Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schueberfouer: Eng Erëffnung mat schlechtem gewëssen?
Neiegkeeten

Schueberfouer: Eng Erëffnung mat schlechtem gewëssen?

Eigentlech ass d‘Erëffnung vun der Schueberfouer d‘Geleeënheet fir eis Politiker

Ee Joer feste Prisong wéinst Vergewaltegung
Neiegkeeten

Ee Joer feste Prisong wéinst Vergewaltegung

Leschten Dënschdeg, ass op der Cour d‘Appell zu Lëtzebuerg, e

„Äre Projet (m)am Naturpark!“ – Präisiwwerreechung vun de beschten Iddien
Neiegkeeten

„Äre Projet (m)am Naturpark!“ – Präisiwwerreechung vun de beschten Iddien

Am Naturparkzenter Esch-Sauer huet gëschter, am Bäisinn vun der Ministesch

Mussen d‘Schüler fir d‘Sprangprëssessioun fräi kréien?

Mussen d‘Schüler fir d‘Sprangprëssessioun fräi kréien?

Wann et dem LSAP-Deputéierte Jos Scheuer nogeet, da jo. Deen huet nämlech de 15. Mee eng Petitioun agereecht, déi, sollt si virum 17. Juli 4.500 Ënnerschrëften zesummekréien, an der Chamber misst debattéiert ginn. Grond fir déi ganz Opreegung? D‘Regierung huet beschloss 2019 kee Schoulfräi fir de Päischtdënschdeg, Dag vun der Iechternacher Sprangprëssessioun, ze ginn.

Elo muss ee wëssen, datt de Päischtdënschdeg 2019 net an d‘Schoulvakanz fält, an eleng déi Iechternacher Schüler „fräi“ hunn, an esou un der Sprangprëssessioun kënnen deel huelen. E kulturellen Event deen eenzegaarteg an Europa, an 2010 och an den immaterielle Patrimoine vun der UNESCO ageschriwwe ginn ass. A bis ewell haten d‘Schüler am ganze Land Schoulfräi.

Fir déi Iechternacher ass d‘Tatsaach, datt d‘Schüler zu Lëtzebuerg net méi op Päischtdënschdeg fräi solle kréien, an esou net un der Sprangprëssessioun deel huele kënnen, déi rengsten Heresie an d‘Verleegne vun enger al iwwerliwwerter Traditioun. An de Jos Scheuer, Buergermeeschter vun 2000 bis 2005, wëll mat der Petitioun de Päischtdënschdeg als fixe fräien Dag fir Schüler festleeën.

De Sozialist kritt hei vum aktuelle Buergermeeschter, Yves Wengler (CSV) tatkräfteg ënnert d‘Äerm gegraff. Deen ass nämlech net nëmmen iwwerzeegt, datt déi Petitioun eng ausräichend Unzuel vun Ënnerschrëften erhale wäert, ganz Iechternach géif sech och asetzen, datt deem esou ass. Hei géif et schlussendlech nieft der Traditioun och ëm d‘Interesse vun der Stad goen.

Trennung vu Kierch a Staat?

Wann e bedenkt, datt et haaptsächlech op Drock vun de Sozialisten zu der laang gefuerderter Trennung vu Kierch a Staat komm ass, ass et schonn eng bosseg, datt elo grad fir d‘Iechternacher Sprangprëssessioun „Schoulfräi“ gefuerdert gëtt, an dat vum engem sozialistesche Politiker. An et gëtt déi sëlleche Leit, déi wësse wëllen datt d‘Sprangprëssessioun net nëmmen et reliéist Fest ass.

Dat erkläert zwar net implizit, firwat d‘Petitioun, déi een online op der Internetsäit vun der Gemeng Iechternach ausfëlle kann, och an der Basilika ënnerschreiwen dierf, mee beleet wéi wichteg dësen nationale kulturellen Héichpunkt, den Awunner ass. Laut dem Yves Wengler sinn déi schwéier aktiv, et soll esouguer e Werbefilm zu Promotiounszwecker gedréit, an iwwer Facebook verbreet ginn.

Gutt, et ass richteg, wéi de Buergermeeschter betount, datt Iechternach déi eelste Stad vum Land ass an d‘Uertschaft och wéinst senger Geschicht bekannt ass. D‘Sprangprëssessioun wier awer och eng touristesch Attraktioun, a wann d‘Schüler dofir net fräi kréien, géif Iechternach un Attraktivitéit verléieren. Datt d‘Sprangprëssessioun och e Wirtschaftsfacteur ass, gëtt net esou betount…

Mat der Petitioun awer, wëll de Jos Scheuer virun allem d‘Regierung dovunner iwwerzeegen, datt wann eppes am immaterielle Patrimoine vun der UNESCO ageschriwwen ass, een och verflicht wier all Dispositiounen ze ergräifen, déi dësen erhält an opwäert. De Päischtdënschdeg net méi als fräien Dag fir d‘Schoulen ze behalen, wier dann och schlicht an ergräifend onverantwortlech.

Foto: (cc) Harshil Shah

Ähnlech Sujeten Iechternach, Jos Scheuer, Päischtdënschdeg, Sprangprëssessioun, Yves Wengler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel