Search

You may also like

Research Luxembourg: Enn August kéinten net genuch Intensivbetter bereetstoen
Kultur Neiegkeeten

Research Luxembourg: Enn August kéinten net genuch Intensivbetter bereetstoen

D’Zuelen an d’Resultater vum Verlaf vun der Pandemie bereeden engem

Stade de Luxembourg – Éischt Matcher fir Mäerz 2021 virgesinn
Kultur Neiegkeeten

Stade de Luxembourg – Éischt Matcher fir Mäerz 2021 virgesinn

Den neie Lëtzebuerger Stadion, oder och offiziell, kloer an einfach

Zwee „Dommer“ ee Gedanken
Kultur Neiegkeeten

Zwee „Dommer“ ee Gedanken

E Méindeg huet den Donald Trump en Dekret ënnerschriwwen, mat

Kastagnetten ausgepaakt! Flamenco Festival 2019

Vum 10. bis de 25. Mee

Wéi déi Jore virdrun och, wëllen de Cercle Culturel Espagnol Antonio Machado zesumme mat der Kulturfabrik Iech de Flamenco an all senge Forme méi no bréngen. Vum 10. bis de 25. Mee 2019 gëtt op der 14. Editioun vun dëse Festivitéiten e facettëräiche Programm ugebueden.

Nieft enger Rei Filmer iwwert d’Liewe vu Flamenco-Korypheeë kann een och Spektakele bestaune goen. Wie seng Hëft a Schwong brénge wëll, dee ka sech fir en Danz-Atelier aschreiwen oder awer an engem Perkussiouns-Workshop seng Kastagnetten auspaken. Déi meescht Evenementer wäerten zu Esch stattfannen, do dernieft ginn d’Filmer méi zentral an der Cinémathèque och ausgestraalt.

Éischt Andréck vun deem wat Iech um Flamenco Festival sou erwaarde wäert souwéi de Programm kënnt Dir hei gesinn. Lass geet et e Freideg, den 10. Mee um 20:30 Auer an der Cinémathèque mam Film “Acariciando el aire. Matilde Coral”.

Related topics Flamenco Festival, KuFa, Kulturfabrik
Next post Previous post