Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten
D‘Zuel vun den Automobilisten, déi op de Stroosse wou d‘Héchstgeschwindegkeet
D‘Zuel vun den Automobilisten, déi op de Stroosse wou d‘Héchstgeschwindegkeet
Nodeems mer ugangs der Woch schonn an de Kanton Iechternach
Den Assurancësecteur ass e wichtegt, fir net ze soe „predominant“ Element vun der Lëtzebuerger Wirtschaft. Gëschter huet de „Kommissariat fir d‘Assurancen“ (CAA) säi Joresbericht virgeluecht. Deem ass ze enthuelen, datt et dem Secteur „esou schlecht“ net geet.
Esou huet, trotz engem schlechten 2. Trimester, d‘Akasséiere vun de Primmen ëm ganzer 8,7% zougeluecht. Net wierklech e Grond sech ze beschwéieren. Interessant och, den Assurancësecteur ass e gudden „Job-Moteur“. Säit 2016 sinn hei 1.163 nei Plaze geschafe ginn, wouduerch an dësem Secteur haut 8.299 Salariéeë beschäftegt sinn.
Am Kontext vun der „indirekter“ Beschäftegung sinn d‘Nouvellen och gutt. Enn 2017 goufen et zu Lëtzebuerg 8.367 „Agenten“ fir 317 Agencen. Dat si wuel 7 Agence manner wéi nach 2016, huet awer keng Inzidenz op d‘Zuel vun den Agenten, déi enger natierlecher Fluktuatioun ausgesat ass.
De Bericht hält och fest, datt an den auslännesche Filiale vun de Lëtzebuerger Betriber aus dem Beräich „Non-Vie“, d‘Zuel vun de Beschäftegten ëm knapp 62% zougeholl huet. Dat géif domatter zesummenhänken, datt déi siwen Assurancen aus dem „Non-Vie“ Beräich, déi tëscht Januar 2017 a Juli 2018 e Lëtzebuerger Agreement kruten, massiv Filialen an der EU opgemaach hunn.
Et geet „virun“, wat sech och beim Akasséiere vun de Primme bemierkbar mécht. Hei goufen 2017 38 Milliarden Euro ëmgesat. Dat sinn: 23 Milliarde fir de Beräich „Liewensversécherung“, op den „Non-Vie“ entfalen 4 Milliarden, fir d‘Réckversécherung sinn et 11 Milliarden.
Am Rapport vum CAA gëtt drop higewisen, datt den 2. Trimester 2018 net esou gutt ofgeschnidden huet. An dësem Zäitraum hätt d‘Aktivitéit (-16,86% bei de Primmen) géintiwwer 2017 ofgeholl. Et ass dann awer nach ëmmer eng Verbesserung géintiwwer dem gläichen Zäitraum 2015 an 2016. Hei sollt een net vergiessen, datt vill Assurance wéinst dem Brexit de Wee op Lëtzebuerg fonnt hunn.
Domatter sollten d‘Entreprisen aus dem Assurancësecteur zouversiichtlech an d‘Zukunft blécke kënnen. Déi sougenannte „Schlësselzuelen“ vun 2017 sinn an dëser Hinsicht ganz opschlossräich. Et kéint een dann och nach behaapten, dat grad dëse Finanzsecteur gutt vum Brexit profitéiert.