Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Phas 2: de Message vun der Gesondheetsministesch
International Money Neiegkeeten

Phas 2: de Message vun der Gesondheetsministesch

Säit enger Woch ass gewosst, déi zweet Phas vum Deconfinement

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Wootleche Krich
International Money Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Wootleche Krich

No „Aacht Deeg an der Woch“ a „Perl oder Pica“

Esou kann et kee Fridde ginn
International Money Neiegkeeten

Esou kann et kee Fridde ginn

D‘US-Regierung gesäit am Bau vun israelesche Siidlungen am Westjordanland, kee

money

Finanzsommet zu Bréissel

Um aussergewéinleche Sommet fir den EU-Budget vun de nächste 7 Joer wäert et laang Gesiichter ginn

Finanzsommet zu Bréissel

Nom Austrëtt vu Groussbirtannien aus der Unioun, gëllt et eng Rei zolidd Finanzlächer ze stoppen an et dierft ee seele spannende Sommet stattfannen. Där ee wou nees d‘Staats- a Regierungscheffen den Androck vun Europa vermëttele wëllen, mee virun allem hir national a perséinlech Interesse wäerten ze verdeedege wëssen. Dobäi geet et ëm de Budget vun der Unioun fir déi nächst siwe Joer.

Den EU-Rotspresident Charles Michel, dee zwar ni eng Regierung zustane kritt huet, deem dann elo awer ënnerstallt gëtt de Mann vun de Kompromësser ze sinn huet am Virfeld zu dësem Sommet gemengt: „Mat gesondem Mënscheverstand an Entschlossenheet ass eng Eenegung méiglech“ an huet domadder schonn direkt verdäitlecht, wourunner de Sommet an de Budget scheitere wäerten.

Woubäi eppes Zouversiicht muss een och dem Belsch zougestoen, deen ëmmerhin an de leschte Woche vill Gespréicher gefouert, fläisseg gerechent an en Dokument mat 53 Säiten erstallt huet. Domadder ass hien esouwäit och ganz zefridden, firwat elo un de Staats- a Regierungscheffen ass sech matzedeelen. An déi dierften, bezunn op d‘Zomm ëm déi et sech hei handelt, „bremsen“.

BréisselEuropa an der Ära „von der Leyen“ heescht: Green Deal, Digital Agenda, Sécherheet, Oprëschtung a Verdeedegung vun eise Wäerter (woubäi de leschte Punkt net eescht gemengt ass NvdR). Bréissel huet deemno kloer Virstellunge vu wéi d‘Zukunft ze gestalte wier, mee dofir brauch et Goss an do hält bekanntlech d‘Frëndschaft op. De Fric vun der Insel feelt an d‘Bäiträg mussen ugehuewe ginn.

Pluriannuelle Finanzkader (MFF)

Fir dat un Zukunft ze gestalte wat d‘Staats- a Regierungscheffen dofir halen, ass de pluriannuelle Finanzkader, eng Aart Super-Budget, fir den Zäitraum 2021 – 2027 essentiell. Deen definéiert zum engen déi laangfristeg Prioritéiten an d‘Uewergrenze fir d‘Aufgaben an de jeeweilege Beräicher. De Montant vum Budget bestëmmt schliisslech de wirtschaftlechen a politesche Kurs vun der Unioun.

Dat gëtt net einfach, firwat een an dësem Kontext net laanscht dem fréieren Haushaltskommissär, Günther Öttinger, seng Ausso kënnt, dee ganz am Eescht gemengt huet: „Wann Europa an der Lag ass, eestëmmeg a bei ënnerschiddleche Schwéierpunkten dëse Budget ze beschléissen, wier dat fir d‘Bierger a fir d‘Welt en Zeeche vun europäescher Handlungsfäegkeet a schwieregen Zäiten“.

Gutt dës Ausso ass ee puer Méint al, an dem däitsche Sproochgenie seng „Kollegen“ hunn net emol am Usaz ze verstoe ginn, datt si bereet wieren dës Argumentatioun an den nationale Parlamenter ze verdeedegen. Hei geet et awer elo drëms séier déi ronn 70 Milliarden Euro opzedreiwen, déi soss vun der Insel an d‘Haushaltskeess abezuelt goufen. Fräiwëlleg leet jo keen Hand un de Portmonni.

BréisselSpueren an Ëmschichten eleng wäert d‘Léisung net erbäiféieren. De Green Deal ass deraart fix versprach ginn, do gëtt et schwiereg zréckzerudderen. Déi denkbar einfachst Moossnam ass et den Undeel fir Landwirtschaft (do gi souwisou d‘Konzerner bevirdeelegt) a regional Fërderung (hei verléiert sech d‘Geld an däischtere Kanäl) ze kierzen. Pech: dat sinn alles national Themen…

Politesch Ofgrenzung ass antieuropäesch

Dem Charles Michel säin Zil? E Budget deen 1,074% vun der europäescher Wirtschaftsleeschtung ausmécht. Da sinn an absoluten Zuelen 1.090 Milliarden Euro, oder ronn 155 Milliarde pro Joer déi am pluriannuelle Budget misste verfestegt ginn. Fir Netto-Contributeure wéi Däitschland, Éisträich an Holland heescht eppes méi bezuelen, fir Netto-Beneficiaire wéi Polen, Rumänien an Ungarn géif et bedeiten sech op Verzicht anzestellen.

Weise mir der Vollstännegkeet halber nach drop hinn, datt nach ni ee Budget am éischten Duerchlaf ugeholl ginn ass. Zudeem léisst sech kaum ee zu Bréissel fannen, deen dem Charles Michel sengem Entworf eppes Positives ofgewanne géif. Déi strukturschwaach Länner fäerten d‘Kierzungen anerer gesinn sech doduerch onfair behandelt. Datt deem esou net misst sinn, dat ass awer och gewosst.

De pluriannuelle Budget kann awer nëmmen am Konsens an dem Matwierke vun alle Membere geléngen. Déi sinn sech leider nach ëmmer nëmmen an engem Punkt eens: si wëllen doheem un der Muecht bleiwen a Bréissel och weiderhin als de Schëllege fir dat eegent Versoe kënnen notzen. Aus dësem Gesiichtspunkt, muss een dann och net allzegrouss Wäert op den haidege Sommet leeën.

mat indymedia/bru

Foto: Ob et der EU-Kommissiounspresidentin gelénge kann, d‘Staats- a Regierungscheffen op dem Charles Michel säin Entworf anzegoen? Mat Sécherheet net bei dëser éischter Sëtzung. All déi wichteg Leit déi sech haut zu Bréissel gesinn, hunn nämlech net de Projet Europa, jo nach net emol dat eegent Land, mee eenzeg an eleng déi eege Carrière am Sënn. © EuCo

Ähnlech Sujeten Charles Michel, EU-Budget, EU-Kommissioun, EU-Sommet, Ursula von der Leyen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel