Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jeunesse Jonglënster muss sech den Dammen aus dem Süde geschloe ginn
Neiegkeeten

Jeunesse Jonglënster muss sech den Dammen aus dem Süde geschloe ginn

Dräi wichteg Punkte fir den SC Beetebuerg an eng moralesch

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!
Neiegkeeten

What the Fakt – De 35. Gebuertsdag vum Prënz Félix!

De groussherzoglechen Haff freet sech iwwert de 35. Gebuertsdag vu

Jerusalem: 14 Blesséierter bei Ugrëff mat engem Auto
Neiegkeeten

Jerusalem: 14 Blesséierter bei Ugrëff mat engem Auto

Hënt ass zu Jerusalem e Mann mat sengem Auto an

Piraten: d‘Politik muss sech fir de Mënsch asetzen

De Vertrauensvirschoss fir de Koalitiounsprogramm ass kee Fräibréif fir eng Politik déi sech géint d‘Interesse vun de Bierger wennt

Piraten: d‘Politik muss sech fir de Mënsch asetzen

Wann d‘Parteien zur Presentatioun vum parlamentaresche Bilan alueden, da wielen ze zuweilen eng Plaz aus, déi esouwuel vum Kader wéi och an der Atmosphär „entspaant“ wëll sinn. Ganz esou einfach hu sech dat d‘Piraten net gemaach, de Choix vum „Kader“ ass och e politesche Message.

De Rendez-vous fir de Bilan war op e Samschdeg verluecht ginn, den Uert: 26. leschte Steiwer. Fir wien sech net auskennt, dat ass zu Bouneweg wou d‘Caritas de Centre Ulysse an eng Kaffisstuff ënnerhält, d‘Doktere vun der Welt en Dispensaire ënnerhalen an d‘Street Angels all Samschdeg mat Iessen a Kleeder, all deenen entgéintkënnt, virun deenen eis Gesellschaft ze oft d‘Ae verschléisst.

Esou huet den Deputéierte Marc Goergen drun erënnert, datt 2018 zu Lëtzebuerg 17 Mënschen „op der Strooss“ verstuerwe sinn, wat u sech scho Skandal genuch wier, ugesiichts de Moyenen déi dem Land zur Verfügung stinn. Wann een dann nach weess, datt et ëmmer méi Leit zu Lëtzebuerg gëtt, déi trotzt enger fester Schaff an Aarmut liewen, gëtt de Message vun de Pirate verständlech…

Et ass net gelappt ginn

Wann et richteg a leider och noutwenneg ass, ëmmer nees ob dëse Mëssstand opmierksam ze maachen, an et eng duerchaus lueflech Initiativ ass d‘Geld fir d‘Presseiessen engem gudden Zweck zouzeféieren, esou geet et natierlech och drëms, déi eegen Aarbecht vun dëser éischter Sessioun ze analyséieren. A mat 177 agereechten Dokumenter, hunn déi zwee Deputéiert sech net lappe gelooss.

Mat 90 parlamentaresche Froe vum Sven Clement an nach 69 vum Marc Goergen, 2 Gesetzprojeten (Wahlgesetz / ASBLen) déi et op den Instanzewee gepackt hunn, an enger rei Motiounen (vun deenen eng ugeholl ginn ass) hu sech béid Politiker, déi hiren Debut um Krautmaart gemaach hunn, hirer Verantwortung gestallt an de politeschen Optrag ugeholl. D‘Vakanz dierft eng kuerz ginn.

De politesche Bierger

Wéi et heescht sollen am Hiecht zwou Plattformen online goen, déi dem Bierger méi politesch Bedeelegung erméiglechen. Esou de Site „fro.lu“ mat deem d‘Bierger „hir parlamentaresch Fro“ formuléiere kënnen. Déi Deputéiert behalen sech hei vir, den Text vun de Froen esou unzepassen, datt si dem Chambersreglement entspriechen. Dat versprécht nach interessant ze ginn.

Den zweete Site „dengstëmm.lu“ soll de Bierger d‘Méiglechkeet bidden, d‘Decisiounen an der Chamber ze beaflossen. Dat heescht, datt d‘Piratepartei déi Themen déi um Krautmaart zum Vott stinn, online bekannt gëtt, an all Bierger sech fir oder géint de Gesetzprojet entscheede kann. Dat dierft am Kontext vu Verfassungsreform a Wahlgesetz duerchaus eng Roll spillen.

Apropos Verfassungsreform…

Et ass den Ament net einfach op d‘Verfassungsreform anzegoen, an et muss ee wëssen, datt déi zwee Deputéiert vun de Piraten an dëser Kommissioun just nolauschteren dierfen. Dat heescht net datt si dozou keng Meenung hätten. Esou bedaueren d‘Piraten, datt wann nëmmen d‘Rapporteuren uechtert d‘Land reese fir de Projet virzestellen, et keng neutral Campagne ka sinn.

Géif et de Piraten nogoen, sollt sech Lëtzebuerg an dëser Fro dem islännesche Modell unhuelen. Wa si sech dem Virstouss vun der CSV nach kënnen uschléissen, esou sinn och si sech net sécher, ob déi consultativ Referenden tatsächlech léisungsorientéiert wieren. D‘Schwieregkeet besteet jo och doranner, sech op déi „richteg Froen“ ze verstännegen. Zudeem misst ee sech dann och drun halen.

Dateschutz a geheim Datebanken

Wann et wéinst dem Skandal ëm „geheim an awer bekannt Datebanke“ den Ament eppes méi mouvementéiert tëscht Oppositioun a Regierung hiergeet, esou ass Dateschutz generell eppes wou d‘Pirate wéineg Spaass verstinn, an hei och wéineg Versteesdemech fir de Justizminister iwwreg hunn, deen als „gréngen“ bei der „Datenvorratsspeicherung“ net déi beschte Figur mécht.

Zum engen huet den europäesche Geriichtshaff d‘Gesetz scho veruerteelt, an en neit soll scho virleien, woubäi et dozou nach keen Avis vum Staatsrot gëtt. Déi gréng déi sech nach 2009 géint dës Method ausgedréckt haten, schéngen elo manner Problemer ze gesinn. D‘Piraten, déi net d‘Aarbecht vun der Police a Fro stelle wëllen, fuerderen d‘Récknam vun dësem Gesetz.

Wahlrecht an de Cumul vu politesche Mandater

Am Kontext vun der Reform vum Wahlgesetz, wou et och drëms geet ze entscheeden ob et net méi gerecht wier wann et nëmme méi ee Wahlbezierk géif ginn, hunn d‘Piraten eng kloer Meenung. Ee Wahlbezierk wier de richtege Wee, esou de Sven Clement, woubäi et schwiereg dierft sinn, bei de Bierger e Wahlziedel mat 60 Nimm ënnerzebréngen. Hei misst ee sech nach eppes iwwerleeën.

Wat de Cumul vun de politesche Mandater ugeet, een also net méi sollt gläichzäiteg Deputéierten a Buergermeeschter oder Schäffen dierft sinn, esou wier dat grondsätzlech richteg, woubäi och bei de Pirate relativiséiert gëtt. Et sollt dann de Fall sinn, wann de Cumul eng Aarbechtszäit vu 40 Stonnen an der Woch iwwerschreit. An en Deputéierten dee seng Aarbecht mécht, schafft scho méi Stonnen.

Sech fir d‘Wuel vum Land asetzen

Et ass wuel richteg, datt bei de Piraten den Ament eppes Opreegung herrscht, mee dat sollen si mat sech klären. Wichteg fir de Bierger ass et datt déi zwee Deputéiert eng konstruktiv Oppositioun maachen a wann et vu Regierungssäit eng gutt Propose gëtt, stellt ee sech deem net an de Wee. Et géif een esouguer, wann et ubruecht ass, der Regierung e Vertrauensvirschoss ginn.

Schued wier et, datt ee sech an de Kommissioune méi respektéiert fillt, wéi datt dann an der Chamber de Fall ass. Esou ginn och déi Motiounen, déi sech voll a ganz um Regierungsprogramm orientéieren, also eigentlech am Sënn vun der Koalitioun sinn, aus strikt politeschem Aktionismus zréckgewisen. Déi eegen Interesse stinn eben nach ëmmer iwwert dem Wuel vum Land…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamber, Krautmaart, Marc Goergen, parlamentaresche Bilan, Piraten, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel