Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Äerdbiewen op de Philippinnen
International Money Neiegkeeten

Äerdbiewen op de Philippinnen

D‘Philippinnen, déi matten um pazifesche „Feierrank“ geleeë sinn, verzeechne generell

Däitschland: Therapië géint Homosexualitéit verbidden!
International Money Neiegkeeten

Däitschland: Therapië géint Homosexualitéit verbidden!

Et kléngt verréckt an dat ass och. Datt ee sech

Zum Pilotprojet a Schutzmoossnamen um Fluchhafen
International Money Neiegkeeten

Zum Pilotprojet a Schutzmoossnamen um Fluchhafen

No de Quarantänemoossnamen a Reesbeschränkunge vun de leschte Méint sinn

money

EU-Finanzminister minimaalst solidaresch (Analys)

EU-Finanzminister minimaalst solidaresch (Analys)

D‘Doudegriewer vum Projet „Europa“ hu sech vum Covid19 d‘Maske vum Gesiicht rappe gelooss an de Bierger vun der Unioun offenbaart sech: An der grousser europäescher Famill gëtt sech beim „Sonndes-Brot“ ëmmer manéierlech beholl an ee versprécht deem aneren, him och a schwéieren Zäite bäizestoen… Zéien awer däischter Wolleken op, gëtt et nëmmen dréchent Brout a Waasser.

„An der Nout erkennt ee seng Frënn“ an wiem ass et nach net passéiert, datt wann et wierklech zum Wupp higeet, sech déi „Frënn“ ganz onvermëttelt „rar maachen“. Keng Zäit, an aner Imperativen – wéi perséinlech an/oder national Interessen – réckelen an de Mëttelpunkt, den Hausseege geréit aus de Fugen. Besonnesch peinlech, et sinn net emol d‘Institutioune vun der EU déi hei versoen…

FinanzministerDer Unioun, besser gesot der EU-Kommissioun an hiren „Déngschter“ kann ee kaum eppes zum Virworf maachen. Déi huet erstaunlecherweis gewisen, datt si séier a mat vill Sachverstand op dës Kris reagéiere kann: Aussetze vum Stabilitéitspakt, ass hei eng vun den zentralen Decisiounen. Elo sollten all d‘Memberlänner dëse Fräiraum „intelligent“ notzen. Eng onméiglech Fuerderung.

Vun ee Mëttwoch op en Donneschdeg, gouf et eng virtuell Marathonsëtzung vun den europäesche Finanzminister. Italien a Spuenien, gestäipt vu Frankräich an anere Länner, huet vu Bréissel eng Gemeinsam Léisung gefuerdert, a géif et begréissen, wann d‘EU-Kommissioun d‘Länner dovunner iwwerzeege kéint dat Obligatiounen, an dëser presenter Situatioun, déi beschte Léisung wier.

FinanzministerVerständlech, Italien ass dat an der Eurozon dat Land mat den héchste Scholden, a Geld zu engem erdréiglechen Zënssaz léine goen, ass der Regierung zu Roum verwiert. Eng Vergemeinschaftung vun der Schold, fält awer besonnesch de „räiche“ Länner ganz schwéier. An esou stellt sech net d‘Fro op een Italien, mee villméi op een de Projet „europäesch Unioun“, nach ze retten ass.

Den zweeten Ulaf

Elo ass awer d‘Lag batter Eescht, an esouwuel d‘Welthandelsorganisatioun (WTO), wéi och den internationale Währungsfong (IMF) komme mat erschreckenden Zeenarien dohier. Esou géif laut hire Prognosen de d‘Weltwirtschaft ëm bis zu engem Drëttel abriechen. An Europa, virausgesat et géif ee sech um Rimm gerappt kréien, géif d‘Wirtschaftsleeschtung dann ëm 12% zréckgoen.

FinanzministerFir Egoismus ass dann awer kaum Plaz, an et muss een unhuelen, datt de Finanzminister endlech ee Liicht opgaangen ass, woubäi dat mat Solidaritéit wéineg gemeng huet. Si hu sech da gëschter alt nach emol zesummegesat, an hunn sech zu engem Konsens duerchgerongen. Beschloss gouf, wéi schonn ze erwaarden, e Kriserettungspak vu 500 Milliarden Euro an e puer weider Moossnamen.

Dat soll hëllefen de Länner vun der Unioun an de kommende Méint séier iwwert déi erwaarte Rezessioun ewech ze hëllefen. Obligatiounen – egal ob elo als Corona- oder Eurobonds – klénge wéi wann et eng probat Léisung wier, mee och hei ass d‘Realitéit eng aner. Zudeem géifen dës, doranner sinn sech d‘Experten eens, wann se da kommen, vill ze spéit hir Wierkung entfalen.

No „Solidaritéit“ muss een op anere Plaze sichen. An esou sollen elo de Stabilitéitsmechanissem (ESM), de Garantiefong fir d‘Kuerzaarbecht an déi europäesch Investitiounsbank (EIB) elo Remedur schafen an, déi finanziell Laaschte vun de „schwaachen“ op déi „ staark“ Schëllere verlageren. Wéi séier dës Hiewele kënnen a Beweegung bruecht ginn ass leider nach net gewosst.

FinanzministerZudeem gëtt et hei nach esou eppes wéi ee „Major Problem“ dee virrangeg ze léisen ass: et geet ëm de Budget vun der europäescher Unioun. An och hei klemmt et zolidd. Et soll schliisslech och de Budget vun den „Ambitioune“ sinn. „Green Deal“ a gesamteuropäesch Verdeedgungsausriichtung, mee och d‘Transformatioun an d‘Digitaliséierung vun der Unioun, kascht alles richteg vill Geld.

mat indymedia/bru

Foto: Och de Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna (DP) huet sech un den Diskussiounen zu méiglechen Obligatiounen an den Alternativen dozou, bedeelegt. Villes vun deem wat do op den Dësch geluecht gouf, wier esou nach net stëmmeg an et bréicht wuel nach eppes Zäit. Mee och de fréiere Chef vun der Handelskummer weess, datt et ouni Konsens net ze maachen ass. Esou eppes wéi en zweete Marschall-Plang schléisst de Minister allerdéngs aus, hei kann eenzeg d‘Solidaritéit vun de 27 hëllefen. © Finanzministère (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, ESM, EU-Finanzminister, Obligatiounen, Pierre Gramegna, Stabilitéitspakt, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel