Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schwéier Explosioun a Méi-Familljenhaus a Sachsen-Anhalt
Neiegkeeten

Schwéier Explosioun a Méi-Familljenhaus a Sachsen-Anhalt

Um Freidegmueren (08.55 Auer) si bei enger Explosioun an engem

De Süd-Sudan leit Honger
Neiegkeeten

De Süd-Sudan leit Honger

Schonn zënter ville Joren ënnerstëtzt Caritas Lëtzebuerg d’Bevëlkerung vum Süd-Sudan

Bal 1 Millioun Persounen hunn 2016 eng europäesch Nationalitéit krut
Neiegkeeten

Bal 1 Millioun Persounen hunn 2016 eng europäesch Nationalitéit krut

Gutt 995.000 Persounen hunn 2016 d’Nationalitéit vun engem EU-Membersstaat ugeholl.

Fir méi Egalitéit op der Aarbecht

Positiv Aktiounen: Ministesch presentéiert d‘Moderniséierung vum Programm zu Gläichheet op der Aarbecht

Fir méi Egalitéit op der Aarbecht

De Programm „Positiv Aktiounen“ ass ee Schlëssel-Instrument vum Ministère fir Egalitéit tëscht de Fraen an de Männer, mat deem d‘Gläichstellung op der Aarbecht soll virugedriwwe ginn. Hei ginn déi Entreprise begleet, déi sech (fräiwëlleg) bereet erklären déi gutt Praktiken ze entwéckelen a sech zertifiéieren ze loossen.

Wann de Konzept selwer scho virun 20 Joer op de Wee bruecht ginn ass – deemools ass nach vun der „femininer Promotioun“ rieds gaangen – esou ass virun enger Dose Joeren eng méi strukturéiert Approche op d‘Plaz gesat ginn. Elo ass et un der Zäit deem ganzen en neie Schwong an esou och e puer nei Grondlagen ze ginn. Dat fir den Evolutiounen um Aarbechtsmaart Rechnung ze droen.

Esou integréiert den neie Programm d‘Dimensioun vum Télétravail, d‘Evolutioun vun de Carrièren no engem Elterecongé an Instrumenter, mat deenen sech d‘Egalitéit bei der Remuneratioun an de Weiderbildungen iwwerpréiwe loossen. D‘Egalitéit entsprécht den haitege sozialen a ekonomeschen Erausfuerderungen, firwat d‘Instrumenter vum Programm verstäerkt goufen, an esou d‘Entreprise esouwuel encouragéiere sollen, wéi dësen hëllefe kann hiren Aktiounsplang op d‘Been ze stellen.

D‘Gläichstellung ass en Hiewel, deen zur gläicher Zäit derzou bäidroe soll, datt sech d‘Salariéeë wuel fillen an déi wirtschaftlech Performance vun der Entreprise ka gesteigert ginn. „Fraen a Männer miss d‘Méiglechkeet hunn sech wirtschaftlech op eng equitabel Aart a Weis ze entwéckelen a mam Programm ‚Positiv Aktiounen‘ stimuléiere mir ee Bewosstsinn a begleeden d‘Entreprise bei der Aféierung vu Moossnamen zur Egalitéit. Mir zertifiéieren déi gutt Praktike fir eng reell Kultur vun der Egalitéit erbäizeféieren“, esou d‘Ministesch fir Chancëgläichheet, Taina Bofferding.

Am Kader vun dësem Programm, sinn Direktioun a Personaldelegatioun vun der Entreprise gehalen zesummenzeschaffen, fir den Aktiounsplang auszeschaffen. D‘Zil ass et d‘Egalitéit als kollektive Projet am Alldag festzeleeën. De Programm „Positiv Aktiounen“ berout op dräi thematesche Sailen:

  • Egalitéit beim Traitement (Salaire, Rekrutement a Formatioun);
  • Egalitéit wann Decisioune geholl ginn;
  • Egalitéit an de Conciliatioun tëscht Beruffs- a Privatliewen.

De Programm fänkt mat enger Analys un, déi vum Ministère finanzéiert gëtt. D‘Direktioun vun der Entreprise, d‘Salariéeën an d‘Personaldelegatioun stellen hei déi aktuell Situatioun an hiert Erlieften duer. Eng Berodungsfirma, beoptraagt vum Ministère, hëlt dann dës quantitative a qualitativ Daten op de Leescht. Et ass unhand vun dësen Informatioune wou d‘Entreprise an engem Aarbechtsgrupp, säin Aktiounsplang opstellt.

De Programm „Positiv Aktiounen“ erméiglecht et enger Entreprise d‘Moossname fir d‘Egalitéit ze formaliséieren an se uschléissend zertifiéieren ze loossen. Als neit Element vun der Neifaassung, besteet den Aktiounsplang aus siwen Aktiounen, fir sécherzestellen, datt Fraen a Männer dann och dat selwecht Gehalt fir déiselwecht Aarbecht erhalen, sech un den Entscheedunge kënne bedeelegen a vun engem gudden Equiliber tëscht Beruffs- a Familljeliewe profitéieren.

De Programm bréngt d‘Entreprise esou derzou:

  • eng déifgräifend Analys vum Wuelbefanne vun de Fraen an de Männer an der Entreprise ze hunn;
  • en Aktiounsplang fir d‘Egalitéit opzestellen;
  • ënnerstëtzt d‘Zeréckbehale vun den Talenter a bitt eng gréisser Mixitéit op alle Niveauen;
  • féiert derzou Indikatoren an Methoden zur Berichterstattung anzeféieren;
  • valoriséiert nohalteg Engagementer;
  • erméiglecht seng Moossnamen als virbildleche Patron ze valoriséieren;
  • d‘Zertifizéierung ze erhalen.

D‘Dauer fir d‘Ëmsetzung vun engem Aktiounsplang läit bei 12 Méint. Dann eréischt validéiert de Label „Positiv Aktiounen“ déi realiséiert Moossnamen. Dëse Label valoriséiert den Engagement vun enger verdéngter Entreprise an erlaabt et dëser d‘Vertraue bei externe Partner an den internen Ekippen ze stäerken.

Méi Informatiounen zum Programm, esou wéi och Temoignagen a Beispiller vu gudde Praktike fannt déi um thematesche Site vum Ministère ënnert der Adress https://actionspositives.lu/

matgedeelt vum Ministère fir Egalitéit tëscht de Fraen an de Männer, fräi aus franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: D‘Ministesch fir Egalitéit tëscht de Fraen an de Männer, Taina Bofferding. © MEGA/SIP

Ähnlech Sujeten Actions positives, LSAP, MEGA, Ministesch fir Gläichheet tëscht Fraen a Männer, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel