Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamber: „Esou Feeler dierfen eis net méi ënnerlafen“
International Neiegkeeten

Chamber: „Esou Feeler dierfen eis net méi ënnerlafen“

D‘CSV hat zur Erëffnung vun der Sëtzungswoch eng Aktualitéitsstonn am

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 6
International Neiegkeeten

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 6

Och an dëser Ronn hu mer de Bléck iwwert d’Landkaart

Opgepasst: d‘Schoul fänkt nees un!
International Neiegkeeten

Opgepasst: d‘Schoul fänkt nees un!

D‘Schoulvakanz geet op en Enn an et muss een wéi

Eng „nei Weltuerdnung“ fir Groussbritannien

Kaum introniséiert, dréit de Boris Johnson d‘Kinnekräich op lénks an d‘Queen muss sech fügen

Eng „nei Weltuerdnung“ fir Groussbritannien

Bei de forcéierten Neiwahle vum leschten Donneschdeg, konnten déi Konservativ (Tories) fir déi sechste Kéier a Folleg hir Mandater ausbauen. Marginal Gewënner an auserwielte Wahlkreesser hunn den Ënnerscheet gemaach an de Sozialdemokraten (Labour) d‘Botter vum Brout geklaut.

Zanter elo bal 10 Joer sinn déi Konservativ um Pouvoir an et schéngt plausibel, datt déi Konservativ och déi nächst 10 Joer d‘Geschécker vum Land leede wäerten. An d‘Queen, där hir perséinlech Meenung net gefrot ass, huet sech zum Statement: „D‘Reforme vun der Regierung entspriechen de Wënsch vum Vollek“ eppes missen iwwerwannen. Als déngschteelst Regentin eng Erausfuerderung.

Nach virun 2 Méint hat d‘Queen hir Trounried am vollen Ornat virgedroen. Déi war onverhuele parteilech inzeenéiert an enger Regentin eigentlech onwierdeg. Gëschter ass d‘Kinnigin net mat der Päerdskutsch, mee mam Bentley ugereest. Hir Kroun ass getrennt „kutschéiert“ ginn an huet op engem Kësse gerout. Si huet sech awer ganz manéierlech un den eeschte Programm gehalen.

Hiren „Job“ beschränkt sech jo och op d‘Virliese vum Regierungsprogramm, deen de Boris Johnson ausgeschafft huet. Seng zolidd Majoritéit huet him vill Muecht abruecht an déi huet hien och wëlles ze notzen. Hien huet am House of Commons net fir déi éischte Kéier vun enger Volleksregierung geschwat, an dem Land den Antrëtt an e gëllenen Zäitalter versprach. Dat ass Optimismus pur.

D‘Reien zesummenzéien

Déi Deputéiert a senger Fraktioun stinn hannert him an et zeechent sech esou eppes wéi eng nei Symbios of. Gutt déi meescht vun den 364 Tories sinn sech bewosst, datt si hiert Mandat dem Boris Johnson verdanken an de Boris Johnson weess, datt eng kritesch Minoritéit vun hinne politescht Neiland betrëtt. Gemengt sinn déi vernoléissegt nordenglesch an nordwalisesch Provënzen.

An dës „Neiwieler“ wëll de britesche Premierminister bei Laun halen. Versprach goufen esou méi staark Strofe fir Terroristen a Krimineller. Et soll vill Geld an d‘Gesondheet an d‘Educatioun investéiert ginn. Woubäi sech awer d‘Fro stellt, wéi de BoJo aus dem „politeschen Zentrum“ eraus regéiere wëll: Labour ass deraart wäit lénks opgeschloen an déi moderat Mëtt huet sech opgeléist.

Interessant awer, datt se bei der Aarbechterpartei hire briteschen Humor nach net ganz verluer hunn. Esou huet de fréiere Premier Tony Blair (Labour) e Mëttwoch gesot: „E lénke Putsch huet Labour an eng herrlech Protestbeweegung verwandelt. Mat kultaartege Schläifen an net méi amstand eng glafwierdeg Regierung opzestellen“. Dat ass zimlech staarken Tubak, mee net wierklech verkéiert.

Rebellesch awer onbeuecht

Dee vum Tony Blair ugedeite „Lénksrutsch“ gëtt vum Jeremy Corbyn verkierpert. Hien huet sech nach emol drop behaapt, datt Labour fir d‘Aarbechter steet, also fir d‘Majoritéit, net d‘Minoritéit. Nodeems d‘Wahlen eendeiteg eng aner Versioun geliwwert hunn, war et net verwonnerlech, datt de Labour-Leader fir säi Sproch spëttesch ausgelaacht gouf. Esou änneren sech d‘Zäiten…

Haut geet et am House of Commons nees ëm de Brexit. Den Termin vum 31. Januar 2020 soll a wäert och gehale ginn. Wie gemengt hat, datt de BoJo seng Muecht fir ee méi gemällege Kurs asetze géif, huet sech verspekuléiert, well de Premier wëll eng Verlängerungsfrist vum Parlament gesetzlech verbidde loossen an d‘Matsproocherecht beim Handelsaccord mat EU gëtt beschnidden.

„Get Brexit Done“ war de Slogan an de Walen, an et misst scho gewalteg eng geschéien, fir de Boris Johnson vun dësem Wee ofzebréngen. Klengt och no enger Scheedung ouni Kompromëss, noutfalls ouni Accord, woubäi Bréissel jo eigentlech dem Premier säin „Deal“ schon ugeholl huet. Et ass dann och gutt, datt et endlech zu enger Entscheedung kënnt, mee et bleift interessant.

Wat am Regierungsprogramm steet

An der sougenannter Ried vun der Queen (Queen‘s Speech), geet ëm d‘Presentatioun vun der Regierungserklärung déi si vum Premierminister an de Grapp gedréckt kritt, an déi si esou wéi zougedroen ofzeliesen huet. Et konnt een der aler Fra am Gesiicht ofgesinn, datt si net wierklech „iwwerzeegt“ war, wat och duerch d‘Aart a Weis vum „Optrëtt“ esou ënnerstrach ginn ass.

Si huet also manéierlech de Programm virgedroen, deen de Boris Johnson virginn huet. Esou ass de Brexit déi éischt Prioritéit, gefollegt vun der Opnam vun de Verhandlunge fir en Handelsaccord. Dat ass den internationale Volet. National sollen d‘Zouwendungen un den nationale Gesondheetssystem (NHS) gesetzlech verankert ginn. Bis 2024 sollen eng 40 Milliarden Euro an de System fléissen.

Auslännesche Fachaarbechter soll e séiert Awanderungsverfaren zougestane ginn. Generell soll d‘Migratioun iwwert e Punktesystem gesteiert ginn. Gewaltverbriechen an Terror ginn zukünfteg mat aller Häert bestrooft. Interessant: de Boris Johnson huet sech a sengem Regierungsprogramm drop festgeluecht, datt Groussbritannien bis 2050 „Klimaneutral“ gëtt. Do brauch et nach e Gesetz.

mat indymedia/lon

Foto: © Prime Minister‘s Office

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Groussbritannien, Queen Elizabeth II, Regierungserklärung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel