Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Sommet zu Tallin mat fromme Wonsch ofgeschloss
sag dating a sag

EU-Sommet zu Tallin mat fromme Wonsch ofgeschloss

2018 wëll d’EU-Kommissioun nei Reegele virstelle fir d’Gigante vum digitale

https://moien.lu/big-ditch-speed-dating/
sag dating a sag

nancy jo sales vanity fair dating apocalypse

Et gëtt vill flott Manéieren eis Haaptstad ze entdecken, a

money
Am beschte liewe léisst et sech zu: Melbourne
sag dating a sag

Am beschte liewe léisst et sech zu: Melbourne

Scho vir déi siwente Kéier hannert eneen, ass déi australesch

Divers Upassungen am Transport: Fir eng besser Mobilitéit?

Divers Upassungen am Transport: Fir eng besser Mobilitéit?

Am Kader vun den Aarbechten un der Infrastruktur vum Tram sinn ab e Sonndeg, den 3. November 2019 verschidden Upassungen um Niveau vum ëffentlechen Transport virgesinn. Dës Ännerunge bezéien sech op d’Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg, a virun allem op de Garer Quartier.

Nei gëtt esou beispillsweis, datt d’Gare-Rocade weider entwéckelt gëtt an dräi nei Quaie fir regional Busser opgebaut ginn, sou datt eng schnell Verbindung zum Zentrum an dem Kierchbierg méiglech ass. Dës weidere gëtt d’Gare AVL nei organiséiert an d’Linnen ugepasst. D’Avenue de la Gare an de Viaduc wäerten an Zukunft bidirektional sinn, so datt och hei eng effikass Zirkulatioun vun de Busser tëscht der Gare an der Uewerstad méiglech ass.

Och bei der Place Wallis ginn d’Spueren an d’Arrêten vun de Busser ugepasst. Esou sollen de Garer a Bouneweger Quartier besser verbonne ginn. Donieft gëtt um Boulevard Roosevelt (Uewerstad) eng Bushaltestell a béide Richtungen dobäi gesat, fir esou de flëssege Verkéier an der Avenue de la Gare ze garantéieren. Den Arrêt Al Avenue gëtt ab e Sonndeg net méi ugefuer vun de Linnen 13, 14, 19 an 23.

Mobilitéit

(v.l.n.r.) André vun der Marck, Luxtram; Lex Bentner, VDL; Patrick Goldschmidt, VDL; François Bausch, Transportminister; Alex Kies, MMTP © MMTP

A wat ass nach alles virgesinn?

RGTR Busser

Fir d’Avenue an d’Place de la Gare ze entlaaschte gi verschidde Linne vum RGTR deplacéiert:

  • D’RGTR-Linnen vum Eurobus (144, 172, 192, 194, 195) ginn op déi nei Haltestellen op der Rocade versat. Den Accès gëtt hei iwwert d’Passerelle bei der Gare garantéiert
  • De Bus a Richtung Zentrum, Kierchbierg an doriwwer hinaus sinn um Arrêt vum Quai Gare-Rocade 3 ze fannen
  • De Bus a Richtung Houwald, Hesper an doriwwer hinaus sinn um Arrêt vum Quai Gare-Rocade 4 ze fannen
  • D’Linnen 1997 an 300 feren um neie Quai Gare-Rocade 6 fort a komme vum Quai Gare-Rocade 3 un
  • D’Linnen 120 an 125 fueren um Quai Gare Centrale 9/12 fort a kommen och nees do un
  • De Schoulbus 968 fiert um neie Quaie Gare-Rocade 3 fort
  • D’Linnen ouni Nummer sinn net vun den Ännerunge betraff a behale weiderhin hire Start- an Endpunkt

AVL Busser

Reorganisatioun vun de Quaie ronderëm d’Gare

  • Transfert bei de Quai 3: D’AVL-Linnen 9 (Neudorf-Cents, Waassertuerm), 13 (Belair, Centre hospitalier) a 14 (Cents, Waassertuerm)
  • Transfert bei de Quai 5: D’Avl Linnen 10 (Steinsel, Michel Rodange Plaz) an 11 (Walferdange-Steinsel, Michel Rodange Plaz)
  • Transfert bei de Quai 6: D’AVL-Linnen 19 (Limpertsberg, Neumans Park), 23 (Beggen, Henri Dunant), 31 (Strassen, Oricher-Hoehl) an 90 (Ste Sophie)
  • Transfert bei den neie provisoresche Quai 9/12 (op der Héicht vum ale Quai 1 op der Gare): D’AVL-Linnen 1 (Kirchberg, Luxexpo Entrée Sud), 2/4 (Limpertsberg, Lycée M. Lucius), 7 (Kirchberg, Poutty Stein), 16 (Aéroport), 18 (Kirchberg, Luxexpo Entrée Sud), 21 (Rollingergrund-Eich, Centre Culturel), 22 (Strassen, Primeurs), 27 (Bonnevoire, L.T. de Bonnevoie), 70 (Hamm, rue de Bitbourg) an CN1 (Cents, Waassertuerm)
  • De Quai 102 gëtt provisoresch bei de Quai 103 deplacéiert (tëscht der Rue Joseph Junck an der Rue d’Épernay). Betraff sinn d’AVL-Linnen 1/125 (Hollerich, P+R Bouillon), 2 (Gasperich, Boy Konen), 4 (Cessange-Leudelange, Gemeng), 7 (Bonnevoie, J.F. Gagnler), 18 (Kockelscheuer, Patinoire), 23 (Gasperich-Bonnevoie, L.T. De Bonnevoie), 27 (Bertrange, Belle Étoile), 70 (Kockelscheuer, Patinoire), CN1 (Hollerich, P+R) an CN3 (Bonnevoie-Hamm-Pulvermühl)

Nei op der Axe Gare-Zentrum

Ab dem 3. November 2019 wäerten d’AVL-Linnen een neie Wee fueren. Dëse geet vun der Avenue de la Gare an dem Viaduc a béid Richtunge fir esou de Garer Quartier an den Zentrum ze verbannen. Eng Ausnam ass hei d’Linn 19 (Centre-plateau Bourbon-Gare Centrale). D’AVL-Busser fueren net méi iwwert de Pont Adolphe.

Dës Upassung, sou wéi den neien Arrêt um Boulevard Roosevelt brénge mat sech, datt verschidden Haltestellen an der Avenue de la Liberté tëscht der Gare an dem Zentrum ewech falen. Just d’Linnen 13, 14, 19 an 23 fueren nach den Arrêt Al Avenue an der Avenue de la Gare un.

Mobilitéit

D’Aarbechten an der Avenue de la Liberté lafen op Héichtouren

Weider Upassungen

  • Linn 7 (Bonnevoie-Kirchberg): den aktuellen Terminus Heedekëppchen gëtt ersat duerch den neien Terminus Jean-François Gangler. D’Linn 7 fiert ab Bouneweg, Jean-François Gangler iwwert d’Rue Pierre Krier, d’Rue de Hesperange an d’Route de Thionville a Richtung Gare a fiert weider iwwert Verluerekascht-Polvermillen-Cents-Neiduerf op de Kierchbierg. Vu Méindes bis Samschdes fiert dës Linn am 30 Minutten-Takt.
  • Linn 12 (Merl-Parc de l’Europe): Den aktuellen Terminus P+R Bouillon gëtt ersat duerch Merl-Celtes. Ab September 2020 gëtt d’Linn 12 vun elektresche Busser gefuer.
  • Linn 15 (P+R Bouillon-Hamm): Den neien Terminus ass um P+R Bouillon an ersetzt esou d’Linn 12. Esou kënnen d’Haltestelle Conservatoire an Athénée besser ugefuer ginn. Och hei wäerten d’Busser ab September 2020 elektresch sinn.
  • Linn 24 (Howald-Centre Hospitalier): Dës Linn gëtt a béid Richtunge verlängert an erméiglecht eng besser Verbindung tëscht dem Centre Hospitalier, dem Quartier Märel-Belair an dem P+R Bouillon, sou wéi an déi aner Richtung d’Verbindung tëscht dem P+R Bouillon iwwert d’Cloche d’Or an de P+R Lux-Sud a Richtung Houwald. Ab September 2020 gëtt och dës Linn vun elektresche Busser gefuer.
  • Linn 27 (Bonnevoie-Bertrange): Tëscht Märel an der Gare fiert dës Linn de P+R Bouillon a béid Richtungen un a gëtt iwwert d’Gare hinaus verlängert. D’Linn 27 fiert esou laanscht d’Haltestelle Wallis a Rocade bis zum neien Terminus beim Bouneweger Lycée. Dëse Bus fiert all Dag, och Sonndes, all 30 Minutten.
  • Linn 28 (Gare Centrale-Strassen): Samschdes fiert dës Linn elo tëscht 8 an 20 Auer all 15 Minutten
  • Linn 29 (Cloche d’Or-Senningerberg): D’Streck um Houwald gëtt ugepasst fir esou Stau ze vermieden. Den Arrêt Howald, Op der Stirzel fält ewech, sou wéi och den Terminus Cargo-Center.
  • Linn 70 (P+R Kockelscheuer-Hamm): Ab Hamm, rue de Bitbourg fiert d’Linn iwwert d’Polvermillen-Verluerekascht a Richtung Gare. Weider geet et iwwert Zéisseng, de Kuelebierg, Ban de Gasperich a Richtung P+R Kockelscheuer. Esou soll d’Verbindung tëscht Zéisseng an der Gare verstäerkt ginn. Vu Méindes bis Freides fiert de Bus all 30 Minutten.

Elo nei: D’Linn 26 Steinsel-Luxembourg-Kirchberg

D’Upassunge vun de Linnen 24 a 70 erméiglechen et déi aktuell Linn 26 (Howald-Kockelscheuer) ewech ze loossen an eng nei Linn 26 tëscht Steesel an dem Kierchbierg entstoen ze loossen. Déi nei Linn ersetzt dobäi d’RGTR-Linn 282 a fiert bei sengem Tour och d’Quartiere Beggen, Eech, Pafendall, Clausen an Neiduerf un. Vu Méindes bis Freides fiert de Bus all 20 Minutte, Samschdes all 30 Minutten a Sonndes all Stonn. Den Zäitplang vun der Linn 26 entsprécht deem, vun der Linn 23.

Upassungen um City Night Bus

  • CN1: P+R Bouillon, Gare, Parking Glacis, Clausen, Neiduerf, Cents (bleift onverännert)
  • CN2: Bouneweg-Nord, Gaasperech, Zéisseng (al Linn CN3)
  • CN3: Bouneweg-Sud, Hamm, Polvermillen
  • CN4: Kierchbierg, Weimeschhaff
  • CN5: Kierchbierg, Weimeschhaff, Millebaach, Rollengergronn
  • CN6: Eech, Beggen, Dummeldeng
  • CN7: Lampertsbierg, Märel, Belair (al Linn CN2)

D’Zich vum CFL

Duerch d’Aarbechte wäert een d’Kuerzzäit-Parkingen (Kiss + Rail) an Zukunft beim P+R CFL vun der Gare fannen. Déi éischt 30 Minutte vum Stationnement sinn hei gratis.

Nei Pläng an nei Zäiten

Duerch déi zuelräich Upassungen an Ännerunge changéieren natierlech och d’Buspläng an d’Fuerzäiten. D’Depliante mat den neien Zäite vun den AVL- an RGTR-Linnen sinn säit dem 24. Oktober 2019 bei de verschiddenen Infopunkter vum Transport, der Mobilitéitszentral an der Info-Box (20-22 rue des Bains) ze fannen.

Op der Gare gëtt dofir gesuergt, datt duerch visuell an klanglesch Messagen d’Ëffentlechkeet genuch iwwert d’Ännerungen informéiert gëtt. Personal vun der Mobilitéitszentral, der CFL an dem Bus-Service vun der Stad Lëtzebuerg sinn op der Plaz fir d’Notzer vum ëffentlechen Transport ze guidéieren an hir Froen ze beäntferen.

Weider Informatioune ginn et ënnert www.mobiliteit.lu/travaux-tram an op newbus.vdl.lu. D’Mobilitéitszentral ass iwwert d’Telefonsnummer 2465-2465 , de Service AVL iwwert d’Nummer 4796-2975 an d’CFL iwwert d’Nummer 2489-2489 ze erreechen.

Ähnlech Sujeten AVL, Bus, CFL, City Night Bus, Ëffentlechen Transport, Fuerplang, Mobilitéit, Mobilitéitszentral, RGTR
Nächsten Artikel Virrechten Artikel