Search

You may also like

Frankräich: Erhéijung vun den Taxen a Verloscht vun der Kafkraaft
International Neiegkeeten

Frankräich: Erhéijung vun den Taxen a Verloscht vun der Kafkraaft

Déi „giel Gileten“ (Gilets Jaunes) hunn all Mënsch am Frankräich

Neit Loyersgesetz: Investitiounsschutz amplaz Locatairesschutz
International Neiegkeeten

Neit Loyersgesetz: Investitiounsschutz amplaz Locatairesschutz

Dat vum Wunnengsbauminister Henri Kox iwwerschafft Loyersgesetz ass kee grousse

Homeoffice bréngt den Horesca-Secteur duerchenaner
International Neiegkeeten

Homeoffice bréngt den Horesca-Secteur duerchenaner

Fir de Generalsekretär vum Beruffsverband vun der Gastronomie, François Koepp,

Europa: Wéi eng Fiskalitéit fir d‘Grenzregiounen

Den Europarot réit Lëtzebuerg seng wirtschaftlech Profitter mat de Noperen ze deelen

Europa: Wéi eng Fiskalitéit fir d‘Grenzregiounen

Lëtzebuerg ass eent vun de leschten europäesche Länner, datt sech nach kee System zougeluecht huet, deen derzou géif bäidroen, Steierrecettë mat de Noperen ze deelen. De „Congrès des Pouvoirs Locaux“ gesäit dat net mat engem gudden A a weist drop hin, datt bal d‘Hallschent vun der Main d‘Oeuvre zu Lëtzebuerg, aus der Grenzregioun kënnt. An dës Tendenz dierft nach unhalen.

Datt Lëtzebuerg opgefuerdert gëtt, eppes vum duerch d‘Frontalieren erwirtschafte Räichtum ofzeginn ass verständlech mee zum Gléck net verflichtend. Fir déi Länner, déi eis allerdéngs als Steierparadäis betruechte war de Vott eppes wéi eng kleng Victoire. An dat ganzt huet zudeem och en éischter Linn e politesche wéi dann ee finanziellen Hannergrond, wat schonn en Ugrëff op d‘Souveränitéit vun eisem Land bedeite kann.

Dëse „Kongress“, dee seng Recommandatioun op eng eegens bestallten Etüd bei der Uni Maastricht stëtzt, geet dovunner aus, datt et an de Grenzregiounen nëmmen da ka Stabilitéit ginn, wann een de Profit ënnert sech opdeelt a gemeinsam Infrastrukturen entwéckelt. Mat Profit si gemengt: zum engen d‘Lounsteier an zum aneren d‘Gewerbesteier. Dëst „Akommes“ soll an Zukunft mat den Nopere gedeelt ginn, heescht et emol.

Grond fir dës Thees: eis Noperen hätten et schwéier Industrien an Entreprise bei sech unzesidelen, well mir ze vill Avantage géife bidden. Als „Géigeleeschtung“ géife mir leedeglech dofir suergen, datt d‘Leit aus der Groussregioun eng Schaff hunn, dofir déi eege Residente géifen exportéieren. Si hätten also d‘Käschte vum Lëtzebuerger Wirtschaftswuesstem ze droen. Dat misst kompenséiert ginn, esou wéi et beispillsweis mam Genfer-Modell gemaach gëtt.

An dësem Kontext huet de Steeseler Buergermeeschter, Jean-Pierre „Jempi“ Klein, awer dergéint gehalen an ënnerstrach, datt Lëtzebuerg scho ganz vill ënnerhëlt fir mat de Nopeschregioune ganz konkret Projeten ze entwéckelen. De Belsch gëtt eppes „bäigeluecht“ fir déi wou den ëffentlechen Transport notzen, 120 Millioune ginn am Frankräich an d‘Mobilitéit gestach an esouguer den däitschen Nopere gëtt Geld iwwerwisen.

Et geet wéi ëmmer nëmmen ëm de Goss

Gutt, Genf huet eegenen Aussoen no, iwwert déi lescht 10 Joer de franséischen Departementer un senger Grenz 2,7 Milliarden Euro „geschenkt“, mee et muss beduecht ginn, datt Genf net déi ganz Schwäiz a schonn emol guer net Lëtzebuerg ass. Zudeem dierf een drun erënneren, datt d‘Schwäiz net EU-Memberland ass, a wann si muer keng Loscht méi hunn de Fransousen hir „Fränkli“ ze iwwerweisen, dann halen si domatter op.

Zudeem sollt ee bedenken, datt schon eleng d‘Tatsaach, datt Lëtzebuerg dank senger Konjunktur déi fir Aarbechtsplaze suergt, déi regional Chômagetauxen niddreg hält, och éischter e „Benefice“ wéi eng Perte ass. Des weidere sollt een sech och dierfen agestoen, datt d‘Grenzgänger dee gréissten Deel vum Akommes an hirem Land ausginn an duerch hir Kafkraaft och bei sech e wirtschaftleche Beitrag leeschten, an dat net nëmmen iwwert TVA.

Natierlech kann ee sech driwwer iergeren, datt bezunn op de Fakt, datt et de Lëtzebuerger Staat ass dee vun der Lounsteier profitéiert, esou fléissen dës Einnamen awer net fälschlecherweis behaapt gëtt, exklusiv a Lëtzebuerger Projeten. Richteg, Lëtzebuerg subventionéiert net d‘Kultur an d‘Bildung an engem vun de Nopeschlänner, mee Milliounen an Parkingen, Stroossen a soss Infrastrukture sinn net wierklech „näischt“.

Wann een awer déi Argumenter virleet, da kritt een nees de Virworf ënnerbreet, datt ee géif op villem „Dumping“ – fir net ze soen „deloyal Konkurrenz“ – bedreiwen. An da gëtt nees iwwer Alkohol an Tubak (deemnächst wuel och Cannabis) geschwat. Wa bei eisen Noperen eng besser – och fir Entreprisen – Grondlag geschafe géif, déi esouwuel d‘Néierloossung wéi de Nettoloun nees attraktiv gestalten, géifen d‘Leit do schaffe wou se wunnen.

An eppes guddes huet dat ganzt dann awer. Et mécht nach emol däitlech, datt sech Lëtzebuerg op ee qualitative Wuesstem ausriichte muss. Ëmmer méi leit aus der Groussregioun op eisem Territoire ze beschäftegen, ass net nëmme wéinst esou Virstéiss wéi dësem absurd. Et soll jo och derzou kommen datt Lëtzebuerg d‘Chômageindemnitéite vun de Grenzgänger iwwerhëlt, dat ënner gewësse Bedingungen an awer… Vläicht sollt een e Referendum organiséieren.

Illustratioun: klimkin/Pixabay

Related topics Congrès des Pouvoirs Locaux, Europarot, Fiskalitéit, Groussregioun
Next post Previous post