Search

You may also like

Protest attestéiert rumänescher Regierung Inkompetenz an Korruptioun
International Neiegkeeten

Protest attestéiert rumänescher Regierung Inkompetenz an Korruptioun

Zu Dausenden hunn se um Samschdegowend am Zentrum vu Bukarest

Buchvirstellung “Kreuz und mehr” vum Jean Back
International Neiegkeeten

Buchvirstellung “Kreuz und mehr” vum Jean Back

Beim Jean Back sengem néie Wiek „Kreuz un d’ mehr

Loosst är Fangere vun eiser Finanzplaz
International Neiegkeeten

Loosst är Fangere vun eiser Finanzplaz

Esou an net anescht misst de Finanzminister Pierre Gramegna et

Flächebrand zu Los Angeles: honnertdausend Mënsche mussen hir Haiser opginn

Flächebrand zu Los Angeles: honnertdausend Mënsche mussen hir Haiser opginn

Op en Neits ass Kalifornien vun engem risege Flächebrand betraff an dës Kéier ass och Los Angeles betraff. Hei mussen 23.000 Wunnhaiser evakuéiert ginn, honnertdausend Mënsche mussen elo hiert Doheem verloossen.

Flächebrand

Laut den Autoritéiten si wéinst engem Flächebrand um nërdleche Rand vun der US-Metropol Los Angeles scho 25 Gebaier duerch de Groussbrand beschiedegt ginn. Et hu misse Schoulen an och Administratiounen zougemaach ginn, och gréisser Verkéiersachse goufe gespaart.

Dëst Feier, dat um Donneschdegowend ausgebrach ass, hat sech an der Nuecht op enger Fläch vun 18 Quadratkilometer ausgebreet. De Chef vun de Pompjeeën, Ralph Terrazas, huet an enger séier organiséierter Pressekonferenz Informatiounen zur Lag ginn.

FlächebrandDuerch d‘Feier wieren, nieft den Aussebezierker, och Wunngebidder vun der Metropol bedreet, an hie kann d‘Leit nëmmen opruffen, sech un d‘Instruktioune vun den Autoritéiten ze halen. Wou eng Evakuéierung gefuerdert ass, sollt een dann och senger Wee goen.

Wou ass de Reen?

Kalifornien leit ënner enger grousser Dréchent. Säit Mee huet et kaum Néierschlag ginn, d‘Wisen an d‘Bëscher si fuerzdréchen, d‘Brandgefor esou imminent wéi seelen. Fir ze verhënneren, datt e Féier duerch e méigleche „Stroumschlag“ ausgeléist gëtt, war an de leschten Deeg plazeweis de Stroum ganz ofgeschalt ginn.

FlächebrandBetraff vun dëser net alldeeglecher Moossnam waren eng zwou Milliounen Awunner. D‘Angscht virun engem „Fonkesprong“ ass ugesiichts de marode Leitungen absolut berechtegt. Well se kee Geld hunn, ginn a Kalifornien d‘Stroumleitungen iwwerierdesch verluecht.

De Gestionnaire vum Stroumnetz, Pacific Gas & Electric (PG&E) géif säi Reseau net ënnerhalen, wat ëmmer nees zu (klenge) Katastrophe féiere géif. Déi weisen all Schold vu sech, bestätegen awer datt kee Geld do ass, fir de Reseau ëmzebauen.

Flächebrand

Massiv Bränn zu Los Angeles zwéngt d‘Autoritéiten zur Evakuéierung vun honnertdausende Mënschen. Verantwortlech fir dëst Mega-Feier, wiere marod Stroumleitungen. © T&L

Am November 2018, war et allerdéngs zur bis ewell gréisster Katastroph komm, wéi 85 Mënschen an der Uertschaft Paradise hiert Liewe wéinst engem Bëschbrand verluer hunn. E Feier, esou déi zoustänneg Autoritéiten, dat duerch defekt Stroumleitungen ausgeléist gouf.

mat indymedia/lax

Foto: © Weather Underground (courtesy)

Related topics Dréchent, Flächebrand, Kalifornien, Los Angeles, Stroumleitungen
Next post Previous post