Search

You may also like

E Rakéitewerfer am Reesgepäck
Kultur Neiegkeeten

E Rakéitewerfer am Reesgepäck

D‘Amerikaner si speziell an hunn en Hang zum „Aussergewéinlechen“. Zudeem

Ass den US-President e Rassist?
Kultur Neiegkeeten

Ass den US-President e Rassist?

Dem Donald Trump seng via Twitter an der Welt verbreeten

Hues du en Iwwerbléck driwwer, wie mat wiem fusionéiert huet?
Kultur Neiegkeeten

Hues du en Iwwerbléck driwwer, wie mat wiem fusionéiert huet?

[onionbuzz quiz-id=138][/onionbuzz] No an no fält d’Zuel vun de Gemengen

Figure in Print: De Mënsch, seng Plaz an der Gesellschaft a seng Beweegungen

Mat der Expo Figure in Print gëtt d’Duerstellung vum Mënsch unhand vun Drocktechnicken vun 1945 bis haut op zwou Plazen an der Stad presentéiert. Vum 22. Januar bis de 27. Juni 2021 beschäftegt sech den MNHA mam Bildnis, der Abstraktioun an dem Akt, wärend nach bis den 18. Abrëll an der Nationalbibliothéik de Fokus op de Mënsch an der Gesellschaft, sou wéi säi Kierper a Beweegung am Fokus steet.

An dësem Kader hu mir gëschter d’Expo an der BnL besicht a waren erstaunt iwwert déi beandrockend Diversitéit, déi den Drock ze bidden huet. Vum Holz- a Linolschnëtt, iwwert d’Serigrafie, d’Lithografie, d’Monotypie, hin zu Aquatinta, Mezzotinto, Kofferstach oder och der Radéierung hunn d’Artisten op verschiddenst Aart a Weise gewisen, wat dës Technike fir Resultater ervirbrénge kënnen.

Dobäi kënnen d’Materialie graff, oder och mat besonnescher Prezisioun a rengen Handgrëffer beschafft ginn, fir uschléissend mat Faarf oder oder och ganz monochrom gehalen, déi jeeweileg Figur(en) duerzestellen. Verschidde Stréckstäerkten, geschwonge Linnen a Faarfverleeft verstäerken dobäi d’Beweegung vum Kierper.

Besonnesch interessant ass, dass an der Nationalbibliothéik net nëmmen déi fäerdeg Wierker, mee och Prototypen, Skizzen an de Support, dee fir den Drock genotzt ginn ass, ausgestallt sinn. Esou erméiglecht dat dem Visiteur d’Technik besser ze verstoen.

Figure in Print

Ee Beispill heivir ass dem Marc Frising säi „Send your dreams up to the sky, like birds dare let them fly“. Den Artist huet d’Déifdrocktechnik vum Mezzotinto benotzt, déi besonnesch a Groussbritannien am 17. an 18. Joerhonnert hiren Héichpunkt feiere konnt. Bei dëser mëttlerweil zimlech rarer Technik gëtt eng Kofferplack mat verschiddenste Messeren, Rulle mat Zänn oder enger Kugel esou beschafft, dass ee gläichméissege Raster entsteet, deen dann ee samettegen Effekt um Pabeier ergëtt. Och dat gewollte Motiv gëtt dann ageritzt.

De Marc Frising weist souwuel seng Kofferplack, déi mat Stol iwwerzu ginn ass, sou wéi déi verschidden Zoustänn bei der Beaarbechtung vum Motiv. Wou als éischt just ee pechschwaarzen Hannergrond ass, kënnt lues a lues e Meedche mat engem Pabeierfliger eraus, a schliisslech och een Himmel mat Wolleken.

Figure in Print„Send your dreams up to the sky, like birds dare let them fly“ vum Marc Frising © Shari Pleimelding/moien.lu

Besonnesch ugezu goufe mir och vum Diane Jodes sengem „Dive“. D’Kënschtlerin kombinéiert hei zwee Déifdrockvefaren: Den Aquatinta an de Mezzotinto, och Schabkunst genannt. Esou entsteet duerch d’Technik vum Aquatinta ee kräftegen, liicht grimmelegen schwaarzen Hannergrond, dee Waasser duerstelle soll, mat enger quasi schwiewender Schwëmmerin.

Eréischt op den zweete Bléck erkennt een, dass si vun engem Jelliskapp ëmmantelt gëtt, wat den Androck vu Gebuergenheet an Wuelbefanne suggeréiert.

Figure in Print„Dive“ vum Diane Jodes © Shari Pleimelding/moien.lu

D’Nationalbibliothéik an den MNHA weise bei der Expo Figure in Print zesumme méi wéi 170 Wierker vun 84 Kënschtler. Den Zougang zu den Ausstellungsraim ass gratis. A wien d’Geleeënheet net huet fir sech ze deplacéieren, dee kann d’Expo och iwwert den digitale Wee entdecken.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Expo ‘Figure in Print’ an der BnL © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Aquatinta, BnL, Déifdrockverfaren, Diane Jodes$, Drocktechnik, Expo, Figure in print, Kofferplack, Lithografie, Marc Frising, Mezzotinto, Nationalbibliothéik, Serigrafie
Next post Previous post