Search

You may also like

Den IS vergräift sech un Teheran
Neiegkeeten

Den IS vergräift sech un Teheran

Gëschter hunn Attentäter an der iranescher Haaptstad matten am Parlament

D’Covid-Gesetzer musse grondsätzlech verbessert ginn!
Neiegkeeten

D’Covid-Gesetzer musse grondsätzlech verbessert ginn!

Dräi Méint nom Ufank vun den éischte Moossnamen zur Andämmung

Wou sinn se drun, d‘Alternativen zum Plastik?
Neiegkeeten

Wou sinn se drun, d‘Alternativen zum Plastik?

Fir den Impakt vum Plastik op d‘Ëmwelt ze reduzéieren, huet

Fir eng participativ an equitabel „low-carbon“ Gesellschaft

Fir eng participativ an equitabel „low-carbon“ Gesellschaft

Leschte Mëttwoch hunn d‘Ëmwelt-, Energie- a Klimaminister vum Benelux: Carole Dieschbourg (Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung zu Lëtzebuerg), Marie Christine Marghem (Ministesch fir Energie, Ëmwelt an nohalteg Entwécklung an der Belsch) an Eric Wiebes (Minister Fir Wirtschaft a Klima an Holland), d‘Benelux-Deklaratioun zum Klima a Presenz vum Adjoint vum Exekutiv-Sekretär fir Klimachangementer (UNFCC), Avais Sarmad, virgestallt.

D‘Klimadeklaratioun ass am Pavillon vun EIB-Benelux (Europäesch Investitiounsbank) zu Bréissel iwwerreecht ginn. Dësen Event huet en Marge vun UN-Klimakonferenz (COP24) zu Katowice stattfonnt. Iert et zur eigentlecher Iwwergab vun der Deklaratioun un de Vertrieder vun de Vereenten Natioune koum, war d‘Deklaratioun, déi sech op den „Talanoa-Dialog“ bezitt, dem EU-Kommissär fir Klima an Energie, Miguel Arias Canete, an de Grapp gedréckt ginn.

An dëser Deklaratioun gëtt festgehalen, datt d‘Transitioun zu enger Gesellschaft mat niddregem Karbon verbrauch (low-carbon) muss equitabel duerchgefouert ginn, dat an engem méi breede Kontext vun der nohalteger Entwécklung, am Respekt vun de Rechter an der Mataarbecht vun de Bedeelegten. Fir dat Zil ze erreechen, gëtt op eng verstäerkten Zesummenaarbecht vun de Benelux-Länner gesat. An der Deklaratioun gëtt et Kapitel zu: Transport, Finanzement a Solidarekonomie.

matgedeelt vum Ëmweltministère

Next post Previous post