Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Summerlach: Nom „Casier-bis“ elo och nach de „Bommeleeër“
Neiegkeeten

Summerlach: Nom „Casier-bis“ elo och nach de „Bommeleeër“

D‘Land kënnt einfach net an d‘Summerpaus: do déi ominéis Affäre

Oppene Bréif: Ech sinn d’Meedchen am Fall Kiesch
Neiegkeeten

Oppene Bréif: Ech sinn d’Meedchen am Fall Kiesch

All Geschicht huet méi ewéi eng Säit, an am Fall

Virbildlech Noperen
Neiegkeeten

Virbildlech Noperen

Et ass wuel nëmmen een eemolege Gest, fir deen sech

Finanziell Ënnerstëtzung fir Stater Geschäfter

Finanziell Ënnerstëtzung fir Stater Geschäfter

Duerch d’Mesuren, déi am Kontext vun der Pandemie hu misse geholl ginn, huet d’Majoritéit vun alle Geschäfter zu Lëtzebuerg extrem gelidden. Fir de Resident an de Visiteur vun der Stad sinn d’Geschäfter essentiell, wouduerch de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg decidéiert huet, wärend der Phas vun der Relance Ënnerstëtzung ze bidden.

Esou ginn ëm 1.500 Geschäfter an den nächsten Deeg mat engem perséinleche Bréif vun der Stad kontaktéiert. Si kréien d’Méiglechkeet eng schnell finanziell Ënnerstëtzung ze kréien, wat duerch den direkte Kaf vun Akafsbonge vun der Stad am Wäert vun 1.000 € (ttc) méiglech gëtt. Dës Bongen ginn uschléissend duerch Gewënnspiller an aner Aktiounen un d’Ëffentlechkeet verdeelt.

Fir datt d’Aktioun en Erfolleg gëtt, ginn d’Geschäftsleit gebieden an der Zäit vu Méindes, de 15. Juni bis Freides, de 26. Juni 2020 mat den noutwennegen Dokumenter, déi am Bréif opgezielt ginn, an d’Hall Victor Hugo ze kommen. Wien nach kee Bréif kritt huet kann d’Dokument op vdl.lu (Rubrik „Lettre non reçue, que faire?“) eroflueden a sech och am Hall Victor Hugo presentéieren.

En zweete Projet fir den Handel an der Stad Lëtzebuerg ze fërderen ass d’Aktualiséierung vun der Säit cityshopping.lu. Bis Enn 2020 kann hei all Geschäft mat enger Säit representéiert ginn, wat fir méi Visibilitéit suerge wäert. Heivir schaffen de Kommunikatiounsservice, sou wéi d’Entwécklungszell fir Wirtschaft an Handel vun der Stad Lëtzebuerg enk zesumme mam UCVL a Letzshop.

Opmaacherbild: © Charles Deluvio / Unsplash


Ähnlech Sujeten Akafsbongen, cityshopping.lu, Geschäfter, Kafkraaft, Letzshop, Pandemie, Stad Lëtzebuerg, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel