Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter
Sport

Lët’z go local: Vum Kichelchen bis bei de Moschter

Mat enge Ronn 50 Stänn, déi lokal Produkter verkafen a

Déi Hollännesch Gemengewahlen fanne sech am Schied vum Geheimdéngschtreferendum erëm
Sport

Déi Hollännesch Gemengewahlen fanne sech am Schied vum Geheimdéngschtreferendum erëm

12 Millioune Wieler wielen hir Vertrieder an 380 Gemengen. Dem

laughing
Nordstad: Déi éiweg Baustell
Sport

Nordstad: Déi éiweg Baustell

D’Nordstad ass e Projet, dee gutt gemengt, awer schlecht gemaach

Fine Flèche Walfer: De Gilles Seywert war de beschte Bouschéisser um 3D-Interklub Tournoi

Trotz Télévie a Kommioun, haten d‘Bouschéisser de leschte Sonndeg um Geierbierg zu Walfer e verhältnesméisseg gutt besichten internationalen 3D-Interklub Tournoi. Mat ronn 60 Participanten aus 5 Länner (Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland, Lëtzebuerg) war d‘Konkurrenz grouss.

Op engem ganz interessante Parcours, iwwer Wisen an duerch de Bësch, hunn 61 Bouschéisser sech de bass gehalen. Beim 3D-Bouschéissen, en enke Verwandte vum Feld-Bouschéissen (Field), steet d‘Juegdschéissen am Virgrond. Hei gëtt op kënschtlech 3D-Déieren ugesat, déi am Bësch opgestallt ginn. An hei feelt dann och net un Erausfuerderungen.

Kuerz erkläert

3D-Bouschéisse fuerdert vum Sportler eng zimlech genee Aschätzung vun der Schossdistanz. Dozou kënnt, datt ee géi Biergop a Biergof muss viséieren, grad wéi beim Feld-Bouschéissen. Wann awer d‘Gréisst vun der Scheif beim Feld-Bouschéissen definéiert ass, an esou hëlleft d‘Distanz anzeschätzen, esou ass och d‘Gréisst vun de Figuren déi getraff musse ginn, ënnerschiddlech.

Et brauch een hei also schonn eppes Erfarung mat de Figuren (Elch, Réi, Fuuss, Pohunn, asw.) fir d‘Distanz richteg anzeschätzen. Aus dësem Grond gëtt beim 3D-Bouschéissen éischter op e séiere Feil zréckgegraff. Fluchkurv ass hei méi Flaach, a neutraliséiert Feeler déi beim Aschätze vun der Distanz kënnen optrieden. Et versteet sech, datt d‘3D-Figure méiglechst realistesch opgestallt ginn.

Den Tournoi um Geierbierg

Beim Tournoi um Geierbierg ass no WA-Reglement (World Archery) geschoss ginn. Op all Figur gëtt et e „Kill“ – dat ass beim Déier d‘Plaz wou d‘Häerz ass – an dee bréngt 10 Punkten an. De „klenge Kill“ nach 8 Punkten asw. Och beim 3D-Boouschéissen, gëllt déi üblech Klasseverdeelung a Stilaarten an Alter.

Zum Asaz kommen dann och esouwuel de Compound– a Recurve-Bou, wéi de Blanke– (Barebow) oder de Laangbou (Longbow). Bei dësem Tournoi waren och e Juegdbou (Kategorie Compound) an e sougenannte Mongole-Bou (Kategorie Barebow) deen och als ReiderBou Bekannt ass.

Um Sonndeg war de Parcours op enger längt vun 4,8 Kilometer ugeluecht, an huet vill Kënne vu de Bouschéisser ofverlaangt. Et war hei ganz besonnesch interessant, d‘Ënnerscheeder tëscht de verschiddene Bou-Aarten ze entdecken. Datt sech datt ganzt matten an der Natur ofgespillt huet war eendeiteg e Plus, zudeem d‘Wieder net besser hätt kënne sinn.

Zu de Resultater

Am Barebow -Senioren Hären – huet de Saarlänner Peter Böhnel mat 357 Punkten, de Jeff Campana vun der Fine Flèche Walfer (FFW) op d‘Plaz verwisen. An der selwechter Kategorie – Veteranen Hären – konnt den Patrick Swietczak (FFW) mat 379 Punkten, sech duerchsetzen, Jean-Claude Jung an Hans Wiren vun der Flèche du Nord (FN) hannert sech loossen.

An der Kategorie „Juegt“ – Senioren Hären – waren op e neits d‘Kollegen aus dem Saarland eng Spuer besser wéi d‘Konkurrenz. Op éischter Plaz mat 454 Punkten den David Kossmann, op der zweeter säi Clubkomerod Marco Möhrlein mat 312 Punkten. Eng gutt drëtt Plaz huet sech de Fransous Vincent Chochoy, vun Hayange, mat ëmmerhin nach 285 Punkte geséchert. Bei de Veterane war de Kurt Gelhausen (FFW) mat 403 Punkten op der héchster Träppchen.

Bei de Laangbéi – Senior Dammen – huet d‘Anna Hess aus Düppenweiler mat 174 Punkten, hir Konkurrentin Gundula Spieler (114) vun der TG Konz kloer op d‘Plaz verwisen. Bei de Veteranen Häre war den Hess Lucien vu Walfer mat 229 Punkten de beschten, zweete gëtt de Jean-Paul Charlier vu Breux (F) mat 219 Punkten, an den Axel Handrock vun Düppenweiler (D) mat 193 Punkten, besetzt déi drëtt Plaz.

An der „oppener Klass“ setzt sech de Gilles Seywert vu Guillaume Tell Stroossen (GTW) knapp, mat 558 Punkten, virum René Aerts (DVW) 553 Punkten of. De Rui Goncalves vun Diana Wolz (DW) kënnt mat 515 Punkten op déi drëtt Plaz.

Bei de Veteranen Hären, schléit den Hollänner Theo Passier vu Concordia Sint Oedenrode, mat 516 Punkten, och knapp, säi laangjärege Frënd Marc Seywert (GTW) dee mat 510 Punkten op déi zweete Plaz kënnt. Den Escher Tom Weber (Bouschéisser Esch Uelzecht) huet sech mat gudde 472 Punkten, verdéngt op der drëtter Plaz behaapt.

Zur Vollstännegkeet: et huet a verschiddene Kategorien nëmmen een oder eng Bouschéisser(in) ginn, hir Resultater a déi d‘Punkte vun allen déi et net op de Podium gepackt hunn, fannt dir HEI.

Foto & Gallerie: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten 3D-Interklub Tournoi, Bouschéisse, Fine Flèche Walfer, Gilles Seywert
Nächsten Artikel Virrechten Artikel