Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grousst Ronndëschgespréich zu Eech
casual dating pub tennis Neiegkeeten

womens funny dating profile examples

Am Kontext vun den Europawahlen Enn Mee, organiséiert d‘ASTI (Associatioun

https://moien.lu/free-ayrshire-dating/
casual dating pub tennis Neiegkeeten

Thailand: …an ob emol war do eng Kinnigin

Dräi Deeg viru senger Kréinung, huet den thailännesche Monarch Vajiralongkorn

money
Neit Geld fir de Sultan vun Ankara
casual dating pub tennis Neiegkeeten

Neit Geld fir de Sultan vun Ankara

Mat engem clevere Schachzuch, huet sech e Freideg den tierkesche

money

Finanzministère: Evaluatioun vun de Risike fir Geldwäsch an Terrorfinanzéierung

Finanzministère: Evaluatioun vun de Risike fir Geldwäsch an Terrorfinanzéierung

Am Kader vum 4. Zyklus vun der gemeinsamer Evaluatioun, duerch de Finanzaktiounsgrupp (GAFI) ginn d‘Memberlänner – dorënner Lëtzebuerg – op hir technesch Konformitéit zu de 40 Recommandatioune vun der GAFI, esou wéi d‘Effikassitéit vun hiren Dispositiounen am Kampf géint d‘wäisswäsche vu Kapital (BC) an der Finanzéierung vum Terrorismus.

Eng éischt Evaluatioun vu Lëtzebuerg, a wéi dës nei Methodologie ugewannt gëtt, soll et 2020 ginn, mat eng Visite op der Plaz. An der Plenière déi fir 2021 virgesinn ass, soll den dozou gehéierende Rapport diskutéiert ginn. Hisichtlech dëser Iwwerpréiwung 2020/21, huet Lëtzebuerg seng national Evaluatioun vun de Risiken (ENR) am Bezuch op de BC an den FT finaliséiert.

Dës Evaluatioun entsprécht der éischter Recommandatioun vum GAFI, no där „d‘Länner sollen d‘Risike vum wäisswäsche vu Kapital an der Finanzéierung vum Terror, identifizéieren, evaluéieren a verstoen. Si sollen och Moossnamen ergräifen, wéi d‘schafe vun enger Autoritéit oder engem Mechanissem, fir d‘Evaluatiounsaktiounen ze koordinéieren a Ressourcen ze mobiliséieren, fir sécherzestellen, datt d‘Risiken effikass begrenzt ginn“.

Op europäeschem Niveau, gëtt dëse Standard am Artikel 7 vun der véierter anti-wäisswäschen Direktiv opgefouert. Eng Direktiv déi Lëtzebuerg schonn an nationaalt Recht transposéiert huet.

Et handelt sech heibäi ëm eng Recommandatioun vun der héchster Importenz, fir eng erfollegräich Evaluatioun: e gutt Verständnis vun de Risike wäert d‘Qualitéit vun de Konformitéitsmoossnamen op an d‘Effikassitéit op techneschem Niveau vum Land eraushiewen. Feelt et un enger adequater Analys vun de Risiken, esou schued dat der Qualitéit vun de genannte Moossnamen, an de Resultater vun der Evaluatioun.

Fir et gutt gemeinsamt Verständnis vun de Risiken op nationalem Niveau sécherzestellen, sinn all déi national bedeelegt Acteuren, esou wéi och déi kompetent Ministère, déi national Autoritéiten, d‘Autoregulatiounsorganissmen a Beruffsorganisatiounen, un dësem eenzegaartegen Exercice – fir eng Dauer vun zwee Joer (2016/18) – associéiert ginn. Dëse kollektiven Effort huet et den Autoritéiten erlaabt masseg Daten ze sammelen, esouwuel quantitativ wéi qualitativ. Dës Donnéeë kommen aus ënnerschiddleche Quellen, esouwuel ëffentlecher wéi privater Natur.

Den Avis vun den Experten

All dës gesammelt Date sinn uschléissend dem Avis vun Experten ënnerbreet ginn, dat am Kader vun de reegelméissegen Interaktiounen op héijem Niveau, mat de concernéierten Autoritéiten an dem Privatsecteur. Dat sollt et erméiglechen déi haaptsächlech Risiken ze identifizéieren, deene Lëtzebuerg ausgesat ass.

Wat d‘Approche vun der Methodologie betrëfft, esou huet den ENR d‘Risiken iwwerpréift déi duerch d‘Menace vu BC an FT, grad ewéi och déi sektoriell Vulnerabilitéit an dësem Beräich, kéint generéieren. Den Exercice huet zudeem d‘Moossnamen zur Agrenzung analyséiert an evaluéiert, fir déi genannte Menacen an Vulnerabilitéiten ofzeschwächen.

Déi wichtegst Conclusioune vun der Analys zum „Gewährleistungswagnis“, dat heescht vum Risk dee keng Récksiicht op d‘Moossnamen zu Ofschwächung hëlt déi agefouert goufen, ginn esou resuméiert:

  • Wéi fir all international Finanzplaz, stellt och d‘Wäisswäsche vu Kapital aus kriminellen Aktivitéiten am Ausland, fir Lëtzebuerg en evidente Risiko duer;
  • wat déi inherent Vulnerabilitéite betrëfft, esou stellen hei eenzeg d‘Servicer wei „Private Banking“, an déi friemlännesch Fiduciairen (foreign trusts), en erhéichte Risk fir Lëtzebuerg duer;
  • d‘Majoritéit vun den beim ENR ënnersichte Secteure, ginn als Secteure betruecht déi en héije Risk mat sech bréngen, och wann de Secteur vun de PSF, den Aktivitéite vu Geldspill, esou wéi Aktien an Obligatiounen, e niddrege Risiko duerstellen;
  • zwee Secteure presentéieren e mëttleren inherente Risk. Dat ass den Assurancësecteur an de sougenannte Luxushandel.

Mir sinn elo beschtens virbereet

Den ENR-Exercice, huet d‘Kapassitéit vun den Autoritéite gestäerkt, ze identifizéieren, ze evaluéieren, ze verstoen. Also och besser dem Risiko vum wäisswäsche vu Kapital oder der Terrorfinanzéierung ze begéinen. Lëtzebuerg wäert d‘Resultater vun dëser éischter ENR notzen, fir seng Approche zur Iwwerwaachung fundéiert op de Risike besser ze definéieren an ze orientéieren. Fir d‘Prioritéiten an d‘Repartitioun vun de Ressourcen ze hierarchiséieren, a Funktioun vun den identifizéierte Risiken an fir d‘Moossnamen zur zousätzlecher Agrenzung anzeféieren.

Dëse Rapport soll och den agebonnene Beruffer als Support déngen, an hinnen eng Hëllef sinn fir eegen Evaluatioune vun de Risiken ze maachen, an als Informatiounsquell fir all aner bedeelegt Partei hierhalen. De Kampf géint d‘wäisswäsche vu Kapital an der Terrorfinanzéierung exigéiert eng duerchgoend a koordinéiert säitens den Autoritéiten, an e gedeelte Verständnis vun de Risiken tëscht ëffentlechen Autoritéiten an dem Privatsecteur.

Et ass datt och de Grond, firwat d‘Autoritéiten déi fir d‘Iwwerwaachung zoustänneg sinn, eng Sensibiliséierungscampagne an d‘Verstreeë vun de Conclusioune vum ENR, cibléiert op déi Secteuren a Beruffer déi betraff sinn, organiséiere wëllen. An dësem Geescht, huet de Regierungsrot den 12. Oktober de Comité zur Preventioun vum wäisswäschen an der Terrorfinanzéierung mandatéiert, den ENR aktualiséiert ze halen.

Ofschléissend, esou de Communiqué vum Ministère, wëll een nach drop hiweisen, datt zanter 2009, Lëtzebuerg eng Rei Reforme vum juristesche Kader a sengen institutionelle Strukture virgeholl huet, fir sech besser géint d‘Evolutioun vun de Risike BC an FT, an de méi strikten internationalen Normen ze adaptéieren. Esou ass besonnesch d‘Gesetz vum 12. November 2004, dat sech mat dësem Sujet befaasst, e puer mol reviséiert ginn, fir d‘Flichte vun de reglementéierten Entitéiten ze stäerken.

Dës Modifikatiounen hunn et och erméiglecht, datt de Rôle vun de kompetenten Autoritéite vu Lëtzebuerg gestëtzt konnt ginn. D‘Definitioun vun der Infraktioun am Kontext vum wäisswäsche vu Kapital an der Terrorfinanzéierung ass aktualiséiert ginn, an un d‘Definitioune vun der GAFI ugeglach ginn. Déi administrativ a penal Sanktioune sinn och entspriechend ugepasst ginn. Zudeem ass Lëtzebuerg am Begrëff déi 5. anti-wäisswäschen Direktiv ze transposéieren.

Mat der Ëmsetzung vu senger éischter ENR stäerkt Lëtzebuerg säin Dispositiv am Kampf géint d‘wäisswäsche vu Kapital an der Terrorfinanzéierung. Als eng „Finanzplaz vun der Welt“, leescht Lëtzebuerg esou och ee grousse Beitrag op internationalem Niveau, a beweist säi vollt Engagement an dësem Kampf. Den ëffentlechen ENR sollt een um Site vum Finanzministère noliese kënnen.

Matgedeelt vum Finanzministère, iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten ENR, Finanzministére, Finanzplaz, GAFI, Geldwäsch, Terrorfinanzéierung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel