ts entertainment dating rules
Den 19. Abrëll kéint zu engem wichtegen Datum fir d’Mobilitéit
Den 19. Abrëll kéint zu engem wichtegen Datum fir d’Mobilitéit
D‘Arktis, déi wuel nërdlechst Arena fir e Muechtkampf, versicht –
Als Grondlag fir all Liewen op eisem Planéit präägt dëst Element och den Naturpark Öewersauer ganz entscheedend. Ënnert anerem fir de Filzprozess, bei dem aus lassene Wollfaseren duerch Handaarbecht ee fest Material entsteet, gëtt Waasser benéidegt. Esou inspiréiert dat killt Naass als Element an als Liewensraum d’Kënschtlerinnen Annette Quentin-Stoll (D) an Carine Mertes (L).
Déi gefilzte Biller an Objete ginn duerch Fotografie vum Robert Quentin (D) ergänzt. Seng Observatioune ginn dobäi och a beweegte Biller festgehalen, sou datt d’Waasser duerch eng weider Dimensioun presentéiert ka ginn.
D’Filzausstellung WAASSER ka vum 17. November bis de 15. Mäerz an der Duchfabrik zu Esch-Sauer bewonnert ginn. Déi faarwefrou Ausstellung ass all Dag (ausser Mëttwochs) vun 10 bis 12 a vu 14 bis 17 Auer op. Weekends an u Feierdeeg (ausser den 25.12. an 1.1.) ass d’Expo Nomëttes vu 14 bis 17 Auer zougänglech. Donieft kritt de Visiteur d’Geleeënheet fir de Musée vun der Duchfabrik kucken ze goen a regional Produiten, sou wéi d’Diversitéit vun den „Duch vum Séi“ Produiten am Shop ze entdecken.
Den Entrée fir dëst Gesamtkonzept kascht 3 €, ze fannen ass d’Duchfabrikan der Rue de Lultzhausen 15 zu Esch-Sauer. Mir wënsche vill Freed!