Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kultur: Besser kulturell informéiert mat „Events in Luxembourg“
https://moien.lu/age-limit-for-dating-in-korea/ greek dating sites london

https://moien.lu/signs-that-he-is-dating-another-girl/

Ënnerstëtzt vum Kulturministère, hunn sech déi Lëtzebuerger Agence fir kulturell

bsa rifle dating
https://moien.lu/age-limit-for-dating-in-korea/ greek dating sites london

Gutt Nouvelle: D‘Salariéeë vun der SOCOM hunn hire Kollektivvertrag

Den OGBL-Departement „Bâtiment, Artisanat du Bâtiment et Constructions métalliques“ an

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!
https://moien.lu/age-limit-for-dating-in-korea/ greek dating sites london

What the Fakt – Den Aarbechter vum Tipp ee grousse Merci!

Et gëtt kee mannerwäertege Beruff. Et gi just Uerteeler vu

De Flamenco: Andalusesch Liewensfreed an Häerzblutt

De Flamenco: Andalusesch Liewensfreed an Häerzblutt

Wa spuenesch Leidenschaft, immenst Temperament a rout-schwaarz Kostümer openeen treffen, kann et sech ëm keen aneren Danz, wéi de Flamenco handelen. Den dozou passende virwërfsvolle Gesang, deen duerch Gittarskläng a klappendem Rhythmus begleet gëtt, ass mëttlerweil net méi aus der südspuenescher Kultur ewech ze denken a gehéiert zënter 2010 zum immaterielle Weltkulturierwe vun der UNESCO. Léift a Leed begéinen sech, fir sënnlech mateneen ze kommunizéieren.

Et ass déi südlechst Regioun vu Spuenien, och Andalusien genannt, déi d’Quell vum Flamenco representéiert. Wärend Gesang a Gittar d’Grondlag bilden, steet mëttlerweil den Danz, mat senge stolzen impulsiven Aarmbeweegungen an ausdrocksvolle Schrëtt, bal am Virdergrond. Déi dozougehéiereg Texter thematiséiere wärenddeem Zouneigung a Péng, sou wéi lëschteg Alldagssituatiounen.

Wéi et vum Roma zum Numm Flamenco koum

Zur Etymologie vum Begrëff Flamenco ginn et divers Theorien. Eng dovu spillt sech am 17. Joerhonnert of, wou sech an den andalusesche Bierger an Dierfer déi sougenannt Gitanos, also spuenesch Romaen, néiergelooss hunn. Speziell un hinne war, datt hir Bouwen dem flandresche Kinnek gedéngt hunn. A Flandern selwer goufen d’Romaen allerdéngs verfollegt.

Méi Rechter haten hei d’Gitanos mam Schutzbréif vum Philipp III., duerch deen d’Bevëlkerungsgrupp zougeséchert krut zu all Zäit zeréck a Flandern goen ze kënnen an net un d’Gesetzer vun den Zigeiner gebonnen ze sinn. Scho kuerz drop huet sech fir si den Numm „Flamenco“ etabléiert, dee generell spuenesch Romaen, déi duerch de Schutzbreiw a Flandern privilegéiert goufen, beschreift.

Eréischt an der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet sech déi haiteg bekannt Kombinatioun aus Musek, Sangen an Danz vum Flamenco entwéckelt. Wärend Andalusien bis an d’Joer 1492 staark vum Islam gepräägt war – dohier och den Numm vun der Regioun, dee vun „Al-Andalus“ staamt – sinn dauernd Reliounen a Kulturen openee getraff. Virun allem d’Romaen sinn dobäi als immens talentéiert Museker an Dänzer ervir gestach.

Flamenco

Café cantante zu Sevilla (1888)

Zur Zäit vum Opkomme vum andalusesche Costumbrismo sinn och déi sougenannt Sangend Caféen ëmmer méi beléift ginn. Déifst Gefiller vun der andalusescher Kultur konnten zum Ausdrock bruecht ginn, déi éischt primitiv Stilrichtunge vum Flamenco sinn entstanen. Speziell d’Holzbiedem hunn den dozou passenden Danz gepräägt: D’Klake vun de Schong gehéiert einfach zur Identitéit vum Flamenco.

D’Aglidderung an de Balleten, Filmer an Theaterstécker huet dem Danz schliisslech zum groussen Duerchbroch verhollef. Mëttlerweil fënnt een Schoulen a Shows um ganze Planéit. Souwuel a Japan – wou et mëttlerweil méi Flamenco-Schoule gëtt, wéi a Spuenien selwer – wéi och an de latäinamerikanesche Länner, bis hin an Afrika an Australien huet sech dës Konschtform etabléiert.

Et geet ëm de Rhythmus

Charakteristesch fir de Flamenco si perkussiv Elementer. Mam rhythmeschen an-d’Hänn-klappen, och Palmas genannt, ginn d’Museker an Dänzer begleet. Bei der moderner Versioun ass ee Cajón dobäi, deen dës Tâche mat der Trommel iwwerhëlt. Domat awer nach net genuch: Duerch den Tallong un den Danzschong gëtt och den Dänzer zum Perkussionist an d’Féiss zum eegestännegen Instrument.

Déi grouss Erausfuerderung läit doran, am compás, also am Takt ze bleiwen. Déi meescht Flamenco-Aarte baséieren nämlech op 12 Schléi, vun deene verschiddener betount, anerer onbetount sinn. Typesch Accessoires, wéi ee Fächer, de hire romantesche Rack Bata de Cola oder och een Duch ëm de Kierper vervollstännegen d’Bild.

Flamenco ass awer net nëmmen eng Konscht, mee och nach eng Aart Kommunikatioun. Eng typesch Band besteet aus Gittarist, Sänger, Dänzer a Palermo. Et setzt ee vill op Improvisatioun: Typescherweis spillt de Gittarist eng Aleedung, ier den Dänzer dobäi kënnt. Mat klore Beweegungen a Geklapps leet den Dänzer d’Museker duerch d’Stéck.

Flamenco zu Lëtzebuerg

Natierlech huet och de Groussherzogtum verschiddenst Coursë vum Flamenco-Danz ze offréieren. Esou gëtt et ënnert anerem d’Flamenco Luxembourg Asbl mat hirer Danzschoul, déi fir all Altersgruppe Coursen, Stagen a Spektakelen ubitt.

Wärend een an der Dance Factory vum Schnuppercours bis hin zur Formatioun proposéiert gëtt, luet d’Sabrina le Guen Ufänger a Könner op seng androcksvoll Coursen, Stagen, Improvisatiounsatelieren a pedagogesch Concerten an. Oder wéi wir et mam Flamenco-Festival vun der Kulturfabrik?

Ähnlech Sujeten Andalusien, Flamenco, Flandern, Gitano, Leidenschaft, Passioun, Roma, Seville, Spuenien, Temperament, UNESCO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel