Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nordkorea: De Kim Jong-Un deklaréiert d‘Enn vun den Hostilitéiten
Cool Neiegkeeten

Nordkorea: De Kim Jong-Un deklaréiert d‘Enn vun den Hostilitéiten

Pyongyang huet um Samschdeg eng spektakulär Entscheedung geholl a bekannt

crying
Orkan Maria stëft Onrou an der Karibik
Cool Neiegkeeten

Orkan Maria stëft Onrou an der Karibik

Déi amerikanesch Virgin Islands an eng ganz Rei weider Territoiren

No 25 Joer Natura 2000 bleift d’Missioun déi selwescht
Cool Neiegkeeten

No 25 Joer Natura 2000 bleift d’Missioun déi selwescht

Um Groeknapp zu Grolënster ass ee Sonndeg de 25. Gebuertsdag

cool

De Staat ënnerstëtzt Studente mat Milliounen – Och fir d’Studium am Ausland ze erliichteren

De Staat ënnerstëtzt Studente mat Milliounen – Och fir d’Studium am Ausland ze erliichteren

Am Ufank vun engem akademesche Joer, gëtt um Héichschoulministère ëmmer nees gären e Bilan vum vergaangene Joer gemaach. Dat geet dann och am beschte mat Zuelen an déi si beandrockend.

Fir dat akademescht Joer 2016/17 huet de Lëtzebuerger Staat 29.927 Studenten eng Studiëbäihëllef (Bourse) an héicht vun 111,1 Milliounen Euro zougestanen. 87,4 Millioune sinn heibäi un d‘Residenten ausgeschott ginn, 23,7 Milliounen hunn sech d‘Kanner vun de Frontalieren opgedeelt. Interessant, wann ee scho mat Zuelen hantéiert: viru gutt zéng Joer waren et nëmmen 7.222 Studenten déi an de Genoss vun enger Bourse komm waren.

Iwwert d‘Hëllef eraus déi direkt geleescht gëtt, vergëtt de Staat ënner Ëmstänn eng Biergschaft fir e Kredit bei enger Bank. 2016 sinn hei Biergschafte fir 190,7 Milliounen Euro zougesot ginn. Heiranner sinn och abezunn, d‘Garantie vun allen nach aktive Kreditter. Et muss zudeem gewosst sinn, datt net all d‘Studenten de garantéierte Kredit ofruffen.

Eng Feststellung déi den delegéierte Minister fir Héichschoul, Marc Hansen, dréchen hinhëlt. ET bedeit dann awer, datt et dem Héichschoulministère och net méiglech ass konkret duerzeleeë wéi vill vun den accordéierte Kreditter vergi goufen. Also muss geschat ginn. De Marc Hansen geet optimistesch dovunner aus, datt fir 2016/17 Kreditter am Wäert tëscht 50 a 60 Milliounen Euro ofgeruff gi sinn.

Studentesch Virléiften

Déi virgeluechten Informatioune vum Ministère bezéien sech dann och op dat wat d‘Studenten, déi eng Hëllef ugefrot hunn, uginn hunn. A well, wéi all Joer, nach e sëlleche Studente mat hirer Immatrikulatioun beschäftegt sinn, an och den Termin fir déi staatlech Hëllef unzefroen nach net ofgelaf ass, leie fir d‘Joer 2017/18 och nach keng konkret Zuele vir.

Wat awer wëll gewosst sinn, ass wéi vill Studente wou studéieren. Och dës Donnéeë bezéien sech op 2016/17. Déi meescht zitt et op eng Héichschoul an Däitschland (4.205) woubäi net gewosst ass op d‘Sprooch hei ausschlaggebend ass.

Kuriéis awer erfreelech, op der zweeter Plaz steet Lëtzebuerg (3.666), also nach virun der Belsch (3.464). De Lëtzebuerger Student schéngt et dann och virzezéien eppes méi no vun doheem ze sinn. Déi meescht jiddefalls sichen sech eng Universitéit déi net esou wäit ewech ass. An do huet Bréissel d‘Nues vir (1.432). Ganz beléift awer sinn natierlech och Tréier a Metz, woubäi elo keen ze Fouss dohinner geet.

Am beléiftste bei de Fächer ass alles wat mat Ekonomie ze dinn huet. Wat de Niveau vum Studium betrëfft, esou waren 12.224 Studenten am éischten Zyklus (Bachelor), 3.982 am zweeten Zyklus (Master) an nach ëmmerhin 321 am drëtten Zyklus (Doktorat) ageschriwwen. De Marc Hansen freet sech dann och iwwer den Zousproch fir d‘Formatioun am BTS (Brevet Technicien Supérieur).

Fir déi 24 ënnerschiddlech Formatiounen haten sech zu Lëtzebuerg ganzer 762 Studenten ageschriwwen. Wat elo d‘Universitéit Lëtzebuerg ugeet, esou waren am Joer 2016/17 6.173 Studenten aus 113 Natiounen ugemellt. Dat entsprécht am grousse ganzen den Zuele vun de leschten akademesche Joren.

Ähnlech Sujeten Héichschoul, Marc Hansen, Studenten, Studium, Universitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    7

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    2

  • Crazy

    1

  • Love

    1