Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU fënnt „Kompromëss“ bei Schutzmoossname fir Whistleblower
Kultur Neiegkeeten

EU fënnt „Kompromëss“ bei Schutzmoossname fir Whistleblower

Wie Verstéiss an/oder Verbrieche vun enger Administratioun, oder enger Entreprise

Schéisserei zu Pensacola: 3 Doudeger
Kultur Neiegkeeten

Schéisserei zu Pensacola: 3 Doudeger

E Saudiarabeschen Zaldot huet op der Militärbasis vu Pensacola (Florida)

dislike
D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie
Kultur Neiegkeeten

D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie

Se si Magistrate, Universitairen oder Bänker. Mee hannert hirem Profil

E Regisseur, en Acteur, e Film: GIRL

E Regisseur, en Acteur, e Film: GIRL

E pakende Film iwwert dat wat an engem virgeet, a wéi ee mat deem wat an engem virgeet ëmgeet. Mee et ass hei net de klassesche Film vun engem Mënsch deen am falsche Kierper gefaangen ass. E ganz interessante Sujet ëm en Dram, deen et ze verwierkleche gëllt.

GIRL ass déi Revelatioun vum Filmfestival zu Cannes, wou hien déi gëlle Kamera gewonnen huet. Zudeem ass et den éischte „Long Métrage“ vum jonke flammännesche Regisseur Lukas Dhont, dee mat senge 26 Joer e wierklech gelongene Film op d‘Leinwand bruecht huet.

Zum Film

D‘Lara (gespillt vum Viktor Polster), huet laang blond Hoer an e Kussmond, ass 16 Joer jonk a grad zu Bréissel ukomm. Si huet sech virgeholl um Conservatoire eng Ausbildung zur Ballerina ze maachen, a gëtt bei hirem Projet vum Papp an dem klenge Brudder tatkräfteg ënnerstëtzt. D‘Lara huet aacht Wochen Zäit ze beweise wat et kann.

Aacht Wochen an deenen d‘Lara beweise muss, datt seng Transformatioun bewältege kann, an datt seng Féiss dat och kënnen. Dem Lara seng Féiss kennen de Ballet nëmmen op eng Manéier, déi vum Balletsdänzer…

Et ass nämlech esou, datt d‘Lara fréier de Viktor war. D‘Lara ass Transgender a muss sech zu Bréissel net nëmmen op säin neit Liewen als Ballerina virbereeden, mee op déi bevirstoend Geschlechtsëmwandlung. D‘Lara ass frou doriwwer, datt et endlech déi Hormoner anhuele kann, déi säi Kierper op seng eigentlech Genderroll astellen.

An 2 Joer, wann alles ouni Komplikatioune verleeft, kann sech – mëttels enger Operatioun – d‘Lara och vum verhaasste Penis trennen… E Penis, deen d‘Lara sech un der Kierper „klieft“, well grad beim Ballet, ënnert all de jonke Meedercher, dierf dësen op kee Fall ze gesi sinn.

Zur Kritik

Wat eis besonnesch gefall huet, ass datt dem Lukas Dhont säi Film ganz vill Rou an Duussheet ausstraalt. Dem Personnage vum Lara, eng ganz stëll Haaptfigur, si vill Fräiraim ageriicht ginn. Esou kann et sech selwer bleiwen, an esou lues entwéckelen. Et ass kee Film dee sech mat Drama oder Voyeurismus ofgëtt. De Realisateur geet éierlech a mat vill Empathie op d‘Situatioun an.

Et ass zudeem interessant, wéi et dem Lukas Dhont gelongen ass, déi gängeg Klischeeën, déi Trans-Mënsche begleeden, ze ëmgoen. Esou geet et hei zu gudder Lescht ëm eng jonk Fra an der Pubertéit – en Zoustand deen am Normalfall schonn net einfach ass – déi en duebele Kampf ze féieren huet.

Datt d‘Lara seng Leidenschaft fir de Ballet wëll ausliewen, nodeems et seng Grondausbildung als Jong absolvéiert huet, mécht dat ganzt net méi einfach. Si muss sech ëmstellen, besonnesch d‘Féiss musse séier léieren. An eppes zeechent eng Ballerina zudeem och nach aus: Weiblechkeet. An do eng ganz spezifesch Weiblechkeet, déi d‘Lara zwéngend anzehalen huet.

Mee d‘Lara huet Charakter, och wa grad dat dem Papp vill Kappzerbrieches bereet. Hie gesäit wéi säi Kand de Kierper quäält, fir dëse mat aller Gewalt ze formen. Wéi dat alles vu sech geet, datt gëtt a GIRL, vum Viktor Polster op impressionnant Aart a Weis ëmgesat. E wierklech gudde Film.

De Film leeft aktuell am Kinepolis, an der original Versioun

Foto: © Menuet/Frakas Productions/Topkapi Films

Ähnlech Sujeten Cisgender, Girl, Lukas Dhont, Transgender, Viktor Polster
Nächsten Artikel Virrechten Artikel