Search

You may also like

World Rescue Challenge 2019 – Exzellent Resultater vun de Lëtzebuerger
Neiegkeeten

World Rescue Challenge 2019 – Exzellent Resultater vun de Lëtzebuerger

Vum 12. bis de 15. September hunn 3 Ekippen aus

Irish Christmas Show: Hymnen an Traditiounen am Artikuss
Neiegkeeten

Irish Christmas Show: Hymnen an Traditiounen am Artikuss

All Land huet seng eegen Aart a Weis fir déi

Der Regierung hir nei Kommunikatiouns- a Covid19-Exitstrategie
Neiegkeeten

Der Regierung hir nei Kommunikatiouns- a Covid19-Exitstrategie

Virun enger Woch gouf déi éischt Phas vun der „neier

Firwat net méi fir Noriichte bezuelt gëtt (erkläert)

Firwat net méi fir Noriichte bezuelt gëtt (erkläert)

Vill Mënschen hunn e gespléckte Verhältnis zu sougenannte Bezuelbarrièren am Netz. Op déi stoussen si awer reegelméisseg a wiesselen einfach d‘Säit. D‘Press ass dovunner net ausgeholl, firwat et ville Publikatiounen am Internet un dat agemaachte geet.

Wann een de Frust, wat dës Bezuelbarrière betrëfft gutt novollzéie kann, esou wëll een de Lieser awer verstoen, firwat mir emol nogefrot hunn, firwat net fir déi journalistesch Informatioun bezuelt gëtt, respektiv wann ee gewëllt ass ze bezuelen, firwat een dat dann och mécht. Wat dobäi eraus komm ass, kann een net als Representativ bewäerten, mee et erlaabt engem e puer Schlëss ze zéien.

Et geet aus den Äntwerten ervir, datt déi sougenannten „Flatrate-Déngschter“, wéi Spotify oder Amazon Prime bei de Präisser Standarden agefouert hunn, un déi huet sech de Konsument gewinnt, an erwaart logescherweis, datt sech jiddereen deem upasst. Opgefall ass och, datt de Lieser sech net méi un eng Zeitung bënnt, hie wëll net nëmmen d‘Rubriken auswielen, hie besteet op Vilfalt.

Iwwerraschend vill Leit hunn zudeem uginn, datt si sech keen Internetzeitungsabonnement leeschte kënnen. Et géif nu emol Depense laanscht déi een net kënnt (Loyer, Elektresch, Hëtzes, avm..) a mat deem Geld dat iwwreg bleift, misst een an éischter Linn un Iessen a soss Grondsätzleches denken, iert een sech aneres leeschte kann. Si gutt Noriichten dann de Räiche virbehalen?

Fräi Medien si wichteg

Aner Persounen hunn däitlech gesot, datt esoulaang wéi een déi gesichten Informatioun och gratis fënnt, et net wierklech ersiichtlech ass, fir dofir Geld auszeginn. An da gëtt déi, och wann et eng eklatant Minoritéit ass, déi gäre bereet sinn, fir qualitative Journalismus ze bezuelen. Fir vill ass et dann awer net „bezuelen“ mee villméi eng „Spend“, eng reell Plus-value erkennen si net.

Dat verwonnert, wëll eigentlech waren all déi Leit déi eis geäntwert hunn, sech doranner eens, datt Journalismus e gesellschaftleche Wäert huet. Gefrot, op si da bereet wieren, fir den Zougank vun eisen Artikelen ze bezuelen, eng erstaunlech wéi éierlech Äntwert: „net wierklech“. Begrënnt gouf et ëmmer mam Zousaz: „Dir erhaalt vum Staat iwwer eis Steiere Pressehëllef, dat muss duer goen“.

An den USA sinn do schonn eppes méi wäit, och wann de Wee selwer laang a beschwéierlech war. Um Beispill vun der New York Times kann een dat erklären. Déi hunn am „Print“ bis 2016/17 vill Abonnente verluer an sech eng digital Strategie operluecht. Eng déi opgaangen ass, ëmmerhin huet „déi al gro Fra“ wéi se am Volleksmond genannt gëtt, 2018 ronn eng Milliard US-Dollar ëmgesat.

Zesumme kann ee Léisunge fannen

Si sinn net déi eenzeg, déi eng gutt Strategie haten, an d‘Akommes wat iwwert déi „digital Aboen“ generéiert gëtt, dréit derzou bäi, datt sech vill vun dësen Zeitungen, déi en erfollegräiche Wiessel vollzéie konnten, ëmmer méi onofhängeg vu Reklamme maachen. Dës Entwécklung ass nach laang net ofgeschloss, léisst awer en Hoffnungsschimmer um Horizont opliichten.

Eng Piste déi een zu Lëtzebuerg kéint verfollegen, wier d‘Ariichte vun enger zentraler Plattform, op där sech all d‘Zeitungen am Land befannen, déi eng bezuelflichteg Online-Offer ubidden. Hei sollt et méiglech sinn „à la Carte“ säin Abo zesummenzestellen, a wann ee sech direkt e puer Editioune wëll gënnen, sollt et enstpriechend Remise ginn. Dofir missten sech d‘Direktiounen awer eens ginn.

Esou kéint ee sech virstellen, datt een sech op dëser „gemeinsamer“ Plattform, zum Beispill Jetone ka kafen, an all Jeton gëllt fir d‘Lecture vun engem Beitrag, egal vu wéi engem Ubidder. A wat ee méi Jetone keeft, wat och déi nees méi präiswäert ginn. Freet sech elo just, wéi kritt een all déi Zeitungen ënnert een Hutt? Ma esou wéi dat zu Lëtzebuerg Traditioun huet: guer net.

Related topics gratis Journalismus, Internet, Medien, Noriichten, Online-Medien
Next post Previous post