Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Migratioun: De briteschen Dram
International Money radiocarbon dating oldest age questions to ask online dating pua

how to spot online dating predators

D‘Inneminister vu Frankräich a Groussbritannien hunn sech um Sonndeg op

amino acid racemization dating
International Money radiocarbon dating oldest age questions to ask online dating pua

Asaz vum Glyphosat verlängert vun der EU: ee Skandal, zwou Meenungen

Datt d‘Entscheedung zu Bréissel, d‘Zouloossung vum Herbizid Glyphosat ze verlängeren,

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt
International Money radiocarbon dating oldest age questions to ask online dating pua

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt

De kanadesche Premierminister, Justin Trudeau, huet en Donneschdeg am Bezuch

moneysurprise

D‘Rechnung wann ech gelift ! Déi finanziell Säit vum Brexit, erkläert

D‘Rechnung wann ech gelift ! Déi finanziell Säit vum Brexit, erkläert

Zwanzeg Milliarden Euro, véierzeg, siechzeg? Déi Zuelen déi ëmmer nees gären an de Monde geholl gi vir d‘Rechnung vum Brexit ze schätzen. Se maachen een dronken an sinn och de stännege Punkt op deem d‘Verhandlungen net wëlle virukommen. Mee d‘Scheedung steet an iwwer Geld muss dann och dierfe geschwat ginn.

Wéi et en héije „Responsabel“ nach rezent matgedeelt huet, sollt d‘Ofrechnung tëscht 50 a 60 Milliarde leien. Geld dat am Zesummenhang mat den Engagementer vu London geschëlt wier. Déi britesch Press awer wëll wëssen, datt d‘Premierministesch Theresa May der beschtefalls 40 wëll „virschloen“, wat awer dat duebelt vun deem ass, wat envisagéiert gi war.

Mee déi Zuelen, déi do stänneg an éiweg fir grouss Iwwerschrëften an den Zeitungen, och hei zu Land, suergen, wouzou gehéieren se a wéi gëtt dat ganz ausgerechent? Hei dann elo emol en Iwwerbléck:

„Reste à Liquider“

Mat der Ofschlossrechnung, oder wéi et am europäesche Beamtejargon heescht: de „reste à liquider“, mécht den Groussdeel vun der Rechnung aus. E Sproochgebrauch aus dem Franséischen, dee genee esou an den Dokumenter vun der EU och am englesche benotzt gëtt.

All Joer gesäit de Budget vun der EU „crédits de paiements“ vir, déi tatsächlech am Laf bezuelt kënne ginn, mee och „crédits d‘engagement“. Datt ass Geld mat dem Projete finanzéiert ginn an sech de Versement op ee puer Joer „verdeelt“.

Zu all Moment also gëtt eng Zomm déi sech op „Engagementer“ bezitt, déi ee viru Joren agaangen ass, mee déi nach net bezuelt goufen. Déi bleiwen also „à liquider“. Am Däitsche géif och nach vu „Schuldentilgung“ schwätzen.

Bezéie mir eis op d‘Berechnunge vum „think tank“ Bruegel, déi plausibel erschéngen, da géif den Undeel vu Groussbritannien beim „reste à liquider“ sech tëscht 30 a 39 Milliarden Euro bewegen.

Pluriannuelle Budget

Laang virun der Annonce vum Brexit, dee jo op Mäerz 2019 festgeluecht ginn ass, hunn déi 28 Länner vun der EU e budgetäre Kader validéiert, deen sech op den Zäitraum 2014-2020 bezitt. Och wann een hei net formell vun engem Budget schwätze kann, esou ass d‘Engagement awer legal a verbindlech.

Zudeem ass et jo och e Wonsch vun de Briten, eng „Transitioun“ fir de Post-Brexit virzegesinn. Dat féiert dozou, datt een zu Bréissel verstäerkt dovunner ausgeet, datt London hire Bäitrag dann och integral bis 2020 ze leeschten hunn. Hei muss een elo wëssen, datt de Joresbäitrag am Kader vum pluriannuelle Budget op e Betrag tëscht 11 an 13 Milliarden Euro geschat gëtt.

Fir den Zäitraum tëscht dem Brexit (Enn Mäerz 2019) an 2020, misst Groussbritannien also nach emol eppes iwwer 20 Milliarden Euro u Bréissel iwwerweisen. Et kéint eventuell eppes méi sinn, sollt een zu Bréissel bei der Rechnung fir 2019/20 de faméisen „englesche Rabatt“ auschléissen.

Pensiounen

Zu den Engagementer déi London agaangen ass, zielen och d‘Pensioune vun den EU-Beamten. Pensiounen déi och nach nom Brexit ze bezuele sinn. Eng Rechnung déi vun Natur aus net einfach opzestellen ass, an awer muss gemaach ginn.

Laut den Aschätzunge vu Bruegel, géif den Undeel deen op Groussbritannien zoukënnt, no iwwer 40 Joer EU-Memberschaft, tëscht 7,7 an 10 Milliarden Euro leien. Och ee vun de Punkten, dee London esou net bereet schéngt unzehuelen.

„Klengegkeeten“

Zu Bréissel wëll een dann och nach aner „Engagementer“ mat op d‘Facture setzen. Käschten déi esou wuel nach net an de Joresbudgeten oder dem „reste à liquider“ ageschriwwe sinn, awer zum droe kommen. Hei kéinten um Enn dann nach emol eppes iwwer zéng Milliarden Euro zesummekommen.

Heiranner abegraff, d‘Engagementer vu London a verschidden europäesch Fongen, déi Beräicher ofdecke wéi: Migratiounspolitik oder strategesch Investissementer.

Laut dem EU-Verhandlungsteam gëtt et dann och nach „eventuell Passiva“, déi beispillsweis un EU-Garantië fir Kreditter gebonne sinn. Zudeem, an dat ass verständlecherweis och e Sträitpunkt, soll London fir d‘Käschte vum „Plënneren“ vun den EU-Agencen opkommen.

Wat um Enn op der Lee steet

Bezéie mir eis hei elo nëmmen op déi geséchert a virun allem realistesch Zuelen, déi vu Bruegel virgeluecht gi sinn, da läit ee séier béi iwwer 100 Milliarden Euro. Allerdéngs gëtt et Fuerderunge vu Bréissel, déi vu Groussbritannien schaarf kontestéiert ginn. Hei an éischter Linn, alles wat d‘Engagementer betrëfft, déi net an de Joresbudgeten ageschriwwe sinn.

Och muss een zwéngend déi Zommen um Enn ofzéien, déi London geltend wäert maachen. Zum Beispill hir Parten an der Proprietéit un verschidde Gebaier vun der EU. Um Enn also, a bei Berécksiichtegung vun den disponibele Parameter, dierft d‘Rechnung um Enn bei 65,1 Milliarden Euro leien. Dat ass dann naturgeméiss, de Briten awer och nach ëmmer ze héich…

mam Cedric Simon/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, Bruegel, EU
Nächsten Artikel Virrechten Artikel