Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi lénk blécken zouversiichtlech op déi nei Legislaturperiod
Neiegkeeten

déi lénk blécken zouversiichtlech op déi nei Legislaturperiod

déi lénk huet bei de Chamberwahle vu leschte Sonndeg liicht

Presidentschaftswahl a Polen: Den Duda verpasst d‘absolutt Majoritéit
Neiegkeeten

Presidentschaftswahl a Polen: Den Duda verpasst d‘absolutt Majoritéit

Den nationalkonservativen an homophoben Andrzej Duda huet bei enger Wahlbedeelegung

De Vull vum Joer 2019: et ass de Fluessfénk ginn!
Neiegkeeten

De Vull vum Joer 2019: et ass de Fluessfénk ginn!

An dësem Joer huet natur&ëmwelt de Fluessfénk zum Vull vum

Fit For Your Bike – Bréng dech a Form fir d’Motorradssaison 2020!

Fit For Your Bike – Bréng dech a Form fir d’Motorradssaison 2020!

Zënter e puer Joren organiséiert de Fuersécherheetszenter zu Kolmer-Bierg d’Event Fit For Your Bike. Bei enger Aart Opwiermtraining fir d’Saison sollen sech d’Motorradsfuerer no der Wanterpaus nees de Geforen a Risiken op der Strooss bewosst ginn an eng sécher Zäit op zwee Rieder verbréngen.

D’Accidenter vun zuelräiche Motorradsfuerer a Fuerer, déi op der Strooss hiert liewe gelooss hunn, leien engem déck um Mo. Net just d’Gefier selwer, mee och de Kierper an de Geescht sollte fir déi éischt Sortië prett gemaach ginn, sou datt liicht a schwéier Virfäll op ee Minimum reduzéiert ginn. No der laanger Wanterpaus ass et wichteg, sech nees un d’Vitess, d’Beschleunegung an d’Verzögerung vun der Maschinn ze gewinnen.

Essentiell Schlësselelementer fir eng verbessert Sécherheet sinn dofir eng defensiv a virausbléckend Fuerweis, bei där een mam Onerwaarte rechent, an awer de Spaass um Fueren net verléiert. Aus dësem Grond organiséiert de Fuersécherheetszenter u folgenden Deeg seng Opwiermtraininge vun engem hallwen Dag:

  • Samschdes, den 11. Abrëll 2020
  • Sonndes, den 19. Abrëll 2020
  • Samschdes, de 25. Abrëll 2020
  • Sonndes, den 10. Mee 2020
Fit For Your Bike

© Fuersécherheetszenter zu Kolmer-Bierg

Vun de Participanten hier ass een op 50 Persoune pro Cours limitéiert. D’Aschreiwung ass Flicht a souwuel per Telefon (85 82 85-1) oder per E-Mail (contact@cfc.lu) méiglech. Uschléissend muss een ënnerhalb vun enger Woch de Präis vu 35 € bezuelt hunn, soss gëtt d’Umeldung stornéiert. D’Traininge ginn op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch gehalen.

Folgend Programmpunkten si geplangt:

  • Motorradsbekleedung, Helm an Technik
  • Bremsen
  • Krees- a Kéierefueren
  • Bremsen an Auswäichen, Bléck- a Lenktechniken
  • Kéierefueren op der Goodyear Versichsstreck
  • Motorrad-Spezialpist
  • Éischt Hëllef
  • Motorrad-Check duerch den ACL

D’Evenement steet ënnert der Schiermherrschaft vum François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten. Ënnerstëtzung gëtt et vun der Police, dem CGDIS, der Verkéierssécherheet, der Motor-Union Luxembourg, der Lëtzebuerger Moto-Initiative, der Association des Victimes de la Route, dem ACL, sou wéi der Goodyear an Dunlop.

Opmaacherbild: © Fuersécherheetszenter zu Kolmer-Bierg

Ähnlech Sujeten Defensiv Fuerweis, Fit For Your Bike, Fuersécherheetszenter, Kolmer-Bierg, Motorrad, Opwiermtraining, Training, Wanterpaus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel