Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Service vun de Stater Parke sicht no Dännebeem fir Chrëschtdag
https://moien.lu/r2d-matchmaking/ Web

https://moien.lu/is-ian-and-nina-still-dating/

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert, datt hire Service vun de Parken, op

dating show korean
https://moien.lu/r2d-matchmaking/ Web

Walking on Cars & Hollow Coves am Atelier

Virun 3 Joer sinn déi fënnef Museker aus Irland mam

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!
https://moien.lu/r2d-matchmaking/ Web

Vill mam Bus ënnerwee? Dann ass dee Quiz hei eppes fir dech!

Et ginn net grad wéineg Buslinnen am Land. Mee wéi

geek

Firefox Focus blockt Reklammen a schützt Privatliewen

Firefox Focus blockt Reklammen a schützt Privatliewen

D’Lescht Joer hat Mozilla säin neie Browser Firefox Focus fir de den iPhone an iPad virgestallt. Geduecht ass e fir einfach, schnell an ënner allen Ëmstänn „Privat“ ze sinn.

Bei Mozilla ass festgestallt ginn, datt et ëmmer méi Mënsche gëtt, déi esouwuel hir Privat-Donnéeë schützen an niewebäi och ee puer Megabit op hirem Forfait wëlle spueren. Sech bewosst, datt Focus nëtzlech ass fir méi Sécherheet beim Surfen ze hunn, esou war Mozilla dach erstaunt iwwert d’Reaktioune vun den Benotzer, déi heirauser dee beschtnotéierten Browser fir i-Phone an i-Pad gemaach hunn.

Gëschter waren se bei Mozilla héich erfreet unzekënnegen, datt de Browser elo och fir Android disponibel ass. Am Géigesaz zu der Versioun fir d’Produkter mam Apel kënnt déi fir Android ouni „Tabs“ oder aner visuell Nuisancen aus a erlaabt ganz einfach säin „Historique“ ze läschen. Zudeem erlaabt Firefox Focus d’Surfen am Internet ouni vu Reklamme verfollegt ze ginn.

Firwat den Opwand?

„Déi Elementer déi Reklammen op den Handy oder d’Tablett bréngen de Notzer ongefrot iwwerwaachen an esou vill Informatiounen iwwert hie sammelen. Et mécht och nach d’Navigéiere méi lues“, informéiert Mozilla.

Fir Firefox Focus op Android huet Mozilla nach folgend Funktionalitéiten implementéiert:

  • Ee Compteur fir d’Elementer vun der Reklammverfolgung: hei erstellt ee Compteur d’Zuel vun de Reklammen déi geblockt gi sinn, dat vun all Site dee besicht ginn ass
  • Ee Knäppche fir de Blocker auszeschalten: fir all déi Siten déi net richteg lueden, kann ee kuerzzäiteg dës Funktioun ausschalten a weider op der gewënschter Säit surfen
  • Erënnerung mëttels Notifikatioun: wa Focus am Hannergrond aktivéiert ass, kritt den User eng Notifikatioun. Hie kann esou ganz einfach säin Historique läschen.

Fir d’Notzer vun Android huet Mozilla mat Focus ee ganz formidabele Browser entwéckelt deen, wann en „par défaut“ genotzt gëtt sécherlech fir eng nei Erfarung beim surfe sollt suergen. De Browser ënnerstëtzt och personaliséiert Tabs. A wann een dat wëll, kann een d’Blockéiere vun de Reklammen auszeschalten.

Dat klappt ganz gutt mat Apps wéi Facebook wann der een Artikel wëllt liesen ouni verfollegt ze ginn. Mozilla huet Focus entwéckelt, fir datt den User seng Kontroll iwwert säi Surfe behält (oder erëmkritt). Et dierf een och iwwerzeegt sinn, datt Mozilla nei Funktionalitéite wäert entwéckele fir seng Produkter nach méi attraktiv ze gestalten.

Dir kënnt Firefox Focus op Google Play oder am App Store eroflueden

Ähnlech Sujeten Firefox, Internet, Tech, Technologie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel