – do ass de Buergermeeschter sech sécher – de perfekten Nofolger vun der ehemooleger Bank. Hie gleeft un hir Léisungen an ass frou ze gesinn, datt si esou eng Expansioun genéisse kënnen.

Mam traditionellen Duerchschneide vum roude Band war souwuel déi nei Raimlechkeet, wéi och de Buffet op.

Opmaacherfoto: De Buergermeeschter Edy Mertens an den Udo Linden schneiden zesummen d’Band zur Aweiung duerch © Ficos

Ähnlech Sujeten Aweiung, Buffet, digitalen Expert, Edy Mertens, Ëlwen, Ficos, Kuch, Plënneren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel