Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bei der Bank Hapoalim halen se näischt vun engem Sozialplang
Kultur Neiegkeeten

Bei der Bank Hapoalim halen se näischt vun engem Sozialplang

An der Mëttegstonn war d‘Leit aus dem Bankesecteur vun der

Huet d‘Ministesch dem Parteikolleg eng Faveur accordéiert?
Kultur Neiegkeeten

Huet d‘Ministesch dem Parteikolleg eng Faveur accordéiert?

Et war eng laang Sëtzung déi sech d‘Ëmweltkommissioun gëschter geleescht

Wéini kennt endlech e Changement an der Drogepolitik? (Lieserbréif)
Kultur Neiegkeeten

Wéini kennt endlech e Changement an der Drogepolitik? (Lieserbréif)

De Staat sollt selwer zum Dealer ginn, esou wéi dat

Elo dierf sech de Parquet mat de Virwërf géint de Film Fund beschäftegen

Elo dierf sech de Parquet mat de Virwërf géint de Film Fund beschäftegen

D‘CSV – déi sengerzäit ganz aktiv derzou bäigedroen hat datt de Film Fund geschafe gouf – léisst mat senger Kritik net labber. Gëschter gouf um Krautmaart de kontroverséierten Audit vun dëser kultureller Institutioun „debattéiert“. De kompetente Minister huet der Oppositioun „arbiträr Reprochen“ ënnerstallt a sech virun seng Beamte gestallt. Trotzdeem enquêtéiert de Parquet…

Fir de Guy Daleiden, deen sech den Debat net wollt am Livestream ukucken an esou op der Tribün an der Chamber Plaz geholl hat, sinn d‘Zäite schwéier. De Félix Eischen (CSV) geet zimlech haart géint de „staarke Mann“ vum Film Fund Luxembourg vir. An deen dierft et begréissen, datt net hie mee de Premierminister Xavier Bettel héchst perséinlech, dësen exklusive Veräi verdeedegt huet.

An de Premier a senger Roll als Kommunikatioun- a Medieminister ass net wierklech begeeschtert, datt et sech schéngt zu Lëtzebuerg anzebiergeren, datt Jänni a Männi aus der Hëft op assermentéiert Beamte schéisst. „Generell Virwërf“ esou de Premier, géif d‘Regierung net acceptéieren. Et wier un der Police ze klären, op déi am Kontext vum Audit erhuewen Ënnerstellunge berechtegt sinn.

E Staat am Staat?

Elo ass et allerdéngs net dem CSV-Deputéierte virzewerfen, deen déi reell existent Mëssstänn op de Leescht geholl huet, datt beim Film Fund nach beschtefalls d‘Fënsteren „transparent“ sinn. Et dierft och bis op ganz wéineg Ausname keen Deputéierte ginn, dee weess wat do hannert de Kulisse vun ee puer Auserwielten decidéiert gëtt. An et ass dat, wat dem Felix Eischen géint de Stréch geet.

Zudeem sinn se bei der CSV net erfreet, datt déi „op d‘Produktiounsdauer begrenzt Beschäftegt“ (am franséischen: intermittents du spectacle) wäit ënnert dem gesetzleche Mindestloun bezuelt ginn. Déi géifen esou an d‘Precaritéit gedriwwen. A während fir dës „Leit“ kee Goss do ass, géif beim Film Fund d‘Geld a Gefierer oder Miwwele gestach, déi ni zu filmeschen Zwecker agesat goufen.

An dat ass et dann och wat d‘Police elo muss mat enger Enquête opklären, woubäi de Premier nach emol betount, datt de Film Fund „Subventiounen accordéiert a mat Sécherheet nach ni de Kaf vu Gefierer oder Miwwele finanzéiert huet“. Hie géif de Gestionnaire vum Film Fund an den Auditeuren, déi all Joer d‘Konten iwwerpréiwen, och weiderhi vertrauen.

„Et gëtt keng Grozon an de Reviseur leet esouwuel dem Verwaltungsrot wéi och dem Regierungsrot säi Rapport vir“, intervenéiert d‘Lydia Mutsch (LSAP). Domatter wier dann emol ersiichtlech, datt och d‘Sozialiste keng Onregelméissegkeete bei der Gestioun vum Film Fund erkennen. Woubäi de Felix Eischen seng Virwërf elo net zesummegebastelt huet, just fir Oppositiounspolitik ze maachen.

Vill Geld, wéineg Kontroll?

De Film Fund huet zanter senger Grënnung 1990, dem audiovisuelle Secteur eng 500 Milliounen Euro u Subventiounen zougestanen. 2020 klëmmt de Budget vun der Institutioun op 41 Milliounen Euro. D‘CSV huet hei awer e Moratoire ugefrot, deen natierlech vun der Majoritéit zréckgewise ginn ass, woubäi och déi lénk keng Noutwennegkeet fir esou eng Moossnam erkennen.

Esou stellt den Deputéierte vun déi lénk, Marc Baum, fest: „Esou e Moratoire anzesetzen ass keng gutt Iddi. D‘Konsequenz dovunner wier d‘Bestrofung vun allen Acteuren, während der nëmmen ee puer am Feeler sinn“. Seng Positioun gëtt vum Djuna Bernard (déi gréng) ënnerstëtzt, déi et vir onzoulässeg hält, hei ee ganze Secteur ze veruerteelen. De Guy Daleiden kann opootmen…

Woubäi aus dem Schneider ass de héije Beamten net. De Parquet muss elo d‘Spree vum Weess trennen an, anescht wéi dat vun den Auditeure gemaach gëtt, de Virwërf déi opgeworf goufen – ouni dat et de gefuerderte Moratoire gëtt – nogoen. Iwwert e méiglechen Zäitraum vun der Enquête war näischt gewuer ze ginn, woubäi et wuel bis zum Fréijoer brauche wäert en Äntwert ze kréien.

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Djuna Bernard, Felix Eischen, Flim Fund, Guy Daleiden, Lydia Mutsch, Marc Baum, Parquet, Subventiounen, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel