D‘Tierkei kann de Verfall vu senger Währung net ophalen
Der tierkescher Lira geet weiderhi schlecht, ganz schlecht. Et ass
Der tierkescher Lira geet weiderhi schlecht, ganz schlecht. Et ass
“When sport meets culture”: dat ass de Motto vum Escher
Um Méindeg hat d‘Gewerkschaft vun den graduéierten Educateuren (SLEG) seng
Wéi een um Freidegmoie gewuer ginn ass, huet den Direkter vun der DAC (Direktioun vun der ziviller Loftfaart) de Findel-Accord nees a Fro gestallt. Zanter gutt engem Joer gëtt sech doriwwer gestridden, wien de Bedreiwer vum Fluchhafe soll ginn.
D’Wiel besteet tëscht der ANA (Administratioun fir Loft-Navigatioun) an LuxAirport. Um Donneschdeg haten sech den Infrastrukturminister François Bausch an d’Personalvertriedunge vun der ANA op e Kompromëss verstännegt.
LuxAirport sollt esou en Deel vun de Kompetenzen iwwerhuelen an d’ANA hätt sollen d’Verantwortung fir d’Sécherheetsberäicher ronderëm Landebunne kréien. A Genau dat stellt de Pierre Jäger, Direkter vun der DAC, a Fro.
Am Interview mam „Radio 100,7“ erkläert hie säi Gesiichtspunkt: „Den Usaz datt et zwee Bedreiwer kéint ginn, oder en Deel vun der Verantwortung ofgetruede gëtt, wier an den EU-Texter net virgesinn“. Zwar wier et wuel méiglech, datt ee Beräich vun engem anere wéi dem Bedreiwer ofgewéckelt gëtt, virdrun awer misst ee Verantwortleche ginn.
Dat ass dann awer nees genee de Punkt deen d’Personalvertriedunge vun der ANA esou oft ënnerstrach hunn. Et wier dat e Wee op deen si sech net géife beginn. Si fäerten eng Privatiséierung an esou och eng Verschlechterung vun der Sécherheet um Fluchhafen. Dat besonnesch am Fall wou si fir LuxAirport misste schaffen.
Am Sécherheetsberäich dierft LuxAirport net dat läscht Wuert hunn, esou e Personalvertrieder vun der ANA. D’Gewerkschaften OGBL a CGFP stellen sech dann och hannert d’Personalvertriedunge a schwätze vu Streik falls et net zu enger Eenegung kënnt.
Och d’Personalvertriedungen hunn sech ganz kloer dofir ausgeschwat, datt et, falls eng Opdeelung vun de Kompetenzen net méiglech wier, eenzeg d’ANA als Bedreiwer a Fro kënnt. Domadder ass d’Eenegung déi de Minister wollt fonnt hunn hifälleg.
Nächste Mëttwoch gesinn sech d’Parteie beim Mediateur erëm. Halen se alleguerten un hirem Standpunkt fest, ass et Esseg mat der Eenegung. Ob a wann et dann zu engem Streik kéint kommen bleift awer ofzewaarden.