Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Méi Geld fir den hongeregen Tourismussecteur
Kultur Neiegkeeten

best dating site lebanon

Um Donneschdeg huet d‘Staatssekretärin fir Wirtschaft, d’Francine Closener (LSAP), de

https://moien.lu/free-dating-sites-in-india-delhi/
Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech
Kultur Neiegkeeten

Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech

Um Freidegowend a Samschdegmueren huet et dausende Windows-User op der

Banksy Bild erziilt 1,2 Milliounen Euro bei Auktioun
Kultur Neiegkeeten

Banksy Bild erziilt 1,2 Milliounen Euro bei Auktioun

Extravagant an eenzegaarteg, dem Streetart-Kënschtler Banksy säi „Girl with Balloon“,

Fit4Start: 10 jonk Start-Ups goufen ausgewielt!

Fit4Start: 10 jonk Start-Ups goufen ausgewielt!

Et ass ewell déi 8. Editioun vu Fit4Start säit dësen Hëllefsprogramm am Joer 2015 vum Wirtschaftsministère gegrënnt a vu Luxinnovation a Kollaboratioun mat Technoport an dem Luxembourg City Incubator geleet ginn ass. A wéinege Joren ass dës Iddi zu enger Referenz an der Ënnerstëtzung vu Start-Ups ginn.

Vun Editioun zu Editioun verstäerkt sech den internationalen Aspekt. Bei dëser 8. Editioun goufen 221 Kandidaturen agereecht, an dat aus 44 verschidde Länner. Heirauser sinn 50 jonk Entrepreneure virausgewielt gi fir uschléissend enger Expertejury beim „Pitching & Graduation Day“ um 28. Mäerz 2019 hire Projet virzestellen an ze verdeedegen.

Bei der Zeremonie vun dësem Virstellungsdag um vergaangenen Donneschdeg huet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider ervir gehuewen, datt d’Unzuel un Entreprisen, déi vum Programm ugezu ginn, ëmmer weider steigt. „Fit4Start an de Succès vu verschiddene Start-Ups, déi dëse Programm verfollegt hunn, sinn de Beweis, datt Lëtzebuerg ee virdeelhaft Ëmfeld fir d’Entwécklung vu jonken innovativen Entreprisë mat staarkem Potential bitt. Mir hunn een Ekosystem opgebaut wou et méiglech ass, funktionéierend Entreprisen aus innovativen Iddien opzebauen“, sou de Minister weider.

De Sasha Baillie, CEO vu Luxinnovation bestätegt: „De Programm Fit4Start ass ee Schlësselelement am Start-Up Ekosystem. Mee fir gutt ze funktionéiere kann ee sech ob déi zuelräich Partner, déi direkt mat abezu ginn, verloossen: de Wirtschaftsminister, den net nëmmen de Programm finanzéiert, mee och Informatiounen an Orientatiounsstrategie liwwert; Technoport an de Luxembourg City Incubator, déi de Start-Ups Raimlechkeeten offréieren; d’Membere vum Jury, déi hir Zäit an hir Energie fir d’Selektioun vun de beschte Start-Ups afferen an zu gudder Läscht d’Coachen, déi d’Entrepreneuren iwwert 16 Wochen ënnerstëtzen, se virun Erausfuerderunge setzen a se dozou drécken, hir Zieler ze erreechen an ze iwwerschreiden.“

Folgend 10 Start-Ups sinn vun der Jury bei Fit4Start ausgewielt ginn:

  • Ambitrace
  • Cargofive
  • F4A
  • Firefly
  • Gamma
  • Keexle
  • Niaouli
  • Rafinex
  • RoomMate
  • Valuu.io

Am Kader vun dësem Hëllefsprogramm kënnen si profitéiere vun:

  1. 16 Wochen un Coaching vun Experte beim sougenannte Learn Start-Up, eng strukturéiert Method fir eng schnell Entwécklung vu Produiten a Servicer ervirzeruffen, sou wéi beim „Agile“, wou vill Flexibilitéit a Kapassitéite gefrot ginn, fir esou definéiert Zieler an enger bestëmmter Zäit ze erfëllen
  2. Gratis Acces zum Coworking an engem Entreprisen-Incubator
  3. Fërdermëttel an Héischt vu 50.000 €, déi d’Societéit mat 10.000 € Eegesuen completéiere muss

Ënner Ëmstänn kann och nach eng weider finanziell Hëllef an Héischt vun 100.000 € vum Wirtschaftsministère ugebuede ginn, wann d’Start-Up de Programm mat Succès ofgeschloss a schonn op mannst 50.000 € Kapitel-Investissement duerch de Programm entstane sinn. Den Owend vum „Pitching & Graduation Day“ huet och eng ideal Geleeënheet gebuede fir d’Start-Ups vu fréiere Fit4Start Editiounen ze treffen, déi de Programm erfollegräich ofgeschloss hunn.

Am Secteur ICT hu folgend Entreprisen de Programm mat Succès ofgeschloss:

  • BondWeaver
  • Eiravato
  • Goldbaum
  • Loro
  • Morfin
  • Oko
  • Spoticle
  • StarTalers
Fit4Start

D’Start-Ups am Secteur Technologie a Gesondheet vun der 7. Editioun vu Fit4Start, zesumme mam Wirtschaftsminister an dem Françoise Liners aus dem Wirtschaftsministère © Marie de Decker

Bei der Gesondheet an der Technologie sinn et folgend Entreprisen:

  • ARSpectra
  • LuxAI
  • Molecular Plasma Group
  • SOVI Solutions
Fit4Start

D’Start-Ups vum Secteur ICT vun der 7. Editioun vu Fit4Start, zesumme mam Wirtschaftsminister an dem Michele Gallo aus dem Wirtschaftsministère © Marie de Decker

Opmaacherbild: An hei déi glécklech Start-Ups, déi bei der 8. Editioun vu Fit4Start ausgewielt gi sinn © Marie de Decker

Ähnlech Sujeten Entreprisen, Etienne Schneider, Fit4Start, Hëllef, Start-up
Nächsten Artikel Virrechten Artikel