Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De sanitären Armageddon
Neiegkeeten

De sanitären Armageddon

Weltwäit ass Italien dat Land, datt säit Ausbroch vum Coronavirus

Vereedegung vun zwee Schäffen
Neiegkeeten

Vereedegung vun zwee Schäffen

Haut am fréien Nomëtteg sinn nees zwee Schäffe Vereedegt ginn,

Kropemannsfest 2018 – De Réidener Waassergeescht huet nees dausende Leit begeeschtert
Neiegkeeten

Kropemannsfest 2018 – De Réidener Waassergeescht huet nees dausende Leit begeeschtert

E Sonndeg huet Réiden erëm mat ee grousse Programm un

Fir eng koherent Reform vun de Formatioune vun alle Gesondheetsberuffer

Fir eng koherent Reform vun de Formatioune vun alle Gesondheetsberuffer

Zanter ee puer Méint huet sech en ëffentlechen Debat breet gemaach, dee sech op de Mangel vum Personal an de Gesondheetsdéngschter bezitt. Et ergëtt sech datt een och hei, wéi bei villen anere Beruffer un der Attraktivitéit an un de Formatioune schaffe muss, wann et soll besser ginn.

Den Departement Gesondheet, sozial an edukativ Déngschter vum OGBL, huet dann elo och an engem Communiqué drun erënnert, datt déi wichtegst „Ressource“ vun engem Spidol oder engem Fleegeheem d‘Personal ass. Leider huet déi stänneg Verdichtung vun der Aarbecht, déi onendlech Iwwerstonnen an d‘Penibilitéit déi dem op Schichte schaffen unhänglech ass zur Konsequenz, datt et zolidd Problemer beim Rekrutement vum Fleegepersonal gëtt.

Elo huet net nëmme Lëtzebuerg an dësem Secteur ee Problem, och bei eisen Nopere feelt et u Leit déi nach bereet si vir e schlechte Loun eng esou kierperlech ustrengend wéi och „verantwortlech“ Aarbecht op sech ze huelen. Eis interesséiert hei elo éischter d‘Situatioun vu Lëtzebuerg, a Fakt ass, datt sech kaum nach Mataarbechter fanne loossen, an dat an engem Secteur vun deem een eigentlech ausgeet, datt dësen déi vulnerabelst an de Gesellschaft schütze soll.

Fir deem eppes entgéint ze setzen, fuerdert den OGBL, datt d‘Formatiounen am Gesondheetssecteur an de „Prozess vu Bologna“ integréiert ginn, datt mat der Schafung vun engem „Bachelor“ fir d‘Infirmieren an engem „Master“ fir spezialiséiert Infirmieren. Et wier dat ee noutwennege Schratt, wann ee seriéis gewëllt wier sech och muer nach den Erausfuerderunge vum engem evolutive Secteur ze stellen.

Den Departement Gesondheet, sozial an edukativ Déngschter vum OGBL, weist drop hinn, datt et ouni engem koherente Formatiounsmodell, deen all déi aktuell Acteuren aschléisst a revaloriséiert net ka virugoen. Den OGBL warnt virun de Geforen déi d‘Schafe vun neien „intermediaire“ Beruffer géif mat sech bréngen. D‘Gewerkschaft ass och strikt géint d‘Schafe vun zwou Zorten „Infirmier“. Et sollt och net dovunner profitéiert ginn, fir d‘Aarbecht an d‘Plaz vun den Aide-soignanten, oder den „Auxiliaires de Vie“ an/oder der Sozial- Familljenhëllef am Gesondheets- a Fleegesecteur a Fro ze stellen.

Zu gudder Lescht verlaangt den OGBL dann och vun der Regierung – ëmmerhin ass een déi gréisste Gewerkschaft vum Secteur – mat an de Prozess vun der Elaboratioun vun enger Reform vun de Gesondheetsberuffer agebonnen ze ginn. An dat méiglechst direkt da, wann d‘Regierung esou eng Initiativ ergräift.

Mam Departement Gesondheet, sozial an edukativ Déngschter vum OGBL

Foto: Jason Shivers / Pixabay

Ähnlech Sujeten Aide-soignant, Auxiliaire de Vie, Formatioun, Gesondheetspolitik, Gesondheetssystem, Infirmier, Infirmière, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel