Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Sig fir d’EcoBox an der internationaler Competitioun!
International Neiegkeeten

De Sig fir d’EcoBox an der internationaler Competitioun!

De Projet „EcoBox – méi laang genéissen“ begeeschtert duerch d’Dëppche,

Den Irak huet keng Loscht zum Krichsgebitt ze ginn
International Neiegkeeten

Den Irak huet keng Loscht zum Krichsgebitt ze ginn

An enger Sonnersëtzung huet dat irakescht Parlament eng onverbindlech Resolutioun

dislike
Afghanistan: Attentat mat enger Ambulanz zu Kabul
International Neiegkeeten

Afghanistan: Attentat mat enger Ambulanz zu Kabul

Bei der Explosioun vun enger Autosbomm, déi an enger Ambulanz

Berlin: Eenegung am Tarifkonflikt fir den ëffentlechen Déngscht

Berlin: Eenegung am Tarifkonflikt fir den ëffentlechen Déngscht

Et ware keng einfach Kollektivvertragsverhandlungen, déi et tëscht der Bundesregierung an de Gewerkschaft ver.di ginn hat, mee si sinn sech dës Nuecht eens ginn. Fir déi ronn 2,3 Millioune Salariéeë vu Staat a Gemenge gëtt et eng zolidd Revalorisatioun.

Bei de Verhandlunge stoungen sech den Inneminister Horst Seehofer (CSU), an de ver.di-Chef Frank Bsirske géinteniwwer. D‘Fuerderunge waren enorm, an d‘Gewerkschaft kann haut vun enger wuel haart ëmkämpfte, mee verdéngter Victoire schwätzen. Am Kollektivvertrag, deen eng Lafzäit vun 30 Méint huet, ass eng Lounerhéijung vun am ganzen 7,5% vereenbart ginn.

„Et ass dat beschte Resultat zanter Joren“ erkläert de Frank Bsirske, deen och drop hiweist, datt et besonnesch héijen Zouwuess an deene Beräicher ginn huet, wou den ëffentlechen Déngscht déi gréisste Personalproblemer huet. De Loun erhéicht sech fir déi Beschäftegt an dräi Etappe bis 2020.

Réckwierkend op den 1. Mäerz 2018, klammen d‘Paien ëm 3,2%, am Abrëll 2019 gëtt et eng Tranche vun 3,1%, a schlussendlech gëtt et am Mäerz 2020 nach emol 1,1%. D‘Tarifkommissioun vu ver.di huet dem Kompromëss zougestëmmt, nodeems och schonn hir Kollege vum Beamtebond „dbb“ an d‘Vereenegung vun de kommunale Patronatsverbänn (VKA) hir Zouso ginn haten.

Den ëffentlechen Déngscht nees attraktiv maachen

Den Inneminister Horst Seehofer huet vun enger spierbarer Lounerhéijung fir déi Beschäftegt geschwat, déi mat strukturelle Verbesserunge beim Entgeld verbonne sinn. Fir den ëffentlechen Déngscht nees méi attraktiv ze maachen, sollen d‘Ufanksgehälter ëm 10% ugehuewe ginn.

E Resultat, op dat sech d‘Salariat freeë kann, mee de Staat iwwert déi 30 Méint, 2,2 Milliarden Euro kascht. De President vun de kommunale Patronatsverbänn, Thomas Böhle, weist sengersäits drop hin, dat den Ofschloss d‘Gemenge 7,5 Milliarden Euro kaschten dierft. Et wier awer un der Zäit gewiescht d‘Salairen ze revaloriséieren.

Déi drëtt Ronn vun den Tarifverhandlungen hat e Sonndeg ugefaangen, an d‘Gewerkschaften haten eng Lounerhéijung vu 6%, mindestens awer 200 Euro gefuerdert. Fir d‘Patronatsverbänn an de Staat war virun allem de gefuerderte Mindestbetrag fir déi ënnescht Loungruppe problematesch.

mat AFP

Foto: Den däitschen Inneminister Horst Seehofer (r) an de ver.di-Chef Frank Bsirske deelen sech en zefriddent Laachen, nodeems de Kollektivvertrag fir den ëffentlechen Déngscht als ugeholl konnt erkläert ginn. © Ralf Hirschberger/dpa/AFP

Ähnlech Sujeten Frank Bsirske, Horst Seehofer, Kollektivvertrag, ver.di
Nächsten Artikel Virrechten Artikel