Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

72.Festival vu Cannes – Ee Selektiounsrekord fir Lëtzebuerg!
International Neiegkeeten

https://moien.lu/introduction-for-dating-sites-examples/

Dëst Joer sinn et Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi den audiovisuelle Secteur

dating spots in lahore
International Neiegkeeten

Déi gréng – Null Offall Stad Lëtzebuerg: elo!

Déi gréng sinn der Opfaassung, datt d’Stad Lëtzebuerg – trotz

What the Fakt – Den éischte Volvo leeft vum Band!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischte Volvo leeft vum Band!

Déi schwedesch Automark „Volvo“ steet och nach haut fir Sécherheet

Streik a Manifestatiounen uechtert d‘Welt fir d‘Rechter vun de Fraen

Streik a Manifestatiounen uechtert d‘Welt fir d‘Rechter vun de Fraen

Vum Frae-Generalstreik a Spuenien, bis hin zum feminine Marathon an enger aler Héichbuerg vum Islamesche Staat am Irak: vill Evenementer a Manifestatiounen hunn den 8. Mäerz – den internationalen Dag vun der Rechter fir d‘Fraen – weltwäit begleet.

Spuenien: feministesche Generalstreik

A Spuenien hat d‘Fraen de Generalstreik ausgeruff. Dat hat et am déif kathoulesche Land esou nach net ginn. Streikposte virun de grousse Geschäfter, stress am Transport an d‘Presentatrice vun der Tëleeë waren och net ze gesinn.

Déi zwou Haaptgewerkschaften a Spuenien, UGT an CCOO, haten zu enger zwou Stonne laanger Aarbechtsnéierleeung opgeruff. En Appell dee vu 5,3 Millioune Leit soll befollegt gi sinn. 10 Aner Gewerkschaften hate gefuerdert de ganzen Dag ze streiken.

Laut der Police, sollen zu Barcelona um Donneschdegowend eng 200.000 Leit fir d‘Rechter vun de Fraen op der Strooss gewiescht sinn.

Irak: Frae-Marathon zu Mossul

Et war wuel nëmmen eng symbolesch Streck, mat hire 900 Meter op enger Avenue zu Mossul. Mee 300 Fraen hunn an der zweetgréisster Stad vum Irak, enger fréierer Héichbuerg vum Islamesche Staat, um „Marathon“ deel geholl.

„Mat dësem Marathon wëlle mir der Fra nees eng Plaz an der Gesellschaft ginn, vun där se esou laang ewech gehale ginn ass“, betount d‘Organisatrice Fatima Khalaf. Tëscht den Organisatricen och Fraen déi Plakater héich gehalen hunn, op deenen un déi batter erliefte Realitéit erënnert gëtt.

„Genuch mat dem Bestietnes vu Mannerjäregen“ – „Briech däi Schweigen a so Nee!“ – „Ech hunn d‘Recht mech fräi auszedrécken“

Polen: géint den Ofdreiwungsverbuet

A gutt 40 polnesche Stied hunn d‘Fraen op hir Rechter opmierksam gemaach. „De Sujet ‚Ofdreiwung‘ steet natierlech am Mëttelpunkt vum haidegen Dag“, esou d‘Marta Lempart, eng feministesch Militantin „well et gëtt e Projet, d‘Gesetz nach ze verschäerfen, wat de Facto engem Ofdreiwungsverbuet gläich kënnt“.

D‘Parlament, dominéiert vun enger ultrakonservativer „Rietser“ hëlt sech dann och tatsächlech engem Gesetzprojet un, dat, wann et da géif ugeholl ginn, de Schwangerschaftsofbroch nëmmen nach an zwee Fäll zouléisst: wann e Risk fir d‘Liewen oder d‘Gesondheet vun der Mamm besteet, oder d‘Schwangerschaft eng Suite vun enger Vergewaltegung oder Inzest ass. Eng Ofdreiwung am Fall vun enger Foetus-Mëssbildung ass net méi erlaabt.

Tierkei: déi iwwerwaachte Maniff

Schwéierst bewaacht vun der Police, hunn e puer dausend Fraen um Defilé op der Avenue Istiklal zu Istanbul deelgeholl. Si sinn op d‘Strooss gaange fir méi „Fräiheet“ an d‘Enn vum „Patriarchat“. „D‘Situatioun vun de Fraen hei ass fir sech ze schummen, an et gëtt all Dag schlëmmer“, esou d‘Manifestantin Turkan Gezmis géintiwwer der AFP-Korrespondentin.

Organisatiounen zur Verdeedegung vun de Rechter vun de Fraen denoncéiere reegelméisseg, déi sexistesch, vun den tierkeschen Dirigente gemaachten Aussoen. Besonnesch dem President Recep Tayyip Erdogan seng misogyn Parollen hu Gewiicht.

Deen huet sech dann och net genéiert, an um Donneschdeg, dem internationalen Dag fir d‘Rechter vun de Fraen, am Kader vun engem Fest fir d‘Fraen, gesot: „Ech wënsche mir, datt déi tierkesch Fra op mannst dräi Kanner huet“.

USA: spéit Erkenntnis

D‘New York Times huet um 8. Mäerz eng Ongerechtegkeet „reparéiert“ an d‘Nekrologie vu 15 berühmte Frae verëffentlecht, wat se net bei därer hiren Ofliewe gemaach hat. Ënnert all deene bekannte Fraen: déi britesch Romancière Charlotte Brontë (1855), déi amerikanesch Poetin Sylvia Plath (1963) eng Ikon vum Feminismus, oder d‘Fotografin Diane Arbus (1971).

Si alleguerte waren zum Zäitpunkt vun hirem Doud, der New York Times keng Zeil wäert. „Säit 1951, gëtt d‘Rubrik Nekrologie vun der New York Times vu wäisse Männer beherrscht. Haut setze mir d‘Geschicht vu 15 remarkabele Fraen derbäi“, esou d‘Erklärung vun der Dageszeitung.

Latäinamerika: zu hirer Dausenden op der Strooss

Dausende Fraen a mofen T-Shirten an mat grénge Schaler, hunn um Donneschdeg zu Buenos Aires, Mexiko, mee och villen anere latäinamerikaneschen Haaptstied manifestéiert. Hei stoung d‘Gewalt déi de Fraen ugedoe gëtt am Mëttelpunkt.

Am Uruguay war den internationalen Dag fir d‘Rechter vun de Frae, mat engem enorme Marsch zelebréiert ginn. E Marsch dee vun enger schrecklecher Dot gestéiert ginn ass. Am Norde vum Land war um selwechten Dag en Fra ermuert ginn.

De Feminicide – d‘Ermordung vun enger Fra just well si eng Fra ass – ass an de Länner vu Latäinamerika verbreet. Als Beispill ka Mexiko genannt ginn, wou de Mord u Frae säit 2016 stänneg zouhëlt. Esou huet d‘UNO festgestallt datt 2016 a Mexiko 2.746 Fraen ëmbruecht gi sinn, 2015 waren et der „nëmmen“ 2.324. Déi offiziell Zuele fir 2017 leien nach net vir.

Frankräich: eng Zeitung déi de Männer méi deier Verkaf ginn ass

Fir ze sensibiliséieren (an sech och eppes Reklamm ze maachen) war d‘Dageszeitung „Libération“ gëschter fir d‘Männer 25% méi deier, wéi fir d‘Fraen. Mat dëser „Operatioun“ wollt d‘Zeitung op den Ënnerscheed tëscht de Paien opmierksam maachen. An Tatsächlech verdéngen am Frankräich d‘Frae 25% manner fir déi selwecht Aarbecht bei gläicher Qualifikatioun.

mat AFP

Foto: Och zu Los Angeles waren ze zu Dausende fir d‘Rechter vun de Fraen op d‘Strooss gaangen. © Frederic J. Brown/AFP

Ähnlech Sujeten 8. Mäerz, Feminismus, Rechter vun de Fraen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel