Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch Calling! Vol. 1 – Mam Punk an d’Schwaarzt getraff!
Neiegkeeten Sport

Esch Calling! Vol. 1 – Mam Punk an d’Schwaarzt getraff!

D’Kulturfabrik zu Esch huet an dësem Joer een neie Festival

Kropemannsfest zu Réiden: E Volleksfest fir e Waassergeescht
Neiegkeeten Sport

Kropemannsfest zu Réiden: E Volleksfest fir e Waassergeescht

D‘Kropemannsfest an d‘Gemeng Réiden gehéieren einfach zesummen. Dëst gutt animéiert

Bare Brewing – White IPA: „Gudde Béier mécht gutt Mënschen“
Neiegkeeten Sport

Bare Brewing – White IPA: „Gudde Béier mécht gutt Mënschen“

Ei wat ass dat eloten e lecker Kärel, dréif Blond

Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!

Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!
© Shari Pleimelding/moien.lu
Flashmob op zwee Rieder: Méi Respekt a Sécherheet fir d’Cyclisten!
© Shari Pleimelding/moien.lu

Haut de Moien huet den éischte vun bis ewell dräi geplangte Flashmobben, organiséiert vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ Asbl (LVI), zu Stroossen stattfonnt. Iwwer 30 Cyclisten haten sech un dësem fréie Rendez-Vouz zesumme fonnt, fir esou dorop opmierksam ze maachen, datt d’Vëlosweeër zu Lëtzebuerg immens Verbesserunge fuerderen.

Um 7:30 Auer hat ee sech fir dëse Flashmob bei der Stroossener Gemeng zesumme fonnt fir esou am Grupp d’Route d’Arlon onsécher ze maachen. Equipéiert mat speziell fir dësen Dag ugefäerdegten orangen T-Shirten – ee richtege Bléckfang – a Vëloschellen- an tuten, fir esou gutt vill Kaméidi ze maachen, wollt een de Verkéier e bëssi stéieren, andeems een iwwert d’Bus-Spur – wat iwwregens an dësem Fall déi erlabt Vëlospur och ass – gefuer ass.

Wien an der Stad op dëst gréngt Verkéiersmëttel zeréck gräift, ass oft Beleidegungen on onbefuerbaren Weeër ausgesat. Ob elo ee Gefier op der Spur fir de Vëlo parkt, Foussgänger dës Zon an Usproch huelen oder einfach emol ee Chantier de Wee verspäert, et huet een et net einfach als Cyclist. No diversen Diskussioune mat der Stroossener Gemeng koum no engem Hin an Hir eng eigentlech positiv Äntwert fir d’Vëlofuerer. Et wëll een nämlech déi noutwenneg Autorisatioune beim Ministère ufroen, fir esou d’Vëlosweeër a béid Richtungen an der Rue des Romains ze garantéieren.

Kuckt een elo méi genau hin – a mir weisen hei op d’Zäit vun der Äntwert hin – wollt ee wuel kuerz virun Nationalfeierdag eng schnell Léisung an d’Gemengenzeitung setzen. Op ee sech elo wierklech konsequent an dauerhaft fir d’Cyclisten asetzt ass allerdéngs eng aner Fro.

Flashmob

© Shari Pleimelding/moien.lu

Aus dem Wee, si kommen!

D’Organisateuren hu sech ronn 20 motivéiert Vëlofuerer pro Dag erhofft. Komm sinn der awer ee gudde Strapp méi, wat och nees op den Zesummenhalt, mee och d’Problematik vun dësem Thema opmierksam mëscht. Quasi all „Flashmobber“ huet sech beim Zesummentreffen iwwert d’Situatioun vun de Vëlosweeër opgereecht, wouduerch si gären esou fréi opgestane sinn, fir un der Aktioun deelzehuelen.

Eng Cyclistin konnte mir beispillsweis mat zuelräiche Blessuren untreffen, déi si sech eréischt lescht Woch zougezunn huet. Ee Camion war wuel ze no laanscht de Vëlo gefuer, wouduerch d’Cyclistin uerdentlech erféiert ass an de Bord vum Trottoir geroden huet. Am Spidol ass dunn de Kräsi aus de Wonnen erausgepiddelt ginn.

Beim Flashmob sinn direkt e puer Tier zur muerentlecher Haaptverkéierszäit gedréit ginn. Mat Geschells a Getuuts wollt een op d’Aktioun opmierksam maachen, woubäi ee sech natierlech un de Code de la Route gehalen huet. Dat Ganzt ass dann och vun der Police aus sécherer Distanz observéiert ginn.

Iwwregens bezilt ee beim falsche Fueren op der Strooss eng Strof vun 145 €, um Trottoir läit ee bei 74 €. Dëst verleet dozou, datt de Cyclist – am Fall wou de Vëloswee net befuerbar ass – léiwer de Foussgänger behënnert, wéi een Auto.

Flashmob

© Shari Pleimelding/moien.lu

Den Hannergrond, erkläert vum LVI

Hannergrond ass deen, datt d’Ufro vun der Gemeng Stroossen nach muss vu verschiddene Ministeren autoriséiert ginn an et, bei der Ausféierung, just provisoresch fir 1 Joer ass.

Ausserdeem steet Stroossen elo representativ fir en allgemenge Malaise hei zu Lëtzebuerg: esouguer déi nei Vëlospisten si net mat Häerz a Verstand gemaach. Z.B. op der Stäreplaz, wou Dir als Vëlosfuerer op enger Streck vu 50 m 2 mol musst d’Gleiser kräizen an eemol carrement den berühmte „Vélo à la main” musst respektéieren. Op 50 Meter!!! Eng NEI INFRASTRUKTUR! Gëscht war ech Zeien vun enger Policeinterventioun hei an der Dusscher Strooss, wou e Vëlosfuerer 5Meter eragefuer ass an do bei senger Wunnengsdier vun 2 Polizisten op eng äusserst humilant Aart a Weis zurecht gewise gouf. D’Police huet dofir blo Luucht a Sireenen benotzt a si mat voller Vitesse a Vollbrembsung dofir de falsche Wee an d’Dusscher Strooss eragefuer – ech hat scho gehofft, se hätten elo endlech ee vun de sëllechen Dealer in flagranti erwëscht, mee neen et war en harmlose Vëlosfuerer deen do 5 Meter an de sens unique eragefuer ass bei seng Hausdier. Ausser him war kee Mënsch do ënnerwee. An e puer Meter weider gi fläisseg an ongenéiert Droge verkaf!

Dës Chasse aux „Vélos” muss ophalen, dat ass net zäitgeméiss, egal wat de Code de la Route (dee vläicht och emol misst de neie Gegebenheeten ugepasst ginn) dozou seet. D’LVI ënnerstëtzt dës Aktioun dofir och nach weider, HEI hire Communiqué

Selwer aktiv ginn

Och muer an um Mëttwoch Moie gëtt de Flashmob organiséiert. Den Treffpunkt ass nees um 7:30 Auer bei der Stroossener Gemeng – et kann een d’Memberen duerch den orangen T-Shirt net verpassen. Sollte keng kloer Moossname vun den zoustännegen Autoritéite fir d’Sécherheet vun de Cyclisten ergraff ginn, esou wäert ee nach weider mat esou Aktiounen op sech opmierksam maachen. Wéi amüsant de Flashmob war, kënnt Dir iwwregens uewen an der Billergalerie kucken!

Ähnlech Sujeten Cyclist, Flashmob, Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ, LVI, Vëlosweeër
Nächsten Artikel Virrechten Artikel