Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Qualitative Wuesstem dank engem staarke Secteur vun de Gesondheetstechnologien
Meenung Neiegkeeten

Qualitative Wuesstem dank engem staarke Secteur vun de Gesondheetstechnologien

Bei der Konferenz „Health Technologies @ Luxembourg – Shaping the

Léck: E radikaliséierte Mann ermuert dräi Mënschen op oppener Strooss
Meenung Neiegkeeten

Léck: E radikaliséierte Mann ermuert dräi Mënschen op oppener Strooss

E radikaliséierte Mann, deem säin Zil et war Polizisten unzegräifen,

E richtege Genoss – Äert Rezept am europäesche Kachbuch
Meenung Neiegkeeten

E richtege Genoss – Äert Rezept am europäesche Kachbuch

Hutt Dir wärend dem Confinement Neies an der Kichen ausprobéiert,

Firwat gëtt nëmme virun der eegener Dier gekiert?

Firwat gëtt nëmme virun der eegener Dier gekiert?

Elo ass geschwënn Nationalfeierdag – en ass net esou wéi ëmmer. Mä dat ass en souwisou ni, et mécht een all Joer nei Erfarungen, feiert op verschiddene Manéieren. Fir mech ass dësen Dag e ganz normale Wochendag. Oder och net, ech froe mech all 23te Juni dat selwecht. Firwat?

Wien mäin autobiographescht Buch (Wien geet Pappa eng Béier sichen?) gelies huet, weess dass ech deen Dag dem Dout vun der Schëpp gespronge sinn. Firwat probéiert en iwwerfuerderten, alkoholiséierte Mann säi Meedchen ze erschéissen?

Et ass geschwënn Nationalfeierdag an et kommen ëmmer méi Froen dobäi …

Firwat muss fir d’éischt e Video am Netz ronderëm kurséieren, wou e Schwaarze vu Polizisten ermuert gëtt, ier ganz haart Rassismus gejaut gëtt? Firwat muss e Virus iwwert eis hierfalen, ier mir eis eiser Stierflechkeet bewosst ginn? Firwat muss een Hashtag (#metoo) an d’Liewe geruff ginn, ier ëffentlech iwwer sexuell Iwwergrëffer geschwat gëtt?

Firwat muss eng Foto an de soziale Netzwierker e Symbol fir Ongerechtegkeet sinn – wou Kanner aus aarme Länner Honger an Duuscht leiden? Firwat gëtt eréischt no engem Amoklaf iwwert Waffegesetzer oder Waffen am allgemenge geschwat? Firwat gëtt eréischt u Flüchtlingen a Krich geduecht, wann eng Foto vun engem erdronkene Kand d’Ronne mécht?

Firwat erënnert en Opruff no waarmen Decken d’Mënschen drun, dass net jiddereen en Ënnerdaach huet? Firwat muss e Schluechthaiser gesinn, fir iwwert Déierenhaltung an d’Iessverhalen nozedenken? Firwat wonneren d’Mënschen an och Länner sech iwwer Regierungen a Politiker, déi se selwer gewielt hunn? Firwat muss d’Ozonlach méi grouss ginn – a Bëscher ofbrennen, ier e sech der Ëmwelt bewosst gëtt? Firwat muss sech e jonke Mënsch d’Liewen huelen, well Mobbing säi Selbstwäertgefill zerstéiert huet? Firwat gëtt eréischt dann iwwert dës Bedreeung geschwat?

Firwat gëtt nëmme virun der eegener Dier gekiert?

Sinn dës Froen net iwwerflësseg a just Fakten? Misste mir dat Wëssen net andauernd am Hannerkapp hunn? An anescht, méi besënnen a verstänneg handelen? Net dem Trend nolafen – a kee Gruppenzwang.

Ech géing et am léifsten erausjäizen!

Firwat? National, international – et ass mir egal.
Vive! Laang lief eis Mënschlechkeet. An d’Fäegkeet Empathie ze weisen.

Opmaacherbild © Emile Seguin / Unsplash

Ähnlech Sujeten Bewosstsinn, de Bichergeck, Fakten, Firwat, Froen, Gesellschaft, Gruppenzwang, Kritik, Nationalfeierdag, Paradox
Nächsten Artikel Virrechten Artikel