Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

alpha dating app https://moien.lu/hot-guys-dating-app/ Sport

dating because you're bored

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

ukrainian matchmaking services
alpha dating app https://moien.lu/hot-guys-dating-app/ Sport

Sozialwahlen 2019: Den OGBL stellt seng Truppen op

Den 12. Mäerz fannen d‘Sozialwahle statt, a wie gëschter am

USA: Demokrate wëlle Milliardär entmuechten
alpha dating app https://moien.lu/hot-guys-dating-app/ Sport

USA: Demokrate wëlle Milliardär entmuechten

Virun zwee Méint hat den US-Sonnerermëttler Robert Mueller säi Rapport

FIFA: Wa Gauner d‘Brigangen op d‘Geriicht huelen

Weltfussballverband huet an der Schwäiz seng fréier Spëtzefonctionnaire ugeklot

FIFA: Wa Gauner d‘Brigangen op d‘Geriicht huelen

Et kléngt wéi en Trappewitz vun der Geschicht an eigentlech ass et och genee dat. D‘FIFA, déi mächtegst Vereenegung op der Welt, fuerdert vum ex-Parrain Joseph „Sepp“ Blatter zwou Millioune Schwäizer Frang zréck, déi dësen 2011 dem UEFA-President Michel Platini iwwerwisen hat. Geld dat de Platini fir eng Leeschtung aus 2002 zougestanen hätt.

D‘FIFA hat et ugekënnegt an elo huet se et dann och duerchgezunn. De Weltfussballverband huet an der Schwäiz bei „relevante Geriichter“ op urode vum Gouvernance-Comité Klo géint déi genannt Spëtzefonctionnaire agereecht. Sollten si erfollegräich sinn – an et geet keen dovunner aus, datt d‘Geriichter den Argumenter vun der FIFA net follege sollten – da soll dat Geld an d‘Entwécklung vum Fussball investéiert ginn. Esou zumindest de Weltverband an engem Communiqué e Méindeg.

Wéi et heescht, soll de fréiere President vun der europäesche Fussballverband (UEFA) vum deemolege FIFA-President virun aacht Joer zwou Millioune Schwäizer Frang erhalen hunn. Bei dëser Zomm huet et sech angeblech ëm eng „verspéiten Ausbezuelung vum Gehalt fir de Michel Platini“ handelen. Hie soll d‘FIFA tëscht 1998 an 2002 „beroden“ hunn, dofir awer nach net entschiedegt gi sinn. De Problem: et gëtt weder e schrëftlechen nach e mëndlechen Accord…

FIFA an Ethik

Fir de Gouvernance-Comité vum FIFA war et esou net méi méiglech „en A zouzedrécken“ an si hu missen dës Iwwerweisung als „onerlaabte Kaddo“ astufen, wouduerch e verstouss géint de FIFA-Ethik-Kodex virläit. Et ass e vun de seelene juristesche Fäll, déi vu „weltleche“ Geriichter muss opgekläert ginn. Ob a wéi d‘FIFA hir Fuerderung géintiwwer de zwee ex-Spëtzefonctionnairen duerchgesat kritt, muss een elo ofwaarden. Eng aussergeriichtlech Eenegung ass och méiglech.

De franséische Fussball-Stär Michel Platini war vun 2007 bis 2015 UEFA-President a sollt de Joseph „Sepp“ Blatter un der Spëtzt vum Weltfussballverband ofléisen. D‘Iwwerweisung vun 2 Millioune Schwäizer Frang hat dem Fransous awer eng Spär vu véier Joer abruecht, déi elo am Oktober ausgelaf ass. De Michel Platini kann sech trotzdeem e Comeback virstellen. Dofir misst hien eng Geldstrof vu 50.000 CHF begläichen. Dem Blatter seng Spär leeft nach bis 2021…

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Ethik, FIFA, Gouvernance-Comité, Michel Platini, Sepp Blatter, UEFA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel