Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Kaart weist der, wéi Lëtzebuerg géing ausgesinn, wann et seng al Territoiren erëm géif kréien
International Kultur Neiegkeeten

Dës Kaart weist der, wéi Lëtzebuerg géing ausgesinn, wann et seng al Territoiren erëm géif kréien

An der Geschicht gëtt et wuel näischt méi Spannendes, wéi

Gemengerot Esch-Uelzecht: Bei der Schoul an am Verkéier gëtt et nach en Dissens
International Kultur Neiegkeeten

Gemengerot Esch-Uelzecht: Bei der Schoul an am Verkéier gëtt et nach en Dissens

Bei der Gemengerotssëtzung zu Esch-Uelzecht war den Haaptthema d‘Schoulorganisatioun, d‘Modifikatioun

Ob Handwierk oder Industrie, fir den Dan Kersch gëtt et net einfach
International Kultur Neiegkeeten

Ob Handwierk oder Industrie, fir den Dan Kersch gëtt et net einfach

Um Donneschdeg hat den Aarbechtsminister Dan Kersch (LSAP), eng éischt

Film Fund Luxembourg: Wien kritt wat vum Budget?

Film Fund Luxembourg: Wien kritt wat vum Budget?

No den traditionelle Sitzunge wärend der ganzer leschter Woch huet de Selektiounscomité vum nationale Fong zur Fërderung vun audiovisuelle Produktiounen decidéiert, selektiv finanziell Hëllefen ze ginn. Esou gëtt am Ganzen eng Zomm vu 6.817.000 € ganzer 12 audiovisuell Projeten zur Verfügung gestallt.

Selektiv finanziell Hëllef fir d’Schreiwen an d’Entwécklung (180.000 €):

  • Crise et chucotement huet 60.000 € bewëllegt kritt. De globalen Entwécklungsbudget beleeft sech op 67.000 €. Den Documentaire gëtt realiséiert vum Joseph Mayor a Laurent Moyse, an ass eng Produktioun vun Rishon Films.
  • Krieg und Erinnerung huet 30.000 € zougedeelt kritt an ee globalen Entwécklungsbudget vun 115.000 €. Den Documentaire gëtt realiséiert vum Loretta Walz an ass eng Produktioun vun Amour Fou Luxembourg.
  • Slocum huet och 30.000 € bewëllegt kritt an ee globalen Entwécklungsbudget vun 248.721 €. Den Animatiounsfilm gouf vum Anik Le Ray verfaasst, vum Jean-François Laguionie realiséiert a vu Melusine Productions produzéiert.
  • Les Nuits krut 60.000 € zougewisen an huet esou ee globalen Entwécklungsbudget vun 129.396 €. Heibäi handelt et sech ëm ee VR-Projet vum Betran Mandico an enger Produktioun vu Les Films Fauves.

Selektiv finanziell Hëllef fir d’Produktioun (6.637.000 €)

  • Kommunioun krut 2.300.000 € bewëllegt an huet soumat ee globale Budget vun 4.064.286 €. De Fiktiounsfilm gouf vum Régine Abadia verfaasst a vum Jacques Molitor realiséiert. Les Films Fauves ass och hei nees d’Produktiounsfirma, woubäi den Dréi fir Oktober 2019 geplangt ass.
  • Cosmos Within Us huet 252.000 € zougesprach kritt, sou datt si elo ee globale Budget vun 782.836 € hunn. D’VR-Produktioun ass vum Ben Farry verfaasst a vum Tupac Martir realiséiert. D’Produktioun iwwerhëllt a_BAHN, den Dréi fänkwarscheinlech am Juni 2019 un.
  • Les blagues de Toto huet mat 1.350.000 € elo ee globale Budget vun 7.999.617 €. De Fiktiounsfilm ass geschriwwe gi vum Gaël Leforestier, dem Julien Leimdorfer an dem Mathiar Gavarry. D’Realisatioun iwwerhëlt de Pascal Bourdiaux, d’Produktioun läit an den Hänn vu Bidibul Productions. Am Juni 2019 soll mam Dréi ugefaange ginn.
  • Saules Aveugles, Femme Endormie krut 900.000 € bewëllegt an huet soumat ee globale Budget vun 6.000.000 €. Den Animatiounsfilm ass vum Pierre Földes a gëtt vun Doghouse Films produzéiert. Am Juli 2019 soll d’Produktioun ufänken.
  • Die Mucklas krut 1.550.000 €, wouduerch sech de globale Budget op 7.613.316 € erhéicht. De Fiktiounsfilm gouf vum Thomas Springer verfaasst a vum Ali Samadi Ahadi realiséiert. D’Produktioun fänk am Oktober 2019 un a läit an den Hänn vun Amour Fou Luxembourg.
  • Les Épouventails ka mat 50.000 € elo säi globale Budget op 499.952 € erhéijen. Den Auteur-Realisateur vum Fiktiounsfilmm ass den Nouri Bouzid, d’Produktioun läit bei Samsa Film.
  • Streams krut 140.000 € bewëllegt an huet soumat ee Gesamtbudget vun 743.000 €. De Fiktiounsfilm ass vum Auteur-Realisateur Mehdi Hmili a gëtt produzéiert vun Tarantula Luxembourg.
  • Under the Skin krut 95.000 € zogesprach an zielt elo ee globale Budget vun 363.500 €. De VR-Projet gouf verfaasst vum Andressa Dos Santos, Jonathan Vieira a Raphael Cruz. Auteur-Realisateur ass de João Inada, d’Produktioun läit an den Hänn vun Tarantula Luxembourg.

De Selektiounscomité huet am Ganzen 33 Projeten ënnert d’Lupp geholl, sou datt am Ganze 15.122.908 € beusprocht ginn. Dëse Comité gëtt zesumme gesat vum Boyd van Hoeij (President), Guy Daleiden, Karin Schockweiler, Gabriele Röthemeyer, Meinolf Zurhorst a Sarah Bamberg.

Ähnlech Sujeten a_Bahn, Amour Fou Luxembourg, Bidibul Productions, Budget 2019, Doghouse Films, Film Fund Luxembourg, Les Films Fauves, Melusine Productions, Rishon Films, Samsa Film, Tarantula
Nächsten Artikel Virrechten Artikel