Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bom Caminho! Zwee Jugendlecher um Jakobswee
International Neiegkeeten

Bom Caminho! Zwee Jugendlecher um Jakobswee

Et geet ëmmer dem giele Feil no Richtung Santiago de

What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!

Säit senger Grënnung am Joer 2009 konnt den nationale Sproocheninstitut

Chantier Route d’Esch / Kuelebierg – déi nächst Etapp
International Neiegkeeten

Chantier Route d’Esch / Kuelebierg – déi nächst Etapp

D’Stad Lëtzebuerg informéiert seng Bierger, wéi och d’Notzer vum ëffentlechen

Fir Fridden a Solidaritéit – een Reseau an der Groussregioun

Fir Fridden a Solidaritéit – een Reseau an der Groussregioun

Gëschter ass mat engem grenziwwerschreidenden Appell, a Form vum Programm „Netzwierk Krichs- a Fluchtursaachen: Grenziwwerschreidend Projete fir Fridden a Solidaritéit“ gegrënnt ginn. Vereenegungen aus 4 Länner a 5 Regiounen hunn an dësem Kader hir zukünfteg Zesummenaarbecht ugekënnegt.

Dorënner sinn: „AG Frieden Trier“ aus Däitschland, „Coalition luxembourgeoise pour la paix – COLUPA“ aus der Belsch, „Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg – FSPL“ aus Lëtzebuerg, „Friedensnetz Saar“ aus Däitschland, „Mouvement pour une Alternative Non-violente Nancy – MAN Nancy“ aus Frankräich a „Pax Christi Saar“ aus Däitschland. Fir dës Vereenegunge gëllt et elo sech resolut fir d’Mënscherechter an de Fridden, fir konkret Initiativen zur Ofrëschtung a fir global Gerechtegkeet, fir Solidaritéit mat Flüchtlingen a fir Weltoppenheet an ze setzen. Dobäi steet d’Netzwierk generell géint de Militarismus, Populismus an Haass.

An de kommende Woche wäerten d’Vereenegunge mat Initiativen, wéi beispillsweis der Ënnerstëtzung vum Nuclearban-Vëlostour, ee konkrete schoulesche Projet oder déi kommend Europawahlen opwäerten.

Weider Vereenegunge kënnen dem Reseau natierlech bäitrieden, an dat iwwert de Site www.cerclevivihommel.lu. Uspriechpartner fir Lëtzebuerg ass d’Friddens- a Solidaritéitsplattform (fsplux@posteo.lu).

Ee grenziwwerschreidenden Appell

Fridden ass d’Glanzstéck vun der Vernonft“ – Immanuel Kant

De Fridde ka just bestoe wann d’Mënscherechter, d’Grondsätz vun der Demokratie an déi nohalteg Entwécklung weiderhin oprecht erhale ginn. Dofir wëllen d’Organisatiounen aus der Provënz Lëtzebuerg, dem Saarland, Rheinland-Pfalz a Loutrengen hire Beitrag leeschten an d’Gesellschaft motivéieren sech och fir de Fridden an d’Ofrëschtung ze engagéieren.

Global Problemer kënnen net duerch Konfrontatiounen a militäresch Asätz geléist ginn. Generell muss ëmgeduecht gi fir Konflikter, Krichs- a Fluchtursaachen ze bekämpfen. Léisungsusätz mussen heibäi vun alle Bedeelegte kommen duerch eng enk Zesummenaarbecht, den Austausch, den Dialog an de Vertrauensopbau bei Verhandlungen.

Et gëtt keng Sécherheet géinteneen, mee just mateneen. Dofir muss d’Zivilgesellschaft sech staark maachen. Den europäesche Reseau well dofir d’Bierger(innen) an der Groussregioun zu engem Zesummeliewen ouni Gewalt sensibiliéieren.

Ähnlech Sujeten AG Frieden Trier, COLUPA, Fridden, Friedensnetz Saar, FSPL, Gewalt, MAN Nancy, Pax Christi Saar, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel