Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aus der Chamber: Orientéierungsdebatt a Gesetzer
International Kultur Neiegkeeten

Aus der Chamber: Orientéierungsdebatt a Gesetzer

Nodeems d‘Ombudsfra Claudia Monti de 26. Februar den Ombudsbericht vun

“Summer Academy”: Theater am Lycée Ermesinde
International Kultur Neiegkeeten

“Summer Academy”: Theater am Lycée Ermesinde

Am Lycée Ermesinde zu Miersch hu sech Schüler vun der

Journalisten am Fokus
International Kultur Neiegkeeten

Journalisten am Fokus

Alles huet mat engem Bréif un d‘Journalistin Anett Stelle, déi

Filmfestival Cannes: Zwou Lëtzebuerger Koproduktioune priméiert

Filmfestival Cannes: Zwou Lëtzebuerger Koproduktioune priméiert

De Palmarès vum Filmfestival zu Cannes ass eraus, an Lëtzebuerg huet sech seng Auszeechnunge verdéngt. An der Kategorie „Un certain regard“ sinn dräi Lëtzebuerger Koproduktiounen ugetruede fir eng Palm ze ergatteren.

An dëser Kategorie war d‘Konkurrenz grouss. 18 Filmer stoungen sech hei géinteniwwer an d‘Jury hat hei keng einfach Aufgab. Déi war besat vun: Nadine Labaki, Libanon (Presidentin vun der Jury) Marina Fois, Frankräich; Nurhan Sekerci-Porst, Däitschland; Lisandro Alonso, Argentinien an de Lukas Dhont, Belsch. Vun den dräi Filmer hu sech der zwee duerchgesat kritt.

Filmfestival

Chambre 212 © Film Fund Luxembourg

Esou entfält op de Film „Chambre 212“ vum Christophe Honoré, koproduzéiert vum Lilian Eche an dem Christel Henon vu Bidibul Productions, de Präis fir déi bescht weiblech Interpretatioun. An dee geet un d‘Chiara Mastroianni.

Filmfestival

Viendra le Feu © Film Fund Luxembourg

De Film vum Olivier Laxe, koproduzéiert vum Donato Rotundo vun Tarantula Lëtzebuerg: „O que arde“ huet de „Präis vun der Jury“ kritt. De Film „Les hirondelles de Kabul“ vum Stéphan Roelands (Melusine Productions) geet leider eidel aus.

An der Kategorie „Quinzaine des réalisteurs“ war och eng Lëtzebuerger Koproduktioun mat um start: „he orphanage“ vum Jani Thilges (Samsa Film). Och dëse Film konnt sech net fir eng Auszeechnung qualifizéieren, hat awer vill Zousproch vum Publikum erhalen.

mam Film Fund Luxembourg

Ähnlech Sujeten Bidibul Productions, Cannes, Film Fund Luxembourg, Filmfestival, International Filmfestspiller vu Cannes, Melusine Productions, Samsa Film, Tarantula
Nächsten Artikel Virrechten Artikel