Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!
Money Neiegkeeten Stories

Cleantech Forum Europe: Lëtzebuerg organiséiert d’Editioun 2020!

Fir d’Editioun 2020 vum Cleantech Forum Europe ass Lëtzebuerg ausgewielt

Fir dëse Lëtzebuergesch-Quiz brauchs du Nerven aus Stol!
Money Neiegkeeten Stories

Fir dëse Lëtzebuergesch-Quiz brauchs du Nerven aus Stol!

Wéi all Freide presentéiere mer och haut eisen neie Lëtzebuergesch-Quiz!

Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019
Money Neiegkeeten Stories

Brasserie K116 – ee Räichhaltege Programm 2019

Wien ee gudde Cocktail, ee Glas Wäin oder een fantastescht

money

„Fit 4 Resilience“… wat ëmmer dat och heesche soll (Kommentéiert)

„Fit 4 Resilience“… wat ëmmer dat och heesche soll (Kommentéiert)

Luxinnovation ass déi „National Agence fir d‘Innovatioun“ vun der Regierung, déi nom offiziellem Wuertlaut vun der Regierung, wärend der sanitärer Kris Enormes geleescht huet. En Effort deen elo soll mam Programm „Fit 4 Resilience“ nach emol eppes méi prononcéiert soll ginn. Laut dem Franz Fayot, de sozialistesche Wirtschaftsminister, e weidere Beweis datt den Entreprise gehollef gëtt…

Am Prinzip besteet den Optrag vun dëser staatlecher Agence (déi nieft der Haaptverkéierssprooch Englesch och ee puer Saachen a franséischer Sprooch unzebidden huet) d‘Entreprise eng méi „Resilient“ Approche a Saachen Digitaliséierung, wéi och zirkulärer a regionaler Wirtschaft nozebréngen. Dëse Programm ass dann och ee Puzzelstéck vum Pak „Neistart Lëtzebuerg“.

Resilienz bedeit graff ausgedréckt: „Fäegkeet sech séier vu Schwieregkeeten ze erhuelen“. An dorëms geet et dem Minister och, also am Prinzip. Well esou wei hien en ausdréckt: „Mir hunn eis dozou entscheet den Entreprisen ze hëllefen an si ze ënnerstëtze fir esou séier wéi méiglech aus der Kris erauszekommen an se besser opzestellen“. Datt misst jo da fir all d‘Entreprise gemengt sinn.

Dat awer ass aus enger ganzer Rëtsch Grënn faktesch net de Fall, mee dozou spéider am Text. Mam Programm „Fit fir d‘Resilienz“ gëtt zwar elo emol virun allem vill Promotioun fir Luxinnovation gemaach, déi dann an den Entreprisen, déi dat bezuele kënnen oder wëllen, en Diagnostik vun hire Stäerkten a Schwächte géintiwwer der Kris ze maachen. Si ginn dann och Recommandatiounen.

Wann awer eng staatlech Agence d‘Opportunitéiten identifizéiere soll fir datt sech Entrepreneuren „nei erfannen“ kënnen an hir Aktivitéite méi „resilient“ relancéiere sollen, woubäi sech hei op déi nohalteg Imperativen – déi de Minister sech a seng Roadmap notéiert huet – gestäipt gëtt, da kann ee mengen, datt sech de Staat an d‘Entscheedungsfräiheet vun eben dësen Entrepreneuren amëscht.

Dat ass elo net wierklech de Fall, well de Programm ass mam Haus vum Entreprenariat, der Handelskummer, der Handwierkerkummer, der Handwierkerfederatioun an der Fedil ausgeschafft ginn. Zumindest offiziell, well wien do wat wéi bäigedroen huet, an ënnert wéi enge Prämissen dat soll ofgelaf sinn, wëll weder de Finanzministère nach eng vun de genannte Parteien erläuteren.

Et feelt eppes un Duerchbléck

De Programm, dee vun der Luxinnovation-Directrice Sasha Baille virgestallt ginn ass, besteet am Fong doranner, datt ee Consultant tëscht 5 a 25 Deeg enger Entreprise seng Déngschtleeschtung ubitt. Wouranner dës besteet ass elo net gewosst, dofir awer datt dëse Service net gratis ass, och wa 50% vun deene Käschte vum Staat sollen iwwerholl ginn, wat jo sécher eng gutt Iddi misst sinn.

Mee esou ee Service huet et nach net ginn, an op wéi enger Grondlag dann och d‘Fraisen, déi dëse Consultant generéiert berouen, bleift och d‘Geheimnis vu Luxinnovation. Zudeem schéngt d‘Sasha Baillie och net vum Programm iwwerzeegt ze sinn, well si geet dovunner aus, datt eng 50 Betriber vun dësem Service wäerte gebrauch maachen. D‘Enveloppe dofir bedréit 750.000 Euro.

Et ass also net e Service dee fir kleng Handwierksbetriber oder de Mëttelstand geduecht ka sinn, wat dann och nees erkläert firwat englesch a franséisch eng Viraussetzung ass. Wat dann elo d‘Qualifikatioun vun dëse Consultante betrëfft, esou muss een och hei ee B-Moll ageheien. Et sollen där Consultanten eng 30 sinn, an et wier een am Begrëff dës ze rekrutéieren, heescht et.

Hei geet ganz kloer de Won virun d‘Päerd gespaant an och zimmlech däitlech gemaach wien vun dëser Staatshëllef am Endeffekt den Notzen huet. De Bedreiwer vun engem Camping oder de Vëlosbuttek ka jiddefalls net gemengt sinn. Op där aner Säit sollt een unhuelen dierfen, datt déi „grouss“ Entreprise selwer op schlau Käpp zréckgräife kënnen, fir nach méi Resilient ze ginn.

Et stellt dann hei och d‘Fro wiem Luxinnovation Rechenschaft schëlleg ass. Gett et do ee Bilan aus dem eegenen Haus wann de Programm ausgelaf ass, oder hu se wëlles eng onofhängeg Etüd vum Output zouzeloossen? Firwat ass franséisch déi eenzeg amtlech Verkéierssprooch déi genotzt gëtt? Firwat muss ee postuléieren, statt datt ee sech – onofhängeg vun der Gréisst – kann aschreiwen?

Dat sech déi Froen hei stellen, ënnersträicht, datt de Programm net „sozialistescher Natur“ ka sinn, mee zimmlech däitlech neoliberal Zich a sech dréit. Woubäi et duerchaus legitim ass, datt d‘Elite och d‘Elite soll ënnerstëtzen, an een déi 50% Bäihëllef als verstoppte Subventioune kéint verklären, wat awer der gudder Absicht, déi sech derhannert verstoppt, net wierklech géif gerecht ginn.

Ee muss d‘Virbild sinn

Et ass jo richteg, datt een och als Bierger sollt frou sinn, wa Betriber déi Rotschléi erhalen, déi net nëmmen d‘Aarbechtsplaze u sech, mee och d‘Entreprise selwer esou stäerkt, datt si engersäits mat de Folge vun der Kris kann ëmgoen, an zousätzlech och déi eege Positioun um Marché géintiwwer Konkurrente behaapten, a wie weess méiglecherweis esouguer verbessere kann.

Fir et dann deene vu Luxinnovation privilegiéierten Entreprisen och eppes Schmackhaft ze maachen an se ze motivéieren ze postuléieren, hat et ee Pilotprojet ginn. Déi Lëtzebuerger Entreprise „Peintures Robin“ war déi éischt déi matgemaach huet, an den Direkter Gérard Zoller huet senger Begeeschterung keng Grenze gesat. Hien hat 14 Deeg laang ee Consultant u senger Säit.

fit„Dës Kris, déi fir vill Leed gesuergt huet ass och eng Chance fir eis Wirtschaft a mir mussen dorausser déi richteg Léieren zéien“, esou ee Patron deen offensichtlech net Amstand ass eng Gesiichtsmask richteg unzedoen, an op enger Foto mam Minister – déi op Twitter gepost ginn ass – dee wuel net de Courage säi Gespréichspartner drop hinzeweisen iert d‘Foto gemaach gouf.

Dat dierf awer kee Schied op de Fait werfen, datt se zu Useldeng tatsächlech beméit sinn, méi ëmweltfrëndlech Produktiounsmethoden anzeféieren. Si hunn och zäiteg erkannt – ausser et wier de Consultant gewiescht – datt et wirtschaftlech sënnvoll ass Desinfektiounsmëttel hierzestellen. Ëm Peintures Robin an de Gérard Zoller muss sech d‘Land also fir den Ament keng Suerge maachen.

Fir de ganze Rescht war d‘Pressekonferenz vu gëschter eng eenzeg Promotiounsveranstaltung fir Luxinnovation, inklusiv der positiver Ernimmung vun enger Rei Institutiounen déi ee Beitrag wëlle geleescht hunn. Dat kléng wéi wa mir eppes géint Luxinnovation hätten, wat esou net de Fall ass, mee wuel éischter eppes mat hirer Interpretatioun vu Kommunikatioun ze dinn huet.

Gutt et elo ass et richteg datt „hir Clienten“ éischter op Publikatioune vun der „Maison Moderne“ zréckgräifen, an deenen si am Héichglanzformat a fräi vun aller Kritik duergestallt ginn. Dat awer dierf net driwwer ewechtäuschen, datt Luxinnovation als Staatsorgan, all offiziell Sprooch sollt benotzen, och wann ee Versteesdemech dofir huet, datt et gutt Grënn fir den engleschen Optrëtt gëtt.

Illustratioun: Lëtzebuergesch ass aus ekonomescher Siicht keng Sprooch, well se dem Wuesstem net entgéint kënnt. Dot also einfach är Box aus wann der driwwer nodenke wëllt. © Nikita Kachanovsky / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19- Kris, Fränz Fayot, Luxinnovation, Sasha Baille, Wirtschaftskris, Wirtschaftsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel